Bulli 2003_2

28
bulli bulli EDITEUR RESPONSABLE: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG Imprimerie Rapidpress bulli Summer 2003 LUXEMBOURG PORT PAYÉ P/S. 083

description

Aneil Bulli 2003_2

Transcript of Bulli 2003_2

Page 1: Bulli 2003_2

bullibulliEDITEUR RESPONSABLE:

Association Nationale desEtudiants Ingénieurs Luxembourgeois

4, bd Grande-Duchesse CharlotteL-1330 LUXEMBOURG

Imprimerie Rapidpress

bu

lli

Sum

mer

20

03

LUXEM

BO

UR

G

POR

T PAYÉP/S. 083

Page 2: Bulli 2003_2

Responsablen Editeur:Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL)4, bd Grande-Duchesse CharlotteL-1330 Luxembourgtél.: +352 45 13 54fax.: +352 45 09 32Internet Homepage: http://www.aneil.luE-Mail: [email protected]: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000

Dë Bulli kënnt 4 Mol d’Joer eraus, an huet eng Oplaag vun 500 Exemplären.

Redakteren:Mike Dusseldorf, Bob Greiveldinger, Olivier Jeitz, Pierre Mahowald, Françoise Quintus

Chefredakter:Olivier Jeitz

Layout:Olivier Jeitz

Drock:Imprimerie Rapidpress

D’Reproduktioun vun den Artikelen as grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugin gëtt. D’ANEIL as awer nët verantwortlëchfir de Gebrauch deen domatt kéint gemaat gin.D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur.Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gin vun Studenten, déi hier ANEIL’s Charge nierwt hieren eigentlëchen Studienerfëllen. Wéinst Zäitmangel as ët dann och nët méiglech eng perfekt Zeitung ze veröffentlechen.

Dëse Bulli as op recycléiertem an 100% chlorfräi gebleechtem Pabeier gedréckt gin.

IWWERSIICHT 2 / 2003

IMPRESSUM

3 Virwuert 4 Den ANEIL-Comité 2002 6 Visite bei Goodyear 8 Visite bei SIDEN10 Flughafen Düsseldorf12 Schoulaktioun14 Viste bei SEO18 Table Ronde20 Space Towers22 Déi lescht Rees vun der Concorde26 Déi mei leschteg Sait

Page 3: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

3

VirwuertVIRWUERT

Salut léiwe Lieser fum Bulli

Pünktlech éwei all Joer brengt d´Aneil d´Summer Editionfum Bulli fiir d’grouss Vakanz eraus. An des Kéier mat Berichteriwwert d´Table Ronde, déi Karfreideg um Cours Universitairemat groussem Succes statt fonnt huet, iwwert Goodyear´s Visitwou mir schlussendlech awer nach en Datum fonnt hun, an iwwertVisiten bei der SEO an SIDEN. Do dernierft fenns du nach enkriteschen Bericht iwwer Thema „Schoulaktionen“ wou d´Aneiloch dest Joer erem versicht den Schüler an Lycée classique anLycée technique den Ingénieursberuf méi no ze brengen. Dofirwaert d´Aneil an der grousser Vakanz probéieren en Projet fiireng Schoulaktion op Been ze stellen. Weider waerten mir ocherem die eng oder aaner interessant Visit an den Summerméintorganiséieren.

Et bléift mir elo nach just deenen, déi d´Examen schonsgeschriwwen an bestaanen hun, eng schéin Vakanz ze wenschen;deenen aaneren fill Spaas beim Léieren an fill Gléck an denKlausuren.

Äre Präsident

Pierre Mahowald

Page 4: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

4

Pierre MahowaldPrésident

Bob Greiveldinger Secrétaire 9, rue de Dippach L-8055 Bertrange Tel: 31 26 84

Chemin des triaudes 9420 CH-1024 Ecublens, Lausanne Tel: 0041/21/69 37 470

E-Mail: [email protected]

Georges Ihry Gestionnaire des fichiers 3, rue des Ligures L-1935 Luxembourg Tel: 25 17 05

10, an der Schanz D-52064 Aachen Tel: 0049/241/70 19 868

E-Mail: [email protected]

28, rue de LuxembourgL-8360 GoetzingenTel: 30 92 59

Hirschgraben. 25D-50062 AachenTel: 0049/241/99 66 053

E-Mail: [email protected]

Mike Dusseldorf Trésorier 85, rue de Welscheid L-9090 Warken Tel: 81 92 18

Haldenbachstr. 21 CH-8006 Zürich Tel:0041/1/2627827

E-Mail: [email protected]

DEN ANEIL-COMITE 2003

Olivier Jeitz Délégué aux publications 10, rue Joffroy L-4992 Sanem Tel: 59 10 19

Kurt-Schumacher-Str. 14 D-67663 Kaiserslautern Tel: 0049/631/311 59 07

E-Mail: [email protected]

David Heyman Délégué aux programmes d’échanges 23, am Wangert L-6931 Mensdorf Tel: 77 05 29

Gonville & Caius College, Trinity Street, Cambridge CB2 1TA Tel : 0044/0/7890 77 17 57

E-Mail: [email protected]

Françoise QuintusDélégué aux relationspubliques13, rue Adolphe RedingL-5874 HesperangeTel: 36 90 81

29, avenue de la FacultéB-5030 GemblouxTel: 0032/81 61 46 94

E-Mail: [email protected]

François Theis Vice-Président

4, rue de la Liberté L-8020 Strassen Tel: 31 63 93

Haldenbachstr. 2 CH-8006 Zürich Tel: 0041/1/25 28 960

E-Mail: [email protected]

Page 5: Bulli 2003_2

PUBLICITÉ

ARCELOR

Page 6: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

6

Visite bei der Goodyear (30. Mee 2003)

Een kuerzen Reckbleck op d’Visite bei der Goodyear

Freides den 30. Mee woor et endlech souwait… Nodeems mer et nitt méi ronn bruecht hunn fir Karfreidegeis traditionell Visit bei der Goodyear ze organiseieren, konnten mer des dunn nohuelen.

Fiir d’éischt e kuerzen Mot de bienvenue vum Direkter vum GTC*L, dem Jean Bergh, fiir eis de StanduertLetzebuerg ze presentéieren : Am Technical Center Letzebuerg schaffen eng ganz Crew un Ingenieuren,Dr. Ingenieuren an aanert Fachpersonal un der Entwecklung an der Weiderentwecklung vun den Pneuen.Just fir sech emol virun Aan ze haalen, dass een Pneu nitt nemmen daat Steck Gummi ass, waat um Autodrun ass, mee usech een ganz komplexen Deel vun engem Auto ; deen eenzegen Kontakt tescht demAuto an der Strooss (am Normalzoustand ;-) ) ass den Pneu. Daat heescht, bei all Bewegung dei denAuto ausfeieren soll, sief et Beschleunegen, Bremsen oder Lenken gett op den Pneu eng Kraft ausgeübt.An bei all desen Bewegungen soll den Pneu den Auto op der Strooss haalen, am Naassen, am Schneioder am Drëchnen. Dest ginn Ufuederungen un een Baudeel, wou sech verschidden Effekter deelweisam Geigensaatz stinn, an vue dass een nitt fir all Wieder een annere Pneu op den Auto monteieren kann,gelt et hei een Optimum an der Gummimëschung, dem Profil, oder och der Struktur vum Pneu ze fannen.

