bulli 2013_2

32
Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois bulli Summer 2013

description

aneil bulli 2013_2

Transcript of bulli 2013_2

Page 1: bulli 2013_2

Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

bulli Summer 2013

Page 2: bulli 2013_2

2 bulli Summer 2013l

Impressum

Responsablen Editeur:Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL)6, bd Grande-Duchesse CharlotteL-1330 Luxembourgtél.: +352 45 13 54Internet: www.aneil.luEmail: [email protected]: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000

Redakteren:Marc Albert Gilles NiesPhilippe Theisen Venant PirrotteDan Mathes Christian KremerLaurent Lemmer Tom HermesValérie Cornu

Chefredakter:Max Schmitz

Layout:Max Schmitz

Cover Foto:© Ceratizit S.A.

Drock:Imprimerie Centrale

Iwwersiicht

Virwuert 3 Comité 2013 5 Visite bei SES Astra 7Table Ronde 2013 13Studieninformationen 2013 15ACEL Presi Treffen 17Rees 2013: Visite bei Kärcher 19Rees 2013: Stuttgrat 21 Baustelle 21Rees 2013: Merzedes Benz Museum 23Rees 2013: Stuttgart a säin Nuetsliewen 25Rees 2013: Auto & Technik Museum Sinsheim 27EYE@Dublin 2013 29

De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 300 Exemplären.D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur.De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

Iwwersiicht an Impressum

Page 3: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 3l

Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL,

d'Wieder huet endlech gedréit an de kale Wanter verjot. Och wann de Summer traditionell mat Exame belaascht ass fir eis Ingenieurstudenten, ass et dach agreabel mol rëm dobausse kënnen ze sinn ouni ze erfréieren. Dir liest grad den zweete Bulli vun dësem Joer 2013, a mir hunn iech rëm vill ze erzielen. Sou hu mer vill Rapporte vun eiser Rees (dëst Joer organiséiere mer fir d'éischte Kéier zwou Reesen an engem Joer, et kënnt also nach eng am Hierscht) op Stuttgart. Do ware mer ënner anerem bei Kärcher, Stuttgart21 an an de Mercedes-Benz Musée. Villmools Merci un déi Memberen déi mat waren an zemools e grousse Merci un déi, déi e Rapport geschriwwen hunn. Dann ass awer net ze vergiessen dass mer nach en anert, wann net souguer eist wichtegst Event haten - eise super Karfreideg. Deen Dag ware mer Moies eng Visite bei SES Astra maachen an dono war, no engem gudde Mëttegiessen, eis traditionell Table Ronde. Deen Dag wier net méiglech ouni eis Partner aus der Industrie an iech, léif Memberen! Dofir och e grousse Merci an déi 2 Richtunge vun eis all.

Ech war och dëst Fréijoer rëm op d'Spring Conference vun European Young Engineers, dës Kéier op Dublin. Et war e mega Event, wéi der och a mengem Rapport kënnt noliesen. Déi nächst Konferenz, déi läscht fir dëst Joer, steet och scho rëm un, an zwar zu

Virwuert

Virwuert

Antwerpen. Ech géif mech freeën, endlech och mol Membere vun der ANEIL mathuelen ze kënnen. An dësem Magazin fannt der nach 2 weider Rapporte vu Saachen, déi äre Comité ënnerholl huet. Dat ass fir d'éischt nach en ofschléissende Rapport vun eise Studieninfos, déi lo fir dëst Joer op en Enn gaange sinn. Mir haten dëst Joer rëm vill interesséiert Schüler virun eis sëtzen, sou dass ech denken dass et och nach an Zukunft Ingenieure wäerte ginn. :) Eng aner Aktivitéit war d'Presis Treffen vun der ACEL wou ech d'ANEIL vertriede war.

Och wa lo Semesterferien sinn (vun den Examen hu mer jo scho geschwat...), heescht dat awer net dass de Comité lo och géif Paus maachen. Mir sëtze grad un der Organisatioun vun eisem Summerevent, dat iech Mëtt August erwaart - gleeft mer, dat gëtt eppes flottes! Ausserdeem lafen d'Virbereedungen fir d'Foire de l'étudiant an eis Rees am Hierscht lo och sou lues un. Ech hoffen, déi betraffe Leit vun iech hunn eng Demande fir de Prix d'Excellence vun der Fondation Enovos gemaach, och do stécht vill Aarbecht vun ärem Comité dran.