Duerno goufen dei 20 Participant’en mamm Bus op den Rouscht gefouert, dest fir eng Visite vun denTestlaboren vum TVET. Hei gett enner aanerem ennersicht, wei den Pneu zesummen mamm Autoharmoneiert. All Auto huet schliesslech eng anner Ophängung, een anneren Chassis ; fir awer een maximalenFuercomfort ze geneissen, ass et wichteg dass Vibratiounen an Kameidi deen vum Pneu ausgeetwäitesgehend gedämpft gett. Duerfir ginn et och do verschidden Standradtester dei gemeet ginn, fir heigenee Detailler iwwer d’Verhaalen vum Pneu ze kreien. Enner annerem huet d’Goodyear hei een Noise-Lab, een extrem schallgedämpften Raum wou keng Geräicher vun baussen iwwerdro ginn, an och allGeräich vun bannen greisstendeels absorbeiert gett, sou dass een kann den Geräichpegel vun engemPneu moossen, an dest op verschidden Stroossenbeleg. Duerfir gett den Auto och op een 3 Metergrousst Rad gesaat, waat matt verschidden Stroossebeleg beschicht ass. Wann d’Rad ugedriwwen gettass et meiglech genee “Sound-Analysen” ze maachen. Weider impressionnant woor nach den mobilenTest-truck, matt deem et meiglech ass een agespaanten Pneu op d’Strooss roofzepressen an deen dannwährend enger Fahrt mamm Truck ze testen, an verschiddenen Situatiounen. Souguer eng eegenBenetzungsanlaag huet den Camion, sou dass d’Stroossen bei Bedarf kennen naass gemeet ginn, fiir soud’Verhaalen vum Pneu op naasser Stroos ze testen. Selbstverständlech ass deen Camion matt der neidegerInfratruktur ausgestatt fir live Daaten oofzeruffen an ze analyseieren.

Weider goung et nom Labo matt enger Fahrt iwwer d’Testpist an enger Visite vun der ‘Glasplate’. Destass eng Ariichtung, wou eng Photo gemeet gett wann den Pneu iwwer des Glasplack fiirt. Mattverschiddenen Techniken kann een sou gesinn, wei den Pneu op der Strooss läit, d’Verformung and’Oberfläch vum Pneu bei verschiddenen Vitessen analyseieren. Interessant woor ze gesinn dass bei120 km/h wiirklech vill Profil vum Pneu den Buedemkontakt verluer huet… waat natiirlech dei allfällegGefooren matt sech brengt.

Page 7: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

7

No der Visite vun der Testpiste an der obligater Photo kruuten mer dunn nach eng kleng Stärkung éiermer weider gaangen sinn an den Lab B : Dëst ass och een Testlabo, allerdengs ouni Auto mee mattWalzen, geint dei den Pneu gepresst gett an dei dann den Pneu undreiwen. Hei kann dann zum Beispilleen Test d’endurance gefuer ginn, d’Laascht um Pneu kann hydraulesch geännert ginn … Dëst erlaabtzimmlech genau Analysen um Pneu, op länger Dauer, mee ‚machine controlled’, an eventuell an surrealenBedingungen, dh dass den Pneu op mei Laascht gefuer gett wei een Camion kann droen. Interessantwoor een Test matt engem Pneu op héigen Vitessen : Matt engem Stroboscope kann een den Pneu souvirtuell stoen loossen an et gesäit een an wei engen Beräicher den Pneu stabil ass, respektiv wou Defekterkommen. Insbesonders bei mei héighen Vitessen, an deem Beräich wou den Pneu am Fong nitt meigefuer gett (ech mengen domatter iwwer 300 Stonnekilometer….) fänkt dei ganz Struktur vum Pneu undermoossen beusprocht ze ginn dass sech Plaazeweis Bloosen bilden. Den Gummi verdréit dei héighKräften bei desen Geschwindegkeeten nitt méi, d’Drootstruktur ennert dem Gummi fänkt och un sechennert deem enormen Drock ze verformen… Duerfir dauert et och nitt laang bis den Pneu an deemBeräich dann och tatsächlech platzt.

Als leschten Highlight kruuten mer dann daat allerneiesten Prunkstëck vun der Goodyear gewisen : Matthierem Computertomograph kennen sie mëttels Röntgenstrahlen direkt an d’Struktur vun engem Pneurakucken, dest selbstverständlech enner Belaaschtung. Sou kann een online evalueieren wei eng beräicherStärkten, an wei eng Schwächten hunn. Matt engem konkreten Bild vun den Verformungen, destinsbesonders vun den verschiddenen Schichten, di de Pneu zesummen haalen, kritt een ee vill mi konkretBild, wou een muss d’Carcasse verstärken an wou dei verschiddenen Couchen mussen besser uneneenugepasst ginn.

Nodeems mer dunn all weider keng Froen mei haaten, sinn mer vum Herr Bergh an senger Crewverabschied ginn. Ech well der Goodyear’s-Direktioun, insbesonders der Mme Leverd, op deser Plaaznach eemol Merci soen dass mer hunn dierfen een Blëck hannert d’Kulissen geheien.

Vum Mike Dusseldorf

Visite bei der Goodyear (30. Mee 2003)

Page 8: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

8

Visite bei SIDEN (25. Juli 2003)

D’Visite bei SIDEN

En Freideg den 25. Juli stoung d’Visite vun SIDEN an d’Haus.SIDEN steet fir Syndicat Intercommunal de Dépollution des Eaux résiduaires du Nord an huet sainSiège op der Bleesbréck hannert Dikkrëch.Den Direkter, den Jean-Pierre Feller huet eis empfaang an eis bei engem Patt iwwert den aktuellen Standvun SIDEN opgeklärt. Och wann bei deenen héigen Summertemperaturen sou munschereen sech d’Nuesmisst zouhaalen, sou hun mir eis eng Visite vun der Kläranlag net entgoen geloos !Mee elo mol zu den aktuellen Fakten !

Wéi eng Funktioun huet SIDEN ?

D’Kläranlag op der Bleesbréck besteet zenter 1963 an war ursprünglech fir d’Klärung vun den Oofwässservun Dikkrëch an Ettelbréck firgesinn.Mat der Formatioun vum Syndicat SIDEN 1994 huet sech desen Réseau iwwert 16 Gemengenausgebreet an zenter hier kommen der emmer méi dobai.D’Ziel vun SIDEN ass ët d’Oofwässer vum ganzen Norden ze traitéiren.Haut besteet den Réseau aus 30 km Collecteuren, déi 26 Siten mat der Bleesbréck verbannen.D’Capacitéit vun der Anlag lait bei 30.000 m3/Daag.

Wéi fonktionnéiert eng Kläranlag ?

D’Dépollutioun vum Waasser geschitt an 2 Phasen : eng mechanesch Phase an eng biologesch Phase.D’Waaser aus den Kanalisatiounen leeft durch eng Vanne déi den Débit réguléiert an d’Anlaag eran.Dëss Vanne évitéiert dass bei excessivem Reen d’Anlaag iwwerlaascht gët. An deem Fall staut sechd’Waaser am Kanal. Am Summer ass d’Charge vum Waasser zimmlech héich. Daat heescht dassd’Oofwasser nëmmen wéineg verdënnt ass.Een Reech fëscht all Ooffall deen méi wéi 15 mm grouss ass eraus. Et ass baal nët auszedenken, waateen do fiir Saachen eremfënnt ! Den Geroch ass och dementspriechend … !Den Ooffall gët zu enger décker Wurscht gepresst an op den Tipp (SIDEC) hehait.

D’Waaser gët dann durch 6 Pompelen op 12 Meter Héicht gepompelt fir dann durch d’Schwéierkraaftdurch déi verschidden Baséngen ze fléissen.

Am 1. Baséng gët d’Fett an den Sand vum Waasser getrennt.Dann leeft d’Waasser an déi «1. Biologie». Hei fënnt wéi den Numm et schon seet, déi biologeschPhase vun der Dépollutioun statt.Dësen aerobëschen Prozess ass durch Mikroorgansismen méigleg, déi sech vun den organeschenSubstanzen am Waasser ernähren. D’Waasser muss dofiir permanent belëfft gin. Déi gréisst Charge gëtenner Form vun Kuelenstoff éliminéiert.

No der 1. Biologie leeft d’Waasser an een éischten «Décanteur». Dësen besteet aus 2 ronnen Baséngenwou sech den Schlamm (bestehend zum groussen Deel aus Mikroorganismen) um Gronn oofsetzt. Enggrouss Raclette dréit ronderem an sammelt den Schlamm an fir en an der 1. Biologie ze verwerten.

Page 9: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

9

Währenddessen leeft daat +/- geklärtent Waasser iwwert den Bord vum Baséng eraus an gët an déi «2.Biologie» dirigéiert. D’Bakterien an dësem Baséng verwandelen den NH4+ an NO3- (Nitraten). DenNH4+ ass indirekt schlecht fiir d’Fësch well en vum O2 am Waasser oxidéiert gët. D’ Sauerstoff -Konzentratioun geet dann an den Flëss eroof, waat een negativen Impakt op d’Fësch huet.Iir d’Waasser an d’Sauer leeft, gët ët nach eng zweete Kéier décantéiert.

Daat ass nach nët alles !

Déi ganz Statioun gët zentraal per Computer gesteiert. Dësen Computer-Réseau erméiglëgt och d’Kontrollan d’Steierung vun aaneren Installatiounen vun SIDEN. Permanent gin déi bio-chemesch Propriétéitenvum Waasser on-line gemooss, fir den Dépollutiounsprozess optimal un d’Charge vum Waasserunzepassen. Enner Aanerem gët hei den Sauerstoffgehalt vum Waasser gemooss.

Waat geschitt mam Schlamm ?

Een Deel vum Schlamm gët an der «Biologie» verwert. Mais ët gët es ëmmer méi vu que dass sechd’Bakterien vermehren wann een se gudd fiddert.Deen excessiven Schlamm gët gesammelt an an enger Centrifugueuse geschleidert fir d’Waasserz’éliminéiren. Dann gët den Schlamm während 21 Deeg an sougenannten Faultiirm oder Faulsiloen gelagert.Bei 35°C zersätzt sech den Schlamm an engem anaerobëschen Prozess. Dobai gët CO2 an CH4 (Methan)frai, deen als Biogas fir d’Heizung vun den Faultiirm benotzt gët.D’Endprodukt ass eng +/- organesch Mass aus doudegen Mikroorganismen.Des Mass gët nach engläschte Kéier geschleidert nodeems Polyélektrolyten baigemescht gin sin. Durch hier Charge gin si vumSchlamm ungezunn an d’Waaser gët oofgewisen. Dëst vereinfacht d’Trennung vum Waasser. 20 % vuminerten Schlamm gët am Ausland verbrannt an den Rescht gët bei Soil-Concept um Friedhaff compostéiert.

Futur-Projeten vun SIDEN

Eng «3. Biologie» ass fiirgesin fiir d’Dénitrifikatioun vum NO3- an N2. Mee leider ass den Budget fiir engschnell Moderniséirung limitéiert, sou dass se sech nach iwwer Joren wert hinzéihen.

An zum Schluss een gudden Root !

Et ass fiir déi meeschte Lait schwéier fiirzestellen, wéi wichteg d’Propretéit vum Waasser ass, well e fiireis an deenen entwéckelten Länner selbstverständlesch ass.Mais an deenen aarmen Länner feelt leider déi finanziell Ennerstëtzung fiir Sanitäranlagen ze bauen.Nach ze vill Lait stiewen un der Cholera well hiert Drénkwaasser mat Keimen verseucht ass.D’Dépollutioun vum Waasser ass eng ganz delikaat an virun allem eng ganz deier Affaire, dorun denkteen oft nët.Wann der also d’nächste Kéier är Spull maat, dann passt op waat der an den Spullsteen gehait an siddspursam mam Spullmëttel. D’Natur wert iech merci soen !

Fiir wieder Infoen iwwert SIDEN : www.siden.lu

Vum Françoise Quintus

Visite bei SIDEN (25. Juli 2003)

Page 10: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

10

Flughafen Düsseldorf

Neues Terminal am Flughafen Düsseldorf

Der Bau am Düsseldorfer Flughafen war und ist eine Baustelle ganz besonderer Art. Nicht nur ihr Umfang,auch die Bedingungen, unter denen gebaut werden musste, forderten planerische Meisterleistungen. DerBau wurde bei laufendem Flugbetrieb durchgeführt. Ein Projektteam von etwa 100 Projektmanagern,Fachplanern, Bauleitern, Kaufleuten und Polieren arbeitete 31 Monate.

Die Baumaßnahme, mit einem Auftragsvolumenvon ca. 340 Mio. Euro, umfasst die Erweiterungdes Zentralgebäudes vor den Flugsteigen A undB, Neubau des Flugsteig B und einer Tiefgarage,sowie die Umgestaltung der Verkehrsanbindung.Im nächsten Jahr wird auch die Erweiterung desZentralgebäudes vor Terminal C zum Ende

kommen. Ein besonderes Merkmal des Zentralgebäudes ist die gewaltige aber filigrane Dachkonstruktion.Sie besteht aus großflächigen Glaselementen auf einer Tragkonstruktion aus gekrümmten Dreigurtbindern.