Ofschléissend wënschen ech iech vill Spaass mat dëser Editioun vum Bulli an, am Numm vum ganze Comité, nach e schéinen an erhuelsame Summer a vill Succès an ären Examen.

Venant

Page 4: bulli 2013_2
Page 5: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 5l

Zürich Maschinenbau

+352 691 676615 +41 79 59 55 281

[email protected]

Comité 2013

Comité 2013

Kaiserslautern Maschinnebau mat BWL

+352 691 672 102 +49 176 96 13 70 76

[email protected]

Oochen Informatik

+352 621 483 134 +49 178 89 29 370

[email protected]

Venant PirrottePrésident

Eric Gonderinger Vice-Président & Partenaires

Sonja Schlammes Secrétaire

Philippe TheisenResponsable Information

Gilles Nies Responsable Table Ronde

Max Schmitz Responsable Publications

Florian Pfleiderer Responsable Visites & Voyage

Yves Duhr Coopté Site Internet

Elio Rerman Trésorier

Hugo Simões Martins Responsable Foire

Oochen Bauingenieur

+352 621 36 32 99 +49 173 97 88 124

[email protected]

Oochen Maschinnebau

+352 661 70 64 36 +49 176 96 89 56 03

[email protected]

Karlsruhe Bauingenieur

+352 621 495 404

[email protected]

Zürich Maschinenbau

+352 621 700 063 +41 78 819 36 05

[email protected]

Oochen Bauingenieur

+352 691 881 549 +49 176 551 963 32

[email protected]

Page 6: bulli 2013_2

Did

you

kno

w?

Arce

lorM

ittal

is s

uppl

ying

ste

el b

eam

s fo

r m

ost o

f the

sky

scra

pers

in th

e w

orld

, inc

ludi

ng

Jum

bo b

eam

s in

hig

h st

reng

th G

rade

65

stee

l.

We

are

the

only

com

pany

in th

e w

orld

ca

pabl

e of

pro

vidi

ng th

ese

beam

s.

ww

w.a

rcel

orm

ittal

.com

This

is u

s

Photo credits: Sascha Gusov

Page 7: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 7l

Wann ee sech freet wat d‘ANEIL derzou beweegt huet hier Memberen den 29. Mäerz 2013 Moies um 10 Auer an den Bësch zu Betzder ze lackelen, dann ass et net fir manner, wéi fir hannert d‘Kulisse vum zweet gréisste Satelittebedreiwer weltwäit, der SES Astra, luussen ze goen.

D‘SES Astra huet hiren Haaptsëtz nämlech säit 1986 an enger fréierer Résidence Grand-Ducale, dem Schlass Betzder. Vum Parking aus, dee roueg a relativ ofgeleeë vu groussen Haaptstroosse läit ass et iwwert ee klenge Wee, ëmgi vu vill Gréngs an Natur, Richtung Schlass gaang.

Dat duerch d‘SES Astra renovéierte Schlass Betzder impressionéiert net nëmmen duerch seng Vergaangenheet mee och duerch seng Schéinheet. De ganze Site iwwerzeegt am allgemengen duerch architektural Partikularitéite sou wéi déi gréng Ëmgebung vum ganze Schlass déi e calmen a récréativen Androck ouni grouss Hektik a Stress hannerléisst. Net nëmme vu baussen, mee awer och vu bannen, kann sech d‘SES Astra weise loossen.

Dat huet sech och bestëmmt deen een oder anere Member geduecht, wéi mer op den Accueil an d‘Presentatioun vun der SES Astra duerch den Här

Visite bei SES Astra

Hoffmann gaange sinn, an ee Raum an deem vun engem technesche Point de Vue hir, mee awer och vu modernem Design näicht gefehlt huet. No enger klenger Taass Kaffi oder Jus, ass sech dunn net méi vum äusserlechen Erscheinungsbild vun der SES Astra oflenke gelooss ginn, mee et ass mat Informatioune bezüglech deem wat sech hannert deene flotte Fassade verstoppt, weider gaangen.

Wéi sech erausgestallt huet ass dat net manner impressionant; mir sinn iwwert flott an innovativ Pläng fir d‘Zukunft gewuer ginn, déi ganz duerno orientéiert si fir déi héich Besoinen an Ufuerderungen un Informatiounskonsum an Informatiounsverbreedung ze meeschteren.