Auch der Flugsteig B wurde mit großen Glasflächen ausgeführt, die den Besuchern einen Blick auf dasFlugfeld ermöglichen. Der neue Flugsteig ist mit 170 m Länge und 70 m Breite ca. vier mal so groß wiedas alte Terminal.

Aber nicht nur oben, auch am Boden gibt es etwas zu bestaunen. Betritt man das Zentralgebäude, fälltder Blick sofort auf den spiegelglatt glänzenden Boden, der an einen Palast erinnern mag. Es handelt sichum chinesische Granitplatten mit denen 36000 m2 Boden ausgekleidet wurden.

Nicht zuletzt ist noch das ausgeklügelteBrandschutzkonzept zu erwähnen. Von minimalenBrandlasten über Brandabschnitte, Brandmeldetechnikund Entrauchungsanlagen bis hin zum „IntegriertenGefahrenabwehr-Management“ gelten hier strengsteSicherheitsauflagen. So sind zum Beispiel für denGebäudeausbau sowie für alle fest installiertenEinrichtungsgegenstände nur nicht brennbare Materialienzugelassen. Polster und Stuhlbezüge müssen bestimmtenSicherheitsbedingungen gegenüber Entzündung genügen.

Es wurde ein Entrauchungskonzept entwickelt, welches in „Rauchversuchen“ am Modell und auch imTerminal getestet wurde. Die Entrauchungsanlagen werden im Brandfall automatisch aktiviert und derRauch kann so innerhalb kurzer Zeit abgesaugt werden. In Treppenhäusern und Aufzügen wurde zusätzlicheine Überdruckbelüftung eingebaut. Außerdem fahren die Fahrstühle im Brandfall automatisch eine sichereEtage an. Dies alles steuert das Alarm- und Informations-Management-System“, welches speziell fürden Flughafen Düsseldorf entwickelt wurde. Evakuierungsanlagen und dynamische Fluchtwegleitsystemeim Boden werden ebenfalls von diesem „Management den System“ gesteuert.

Page 11: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

11

Flughafen Düsseldorf

Die Bauausführung:

Ein problematisches Verkehrsumfeld, beengte Platzverhältnisse, strenge Sicherheitskontrollen und dieForderung nach einem möglichst störungsfreien Flughafenbetrieb machten eine ausgefeilte Planung derBauabläufe erforderlich. Unterschiedliche Bauzustände mit geänderten Verkehrsführungen, wechselndenBaustelleneinrichtungen und Provisorien waren notwendig.

Besondere Komplikationen gab es beim Abbruchim Bereich um den Tower, der während dieserZeit in Betrieb blieb. Die Arbeiten mussten sovorsichtig und vibrationsarm erfolgen, dass diesensibelen Geräte der Fluglotsen nicht gestörtwurden. Für den Abtransport der knapp 200.000m3 ausgehobenen Erde wurden ca. 16.000 LKWLadungen benötigt. Dazu war ein Baustellen -

Versorgungsplan notwendig, der festlegte, wann und über welche Wege Materialien abtransportiert bzw.angeliefert wurden.

Da kaum Lagerplatz zur Verfügung stand, wurden in der Nähe des Flughafens Sammelplätze undZwischenlager angelegt. Von dort aus konnte die Baustelle kurzfristig beliefert werden. Die teilweise überdas Vorfeld fahrenden LKW’s mussten den sogenannten „Follow Me“ den Autos folgen, die eigentlichzur Einweisung von Flugzeugen benutzt werden.

Ein weiteres Problem stellten die vielen Kräne dar. Da bis zu12 Hochbaukräne gleichzeitig eingesetzt wurden, gab esPlatzprobleme. Auch die Sicht der Fluglotsen sowie das Radardurften nicht beeinträchtigt werden. Die Baukräne mussten daherhöhenmäßig gestaffelt werden und im Towerbereich wurden nurMobilkräne eingesetzt.

Quelle: Maulwurf - Ausgabe 2/2003 (RWTH-Aachen)

Page 12: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

12

Schoulaktioun

Fir eng konstruktiv Informatiounspolitik bei denSchüler vun IIe an Iere…

Säit enger Koppel vun Jooren ass an Richtung Informatiounen iwwert d’Universiteiten an den heitegenLycéen nitt mei vill gelaaf. D’ANEIL freet sech emmer rem an den LCD agelueden ze ginn fir do Reklammze maachen fir den Ingenieur an Nnaturwessenschaftlechen Studium… Allerdengs ass dëst Invitatioun,matt Ausnahm vun Esch 2002, dei eenzeg dei mer an den leschten Jooren kruuten.

Em waat geet et? Eng ANEIL-Emfro aus dem Joer 2000 huet erginn, dass d’Schüler vun IIe an Iere sechschlecht bis guer nitt informeiert fillen iwwer daat waat sie dei Jooren dono erwaart, haaptsächlech waateen Studium am Ausland betrëfft. D’ass jo jo schein an gudd op enger Foire de l’étudiant een Moienlaang BIC’er ze sammelen, an eventuell een oder deen anner Ancien remzegesinn, deen probeiert opsengem Stand Reklamm fir sain Cercel an seng Uni ze maachen… Mee geet daat duer?

Am LCD gouf virun Jooren d’”Journee ANEIL” agefouert. Dëst haat zum Ziel, des Messstänn ze behiewenan den Schüler Meiglechkeeten ze ginn, allfälleg Froen schons virun der Foire lasszeginn, dass een alsSchüler optimal virbereed kann op der Foire bei spezifeschen Stänn dei allerlescht Zweifel lassginn. Firdem Schüler eng gewessen Secherheet ze ginn, wooren op desen Journee’n haaptsächlech Ancien’endo, dei an den leschten 3-4 Joer hier Premiere zu Dikkrich kruuten… well-known faces also. Bei Leit deieen kennt, matt deenen een well beim Deo een zesummen gedronk huet oder wei och emmer leicht secheeben mei liicht diskuteieren, an et ass een vill mei ongezwongen och emol penibel Detailfroen lasszeginn.Un dëser Variant gouf an den Jooren emmer bessen gefeilt an geännert, mee grosso modo steet d’Konzept!

Ech woor als Vertrieder vun der ANEIL dei lescht Jooren emmer zu Dikkrich präsent an konnt mechdovunner iwwerzeegen, dass daat do een Konzept ass, deen dem Schüler eppes hellefen kann. Secherlechfunktionneiert et nemmen, wann den Schüler mattschafft, mee den Dikkricher SPOS gett sech Mëi, demSchüler sou wait wei meiglech entgeint ze kommen dass wiirklech den Schüler am Fehler läit an nitt d’Artvun der Organisatioun…

Waat kann dobäi schiefgoen, wann een un sou Konzepter schafft? Erfahrungsgemeiss kann ech soenvill… duerfir ee puer Fehler, dei een onbedengt beim Ausschaffen vun engem Konzept muss eviteieren :

· Een Virtraag vun enger halwer Stonn an mëi huet zur Folleg, dass dei eischt sech dovunnermaachen an bei dei an den Bistrot setzen ginn die schons guer nitt komm sinn….