Net nëmme wat d‘Zukunft sou fir interessant Challenge mat sech bréngt mee awer och dat woumat d‘SES Astra sech zur Zäit haaptsächlech beschäftegt ass erklärt ginn. Dat heescht esou zimlech alles wat et vu Satellitten a satellitten-reliéiert Operatioune gëtt: deelweis un neie Prototype mat fuerschen, se matentwéckelen, kucken dass déi gewënschten Informatiounen ouni Fehler iwwert déi richteg Satellitten iwwerdro ginn, an wat fir all dat ganz wichteg ass, d‘Satellitten iwwerhaapt mol op der richteger Ëmlaafbunn ze halen an se sou ze

Visite bei SES Astra

Page 8: bulli 2013_2

VCA**CER

TIFIED SAFETY SYSTEM

VINCOTTE

ISO 9001ISO 14001

BUREAU VERITASCertification

N° BXL 05000141 / N° BEL BXL 153669

• Global leader in Ironmaking Technologies – Construction of complete blast furnaces, coke ovens, sinter and recycling plants – Advanced environmental protection technologies

• Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects

Paul Wurth S.A. – Human Resources32, rue d’Alsace • L-1122 LUXEMBOURG • Tel.: (+352) 4970–2251

If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to [email protected]

Visit our website www.paulwurth.com

COMPETENCESCRE AT I V I T YINNOVATION

+=

Paul Wurth HR_Competences+Creativity.indd 1 20/02/2013 15:42:42

Page 9: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 9l

fléien dass Kollisiounen an aner eventuell Problemer verhënnert ginn, woufir natierlech och eng gutt funktionéierend Kommunikatioun an ee méiglechst präzisen Tracking vun dëse muss séchergestallt ginn.

All dat heite si relativ komplex an net all ze einfach Aarbechten, déi vill Kënnen, Konzentratioun an Talent vun de Mataarbechter verlaangen. Natierlech sinn sou Saache wéi d‘Parten um internationale Marché an e puer weider charakteriséierend Zuelen net vernoléissegt ginn.

Awer och d‘Entstehungsgeschicht vun dëser Firma, déi een ufangs steenege Wee huet misse goen, fir mëttlerweil op engem weltwäite Plang eng considérabel Gréisst unzehuelen, ass eis un d‘Häerz geluecht ginn.

Nodeems d‘Presentatioun dunn mat Äntwerten op nach eventuell opstoend Froen ofgeschloss ginn ass, a jiddereen nach ee schnelle Bléck op déi flott Présenten vun der SES Astra geworf hat, ass et dunn op eng kléng Visite Guidée duerch de Recht vun der Installatioun zu Betzder gaangen.

Deen éischte Stopp hu mer an engem Gebai viru grousse Fënsteren ageluecht, déi eis vum

Kontrollzentrum, vun deem aus d‘Satellitte geflu ginn, getrennt hunn. Mir konnten deene Leit, déi responsabel sinn fir d‘Satellitten op deene gewënschten Ëmlafbunnen ze halen, respektiv se dohin ze bréngen, op d‘Fangere kucken an eis vun hannert de Fënsteren, dervun iwwerzeegen dass se alles Richteg maache respektiv alles ënner Kontroll hunn.

Wéi sech dunn och dee leschten heiru sat gekuckt hat si mer raus an d‘frësch Loft gaange Richtung “Satellitten-Park“. Impressionant do ze stoe viru gutt 50 Satellitten-Schosselen déi alleguer permanent mat genau engem Satellit a Verbindung stinn, dee jee no deems bis zu 36000 km vun eis fort ass, a vun do aus Informatiounen iwwert de ganze Globus ze schécken.

Net nëmmen dat, mee mat Sécherheet och déi Variatioun un Gréissten, a wéi genau d‘Satellitten-Schossele mussen ausgeriicht sinn, fir de Satellit kënnen iwwert esou eng grouss Distanz ze fokusséieren an domat eng kontinuéierlech Verbindung ze erhalen, huet déi eng oder aner Erënnerung geprägt.

Hei wollte mer dunn natierlech och nach eng schéi

Visite bei SES Astra

Page 10: bulli 2013_2

Nous vous habitons

Centre Opérationnel Soludec - Parc d’Activité Gadderscheier - L- 4570 DifferdangeTél: 26 599-1 - Fax: 26 599-599 - E-mail: [email protected] - Web: www.soludec.com

Soludec S.A. - Soludec Development - Soludec France

Page 11: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 11l

Foto maachen, an wéi de Fotograph jugéiert hat dass mëttlerweil souvill Fotoe gemaach ginn sinn, dass bestëmmt eng dovu gutt ginn ass, ass et nees era gaang bei dee leschte Stopp deen nach geplangt war, den “Broadcasting-Raum“.