· Een Schüler stellt ongaeren Froen, an schons guer nitt an engem groussen Sall wou all dei annernolauschteren… Duerfir hinnen d’Meiglechkeet ginn an eenzelnen Gruppen, getrennt noStudienrichtung z.B., op d’Vertrieder vun daer Zunft anzegoen. Eenzelgespreicher sinn oft dannganz kreativ.

· Een Schüler stellt och ongaer Froen un een deen en nitt kennt… bekannten Gesiichter sinn aweroft gudd fir een Gespreich ze initieieren, awer och een grond fir Schüler dozehaalen… well seeeben nach mussen matt deenen Leit fachsimpelen dei se eventuell eng Zäit nitt mei gesinn hunn.

Page 13: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

13

Schoulaktioun

Secherlech ass villes Verbesserungsfäheg, an ech denken dass villäicht och d’Inhalter an d’Zieler vun souenger Aktioun mussen genee iwwerduecht sinn. Et geet nitt nemmen duer d’Leit zesummenzetrommelenan dann ufänken wei een Waasserfall ze schwätzen, mee et muss een weider ganz präzis an kuerz gebündeltInformatiounen an engem Virtrag ginn. Deen Moment wees den Schüler wou en drun ass, an wees wouen weider Detailler froen kann. Idealerweis stellt en seng Fro direkt noom Virtrag, oder awer och amklengen Krees no der Podiums-Diskussioun, speitestens awer op der Foire de l’étudiant… (Stillschweigendugeholl dass dës Maniff am Ufank vum Schouljoer stattfënnt). Mir als ANEIL waerten eis op alle Fall beider ACEL asetzen, dass eppes am Interet vum Schüler gemeet gett!

Zum Schluss nach een klengen Auszuch aus engem Message um Message Board op www.acel.lu :(vum anonymous)

“(…) Ausser dass ons gesoot gouf mier sollten an den Cedies goen, oder ob eng informationsstonndoriwer ze waarden ass naischt geschitt. An der saugenannter infostonn krutten mer dann engonverstaendlech reglementation viergeluegt iwert Bourse an den Pret an erklärt wei een daat sollt unfroen.Froen iwert orientation an Logement sin beim beschten wellen NET beäntwert gin, mee mer kruuten altrem bichelcher ausgedeelt, an dun sollten mer eben eens gin.(…)Leider gottes kann een jo net erwarden dass engem 2 joer vun sengem liewen zereckerstatt gin. Deitraureg wourecht ass awer dass ech baal 20 leit kennen dei der nämlechter meenung sin (net all ob dernämlechter uni) an sech loo reicht kloer gin sin waat se wierklech wollten maachen, mee leider deemolsdei informationen net haaten. Just als klengen denkunstouss, weivill kascht et sech zait ze huelen fierStudenten, an par contre weivill kaascht et den Ministär onneideg Boursen ze verdeelen weinst engemMangel un Informatiounen?Et get deck Zait dass eppes geschitt!! “

Vum Mike Dusseldorf

Page 14: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

14

Visite bei der SEO (20. Juni 2003)

Visite bei der SEO zu VeianenFreides, den 20ten Juni firun Nationalfeierdag, huet d´Aneil SEO (Société Electrique de l´Our)

zu Veianen besicht. Mir goufen beim Chalet fun der Madame Van Maris empfangen die eis fir dei naischt2 Stonnen en interessanten Betrieb sollt fiirstellen.

Als eischt kruten mir en Film gewissen. Deenhuet sowuel Entstehungsgeschicht, wie och den Prinzipan Funktions Art a Weis fun demPompelspeicherwierk erklärt.

1959 war endgülteg decidéiert, dass hei zuLetzebuerg en Pompelspeicherkraftwierk géif gebautgin. En Pompelspeicherkraftwierk erméiglecht etSpetzenstroum hierzestellen. Mettels bellegem Nuets-oder Daagesstroum pompelt een Waaser op en Biergan léist et zu Zeiten wou een en enorm héichenStroumbedarf huet erem erooflaafen fiirSpetzenstroum ze produzéieren.

Veianen gouf als Standort gewielt well een hei eng ganz gensteg topographesch Laag huet mattenan groussen Industriegebieter vun Nordwesteuropa. Nierft engem Floss fennt een heiwasserondurchlässegen Schiefer deen beim Bau fun engem Staubecken grouss Fiirdeeler mat sech brengt.Zu Veianen war et och net néideg op Grond fun der geringer Bevölkerungsdicht fill Leit emzesiedelen.

Nierft Letzebuerg an Deitschland hun och Länner ewei Belsch, Frankreich, Italien, Holland,Norwegen, Eistreich an Schweiz bei der Realiséierung fun dem mega Projet matgewierkt. Schliesslechsollt zu Veianen daat gréissten Pompelspeicherkraftwierk fun der Welt entstoen. D´Haaptaktionäre funder SEO sin d´Groussherzogtum Letzebuerg an d´RWE Power AG aus Deitschland.D´Pompelspeicherwierk fun Veianen ass un d´Heichspannungsnetz fun der RWE Power ugeschloss. Soukritt SEO och den beinéidegten Pompstroum fiir Speicherpompelen fun der RWE an liewert der RWEden produzéierten Spetzenstroum.

Wei schons gesoot war 1959 Plangen faerdeg an am Hierscht goung et lass mat den Aarbechten,die knapps 5 Joer gedauert hun.

D´Kavernenkraftwierk mat 9 horizontalen dreideelegen Maschinenaggregater vun je 100000kw Turbinenleeschtung besteet aus 3 Haaptbauwierker:

· d´Uewerbecken um Niklosbierg mat 2 künstlechen Speicheren· d´Ennerbecken, daat aus engem natierlechen Stau an enger iwwerhalb fun Veianen

erbauten Staumauer, besteet· d´ennerierdescht Kraaftwierk, daat duerch 2 gepanzert Drockleitungen mam

Uewerbecken an duerch 2 Ennerwaaserstollen mam Ennerbecken verbonnen ass.

Page 15: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

15

Visite bei der SEO (20. Juni 2003)

Nodeems die 9 Maschinen a Betrieb geholl waren huet sech schnell erausgestallt dass een nachmei Spetzenstroum bréicht an och kéint produzéieren. Doweinst ass dann Decision fiir den Bau fun enger10. Maschin ganz schnell geholl gin. Fiir déi 10. Maschin gouf en extraen Schacht gegruewen. Ochbesteet des Maschin net aus 3 Deeler mee nemmen méi aus 2 an huet eng Turbinenleeschtung fun200000 kW. Sie ass och mam Uwerbecken duerch eng eegen Leitung an mam Ennerbecken duerch eneegenen Waaserstollen verbonnen.

Maximal kann zu Veianen 1600 GWhEnergie produzéiert gin, während deems een2160 GWh Energie brauch fiir d´Waaser ausdem Ennerbecken an den Uewerbecken zepompelen, also en Wirkunsgrad fun 74%erreecht. Den Zyklus fum Pompelspeicherwierkbesteet aus 7 ¼ Stonnen Pompelbetrieb an 4¼ Stonnen Turbinenbetrieb.

No dem Film sinn mir a RichtungKarvern gangen. Mme Van Maris huet ons nacherklärt dass den Ennerbecken eng Längt fun 8

km huet an 10 Mio. m3 Waaser faast. D´Staufläch sinn ongeféier 100 ha. D´SEO leet groussen Wertdrop dass hei en ökologescht Gleichgewiecht besteet. Am Tunnel kritt een als Visiteur (et sinn deremmerhin zweschen 80 000 an 100 000 pro Joer) interessant Informationen iwwer die verschiddenEnergiehierstellungsprozesser. Op enger Makett kann een sech en genauen Iwwerbleck fun der Laagfum Uewerbecken, dem ennerierdeschen Stollen andem Verlaaf fum Ennerbecken maan. Op Fotoenkonnten mir mat Erstauenen feststellen dass dieenglesch Queen der SEO schon en Besuch erstatthuet. Schlussendlech waren mir bei der Schaltzentralukomm wou een an d´Haapkavern kann erangesinn.Mat enger Gesamtlängt fun 330 Meter, enger Breetfun 17 an enger Heischt fun 30 Meter ass et schonsen impressionant Bauwierk daat ganz aus dem Fielsgesprengt gouf. Hei stinn dann die 9 Maschinen eng

Page 16: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

16

Visite bei der SEO (20. Juni 2003)

nierft deer aanerer. All Maschin besteet aus enger Francisturbin, engem Motor-Generator, engerZännkupplung, enger Pelton-Anwurtturbin an enger zweestufeger, duebelfluteger Speicherpompel. Dieeenzel Maschinen gin fun der Schaltzentral gereegelt, wou permanent een Aarbechter alles iwwerwaacht.Leider gouf un der éischter Turbin geschafft sou dass et ons net méiglech war an Kavern selwer erofzegoen.

Als lescht sin mir nach op den Niklosbierg gefuer. No 105 ustrengenden Stufen waren mirschlussendlech uewen. 2 rieseg Becken, wou deen een 3 000 000 m3 an deen aaneren 3 800 000 m3

faasen. Mme Van Maris huet ons nach erläutert dass eng 140 Leit bei der SEO zu Veianen schaffen annach eng kéier em die 40 an der Verwaltung an der Staat.

Zu gudder lescht géif ech Geleenheet Notzen fiir der SEO an firun allem der Madame Van MarisMerci ze soen fiir déi interessant Visit. Och wéilt ech nach erwähnen dass jiddfereen deen net derbei waran sech eng kéier Kavern wellt ukucken goen daat all Daag zweschen 9.00 an 21.00 Auer kann maan.

Vum Pierre Mahowald

D’ANEIL am Internet:

www.aneil.lu

Page 17: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

17

PUBLICITÉ

PAUL WURTH

Page 18: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

18

Table Ronde

Table Ronde 2003

Et ass schon eng richteg Traditioun gin - d’Table Ronde vun der ANEIL. Wei all Joers huet dest TreffenKaarfreideg, den 18. Abrell 2003 um Centre Universitaire stattfonnt. Hei hun sech Représentant’en vundeenen verschiddenen groussen letzebuergeschen Firmen mat deenen Ingénieursstudenten getraff, deioofgeschloss hun, oder an absehbarer Zait oofschleissen, an dofir op der Sich no enger Plaatz sin. Vunder Table Ronde hun awer och Studenten vun aaneren Semester, dei op der Sich no engem Stage sinprofitéiert.

Nierft engen 25 Studenten waren och folgend Firmen op der Table Ronde vertrueden: Accenture,Accumalux, Arbed/Arcelor, CFL, Dupont de Nemours, IEE, Ministère de la Fonction Pub., Paul Wurth,Luxair an Rotarex.

An enger Brochure, dei extra fiir d’Table Ronde erausbruecht gett, sin d’Profiler vun deenen Entreprisen,dei op der Table Ronde vertratt sin, mee och vun villen aaneren aus dem Land beschriwwen. Hei kennend’Studenten zum Beispill noliesen weivill Ingénieuren an deenen 3 nächsten Joren agestallt wärten gin,oder Informatiounen iwwert Conditiounen dei Ingé-nieuren fir dei eenzel Betrieber erfellen mussen. DessBrochure gett am Ufank vun der Table Ronde u jidfereen verdeelt.

Wei all Joers gouf d’Table Ronde mat engem Viirtraag iwwert een aktuellt technescht Thema eröffnet:dest Joer stoung een Viirtraag vum Pierre Schmitt iwwer d’Renaturatioun vun der Uelzecht um Programm.Dës Aarbechten goufen zu Walfer réaliséiert, wou d’Firma Schroeder & Associés sech souwuel emd’Ausschaffen vum Konzept an den Entworf vun de Pläng, wi och em d’Exécutioun vum Projet bekemmerthuet.

D’Noutwendegkeet vun esou engem Unternehmen lait op der Hand, zumols fiir déi Leit aus der betraffenerRegioun (Walfer, Bereldeng), denen d’Waasser all puer Joer wuertwiertlech „bis zum Hals“ stoung. IwwerJoerzengten ass d’Uelzecht kanaliséiert a begradegt gin, ouni Rücksicht op irgentwellech Konsequenzen.Di natiirlech Meanderen sin also emmer méi verschwonnen, waat mat sech brengt, dass d’Flossbettemmer méi schmuel gett, d’Waasser emmer manner Plaatz huet, an bei staarkem Reen méi schnell iwwerd’Ufer trëtt. Mee et ass net nemmen d’Angscht virun Iwwerschwemmungen, di zu sou Aarbechten motiveiert; Argumenter wi ‚neie Liewensraum fiir Fauna a Flora schaafen’ oder ‚Verbesserung vun derWaasserqualitéit’ sin net manner wichteg.

Sou huet d’Gemeng Walfer sech dee Spass och su munches kaschte gelooss ; ee respektabelen Millioune-Betrag (an Euro ausgedreckt, wuel verstaan) gouf investéiert. Et muss awer erfiirgehuewe gin, dass sitatkräfteg ennerstetzt goufen vum Ministère de l’Intérieur an dem Ministère de l’Environnement, diselbstverständlech hannert esou Renaturéirungs-Projet’en stin.

Renaturatioun heescht net nemmen dass den Tracé vum Floss modifizéiert gett, fiir esou seng Gesamtdistanzmi grouss ze maachen, mee och dass d’Bett u sech erweitert gett. Sou entstin extreem fiicht Zonen, di fiireng ganz Rei Insekten a Vullen indispensabel sin. Och wann de Projet réischt virun e puer Méint oofgeschlossgin ass, si schon éischt Resultater do, di en considérablen Succès opweisen, an ze verstoe gin, dassd’Natur sech duerchaus schnell erhëllt, subaal se d’Chance dozou kritt.

Page 19: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

19

Table Ronde

Ee besonnescht Augenmerk huet den Här Schmitt op d’Gestioun vun esou engem Projet geluecht. Vudass eng Panoplie vun verschiddenen Disziplinen vertrueden sin, wi zum Beispill Hydraulik (Elaboratiounvum Floss-Tracé), Statik (et ass eng Breck gebaut gin fiir den direkten Access zu der Zone Industrielle zeerméiglechen, di just hannendru lait), a schliesslech Emweltwessenschaft (Verständnis vunErosiounsphénomäner, etc), lait deen eigentlechen Knackpunkt an der Koordinatioun tescht all dëseneenzelnen Domainer.

Bleiwt nach ze soen, dass de Mensch hei am gaang ass, d’Fehler aus der Vergaangenheet (Zestéierung vuLiewensréim, fiir de bellegen Terrain optimal fiir Industrie notzen ze kënnen) rem gutt ze maachen ; destmat engem immens héighen (finanziellen) Opwand, wi schon erwähnt ; eigentlech kinnt een aus deeneFehler léieren, vlaicht ass daat jo och de Fall...

No desem intressanten Viirtraag haaten dunn d’Studenten an d’Représentant’en vun de Firmend’Geleegenheet bei engem Glas Wain an engem klengen Imbiss Kontakter auszetauschen. Dest ass vunbeiden Saiten ganz appréciéiert gin, an mir hoffen dass fir deen een oder aaneren eppes Intressantesdobai war.

Vum Bob Greiveldinger

Renaturatioun vun der Uelzecht zu Scheffleng

Page 20: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

20

Space Towers

Space TowersImagine a tower that would reach into space and let you ride in an elevator from the ground to anyaltitude you wanted.

In 1895 a Russian scientist named Konstantin Tsiolkovsky looked at the Eiffel Tower in Paris andthought about such a tower. He wanted to put a “celestial castle” at the end of a spindle shaped cable,with the “castle” orbiting the earth in a geosynchronous orbit (i.e. the castle would remain over the samespot on the earth). The tower would be built from the ground to an altitude of 35,800 kilometers. Itwould be similar to the fabled beanstalk in the children’s story “Jack and the Beanstalk,” except that onTsiolkovsky’s tower an elevator would ride up the cable to the “castle”.

One “spinoff” use of Tsiolkovsky’s tower would be the ability to launch objects into orbit without arocket. Since the elevator would attain orbit velocity as it rode up the cable, an object released at thetower’s top would also have the orbital velocity necessary to remain in geosynchronous orbit.

Building from the ground up, however, proved animpossible task. It took until 1960 for another Russianscientist, Y.N. Artsutanov, to propose another schemefor building a space tower. Artsutanov suggested using ageosynchronous satellite as the base from which to buildthe tower. By using a counterweight, the cable would be

lowered from geosynchronous orbit to the surface of the earth while the counterweight was extendedfrom the satellite away from the earth.

Making a cable 35,000 kilometers long is a difficult task. In 1966, four American engineers decided todetermine what type of material would be required to build a space tower, assuming it would be astraight cable with no variations in its cross section. They found that the strength required would betwice that of any existing material including graphite, quartz and diamond.

Nine years later another American scientist, JeromePearson, designed a tapered cross section that would bebetter suited to building the tower. He suggested using acounterweight that would be slowly extended out to144,000 kilometers (half the distance to the moon) asthe lower section of the tower was built. His analysis included disturbances such as the gravitation of theMoon, wind and moving payloads up and down the cable. The weight of the material needed to buildthe tower would have required 24,000 Space Shuttle trips, although part of the material could betransported up the tower when a minimum strength strand reached the ground.

Later, Pearson thought about building a tower on the Moon. He determined that the center of gravityneeded to be at the L1 or L2 Lagrangian points, which are special stable points that exist about any twoorbiting bodies where the gravitational forces are balanced. The cable would have to be 291,901kilometers long for the L1 point and 525,724 kilometers long for the L2 point. Compared to the

Page 21: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

21

Space Towers

351,000 kilometers from the Earth to the Moon, that’s a long cable, and the material would have to begathered and manufactured on the Moon.

We can determine the orbital velocities that might be attainedat the end of Pearson’s 144,000 km tower. At the end of thetower, the tangential velocity is 10.93 kilometers per secondwhich is high enough to escape Earth’s gravitational field andsend probes to Saturn or Mars. If an object were allowed to

slide freely along the upper part of the tower a velocity high enough to escape the solar system would beattained.

The space tower is a good concept for science fiction writers, but until new materials are developedand cheaper ways to reach orbit are found, the space tower will remain a dream.

Quelle: http://liftoff.msfc.nasa.gov/academy/tether/SpaceTowers

Page 22: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

22

Déi lescht Rees vun der Concorde F-BVFB

Déi lescht Rees vun der Concorde F-BVFB

Wien schon mol op der Autobunn A6 tëschent dem Kreuz Walldorf an Heidelberg ënnerwee war, deemass bestëmmt déi impressionant Usammlung vu Fligeren niewent der Autobunn opgefall. Dobäi handelt etsech em den „Auto & Technik Museum Sinsheim“, an deem een op enger Ausstellungsfläch vun 30.000Quadratmeter iwwer 3000 Exponate bewonnere kann. An der gréisster Hal stinn iwwer 300 Oldtimer,dorënner vill aal Mercedes-, Maybach-, Bugatti- a Rolls-Royce-Modeller, mee och eng ganz Rei vuSportsween, wei dem Mika Häkkinen sain „Silberpfeil“, an de „Blue Flame“, dee mat engerRekordgeschwindegkeet vun 1024 km/h laang Zéit de schnellste Rakeitenauto vun der Welt war. Doniewentginn et nach d’Ausstellunge vun den „Hollywood Dream Cars“ mat raren amerikaneschen Autoen ausden 50er Joeren, vu Motorrieder, Lokomotiven, Trakteren, Dampmachinnen, etc. Och d’Militärausstellungmat Krichgeschir aus dem leschte Joerhonnert ass impressionant: niewent enger grousser Unzuel vuPanzeren a miltäresche Gefierer stinn och eng Rei russesch Mig-Fligeren an amerikanesch Krichfligerenaus.

D’Häerzstéck vum Musée ass awer sécherlech d’Fligeraustellung mat iwwer 60 Exemplaire vum Ufankvun der Loftfahrt iwwer déi däitsch Junker-Maschinnen aus den 30er Joere bis hin zu de modernenDüsefliger, déi gréisstdendeels um Dag vum Musée ausgestallt a fir d’Visiteuren zougänglech sin. Dobäiass dann och de Stolz vum Sinsheimer Museum: daat eenzegt Exemplaire vun der Tupolev TU 144ausserhalb vu Russland. Déi „russesch Concorde“ gouf 2000 kaaft an mat vill Opwand vu Moskau bis

op Sinsheim transportéiert. Seit dem Mee2001 kennen d’Visiteuren an denIwwerschallfliger raklammen a bis fir bei deCockpit goen. Mee domatter net genuch: virupuer Woche krut d’Tu-144 Gesellschaft vunder westlecher Versioun vum Iwwerschallfliger,der Concorde. Zefriddenheet iwwert dëseCoup war beim Museumsdirektor natierlechgrouss: domatter ass de Sinsheimer Museumdéi weltwäit eenzeg Plaz, wou d’Concorde and’Tupolev zesummen ausgestallt ginn. Mee ganzeinfach war et awer net, fir dee ganze Projetze realiséieren.

27 Joer laang war d’Concorde d’Aushängescheld vun Air France a British Airways. A manner wei véierStonnen ass een domatter vu Paräis op New York geflunn. De grousse Réckschlag koum awer dunn um25. Juli 2000: beim Départ vun enger Concorde zu Paräis hu Stecker vun engem geplatzte Pneu denTank duerchschloen, sou dass de Fligel direkt Feier gefaangen haat, a puer Kilometer méi weit assd’Concorde erofgefall an huet 113 Mënschen an den Doud gerappt. Dowéinst stoungen d’Concorde-

Page 23: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

23

Déi lescht Rees vun der Concorde F-BVFB

Fligeren iwwer e Joer laang um Bueden a missten mat engem Milliounenopwand nogerüst ginn. Mee nodësem trageschen Accident an de Folgen vum 11. September sin d’Passagéierzuelen an de Keller gaangen,sou dass daat ganzt Geschäft net méi rentabel war. Den 31. Mee 2003 huet Air France dunn de Flugbetribvun der Concorde definitiv agestallt, an och déi siwen Iwwerschallfliger vun der British Airways wärdenzukënfteg nëmmen nach a Muséeën ze gesi sinn. D’Air France wärd eng Concorde um Flughafe Charlesde Gaulle ausstellen, déi aner véier Maschinne kommen an d’Muséeë Le Bourget, Toulouse, Washingtona Sinsheim.

Fir de symbolesche Präis vun engem Euro huet den Technikmuseum Sinsheim d’Concorde F-BVFBkaaft, déi séit dem Abrëll 1976 genee 14.771 Flugstonnen an 5.473 Volen absolvéiert haat. Den Akafspräis

war domatter zwar bëlleg, mee den Transportmarathon vu Paräisop Sinsheim sollt awer ronn 1,5 Milliounen Euro kaschten.Ugefangen huet deen de 24. Juni mam leschte Vol a mat derLandung virun 20.000 Zuschauer um Flughafe Karlsruhe/Baden-Baden, wou Spezialiste vun Air France an dem Technikmuseumd’Fligelspetzen an d’Heck ofmontéiert hunn, fir de weiderenTransport ze erliichteren. Trotz der Demontage vun de Fligelspetzenhaat de Fliger ëmmer nach eng Breed vu 14,45 Meter.

Déi lescht 130 Kilometer bis op Sinsheim sollten dann an zwee Deeg zeréckgeluecht ginn. Um Freideg,18. Juli huet sech de Spezialtransporter mat enger Längt vun 70 Meter an engem Gewiicht vun 160Tonnen op der Strooss lues a lues a Richtung Rhein bewegt, wou et dann per Schëff duerch d’SchleissIffezheim op Altlußheim gaangen ass. Ronn 50.000 Leit hunn un dësen zwee Deeg den Transport verfollegt,an och 20 Kameraequipen, d’Presse, Police an THW hunn déi lescht Rees vun der Concorde begleet.Um Samschdeg Owend huet sech de Convoi dann nees weider op de Wee fir déi lescht 30 Kilometergemeet, fir iwwert d’A61 an d’A6 op Sinsheim ze fueren. Dofir misst d’Autobunn deelweis a béidRichtunge gespaart ginn, well déi zwou Spueren plus d’Noutspuer nemmen 11,50 Meter breed sinn.Iwwer 80 Verkeierspanneauen missten op der Streck erofgeholl ginn an op ville Plaze goufen ochd’Leitplanken ofmontéiert. Bei de Brécke misst besonneg op d’Moos geschafft ginn: oft waren net méiwei 5 Zentimeter tëschend der Bréck an dem Fliger. Och de Chantier op der A6, déi lescht grouss Hürdviru Sinsheim, gouf gemeeschtert. Op dëser Plaz war de 14,50 Meter breeden Transport allerdéngs netméi duerchkomm, sou dass d’Concorde op enger Säit hydraulesch gehuewe gouf. Am Virfeld gouf geneeberechent, dass bei dëser Aktioun de Fliger net erofrutscht oder souguer ëmkippt.

Page 24: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

24

No aacht Stonne stoung de Spezialtransport dann um freieSonndeg moien op der Autobunn virum Musée. Per Kran goufd’Concorde dann riwergehuewen op den Terrain vum Musée,wou se an den nexte Méint nees zesummegebaut gëtt an direktniewen d’Tupolev op den Dach vum Musée montéiert gëtt. EmOuschteren 2004 wärd dann d’Concorde fir d’Visiteurenzougänglech sin.

Den „Auto & Technik Museum Sinsheim“ huet daat ganzt Joer duerch vun 9 bis 18 Auer, an umWeekend an u Feierdeeg vun 9 bis 19 Auer op. Doniewent gëtt et och nach den „Technik MuseumSpeyer“, wou ënner anerem e Boeing 747 Jumbo Jet, en Antonov An22-Transportfliger an en U-9-Unterseeboot vun der Bundesmarine stinn.

Weider Informatiounen enner: http://www.technik-museum.de

Déi lescht Rees vun der Concorde F-BVFB

Sou wei an deser Fotomontage kennt d’Concorde niewent d’Tupolev stoen. Fotoen: http://www.technik-museum.de

Page 25: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

25

PUBLICITÉ

HUSKY

Page 26: Bulli 2003_2

bulli Summer 2003

26

Déi mei leschteg Sait

Gehaltsformel

Es ist ja allgemein bekannt, dass Ingenieure und Naturwissenschaftler nie so viel Geld verdienenwerden wie Geschäftsleute. Den Beweis dafür liefert die Mathematik :

1. Zeit = Geld (time is money)2. Wissen = Leistung (knowledge is power)

Jeder kennt aus der Physik: Arbeit/Zeit = LeistungMit : 1. Zeit = Geld und 2. Wissen = LeistungErhält man also : Arbeit/Geld = Wissen

Aufgelöst nach Geld ergibt das :

Arbeit/Wissen = Geld

Man erkennt also : Wenn man unendlich viel weiss, kann man arbeiten wie man will, ohne dass Gelddabei herausspringt. Oder auch : Wenn das Wissen gegen Null geht, dann geht das Geld gegenunendlich, egal wie viel Arbeit geleistet wird. (q.e.d.).

Page 27: Bulli 2003_2
Page 28: Bulli 2003_2

EXPOSITIONS DES SCIENCES 2001

BildStay in Touch