Och hei, op sécherer Distanz hannert de Fënsteren, konnte mer dee Raum deen duerch eng grouss Mauer charakteriséiert ass, op där all d‘Transmissioune projezéiert waren, déi zur Zait iwwert d‘Satellitte vun der SES Astra gelaf sinn, inspizéieren an eis nach e puer lescht Froe beäntwere loossen.

Vun do aus, ass et dunn awer och op en Enn gaangen an mir hunn ënnerwee fir zeréck op de Parking dem Här Hoffmann mat engem grousse Merci an Applaus fir déi interessant Visite, Äddi gesot.

Op dëser Plaz wëll dann och ech de Lecteur net méi laang vum nächsten Artikel hei aus dem bulli ofhalen a just nach eng Kéier der SES Astra, dem Florian Pfleiderer deen déi Visite fir d‘ANEIL organiséiert huet an deenen déi mat waren an duerch hir Présence fir déi gutt Stëmmung gesuergt hunn, ee grousse Merci soen.

Marc Albert

Visite bei SES Astra

Page 12: bulli 2013_2

12 bulli Summer 2013l

Les activités de l’entreprise s’étendent dans tous les domaines du bâtiment, du génie civil et de l’infrastructure :

L’entreprise Schroeder & Associés fut fondée en 1961. Spécialisée dans le domaine du génie civil, elle soutient des relations avec des ateliers d’architecture et d’urbanisme et travaille en étroite collaboration avec des bureaux d’études en Allemagne, Belgique, France et Suisse. La société Schroeder & Associés compte un effectif de 200 collaborateurs, dont 90 ingénieurs universitaires et techniciens, ainsi que des projeteurs, surveillants et collaborateurs administratifs.

Bâtiments : étude de la structure et suivi du chantier (immeubles administratifs, hôpitaux, maisons d’habitation, centres scolaires etc.)

Ouvrages d’art : conception, études complètes et suivi de la réalisation (ponts routiers et ferroviaires, passerelles piétonnières, parkings souterrains etc.)

Constructions techniques et industrielles : étude de la structure et suivi de la réalisation (halls de production et bâtiments administratifs, centres commerciaux, hangars, dépôts etc.)

Charpente métallique : étude de la structure et suivi de la réalisation (halls sportifs et piscines, halls pour industries légères et sidérurgie etc.)

Voirie, réseaux, divers : routes, voies ferrées, aménagements de lotissements, aménagements de zones d’activité et industrielles, aménagements extérieurs

Hydrologie urbaine : alimentation en eau potable/réservoirs d’eau, assainissements des eaux usées/stations d’épurationHydrologie fluviale : conception, études complètes et suivi de la réalisation (aménagement et renaturation de cours d’eau, calcul de lignes d’eau et élaboration de mesures de protection contre les crues etc.)

Ingénierie : mobilité : trafic réseau routier et ferroviaire, urbanisme

Services : project management, coordination sécurité et santé, topographie, S.I.G., informatique

Page 13: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 13l

Wéi all Joers bidd d’ANEIL de lëtzebuergeschen Ingenieursstudenten um Karfreiden e ganzen Dagesprogramm, bei deem et un Héichpunkten net feelt. Sou ass et dann och Traditioun, dass den Nomëtte ganz ënnert dem Zeeche vun der Table Ronde steet. Dëst Event ass eng genial Geleeënheet fir eis Memberen, sech an enger entspaanter Ambience mat Entreprisen aus der lëtzebuergescher Beruffswelt uvertraut ze maachen an bei engem gemeinsame Patt an d’Gespréich ze komme fir sech z.Bsp. iwwert de spéidere Beruff z’informéieren. Net seelen mécht hei deen een oder anere Member den éischte Schrëtt fir an dat spéidert Beruffsliewen ze starten andeems him Stagen oder direkt Aarbechtsplazen ugebuede ginn. Duerch dëst Zesummentreffe vun eemolegen an aktuelle Studéierenden ass et der ANEIL och méiglech, de Kontakt mat hiere Partner ze festegen an eventuell nei Partner ze gewannen. Dohier ass et och keen Zoufall, dass d’Table Ronde bei e puer Firme scho fest am Kalenner etabléiert ass an de gudde Ruff vun dëser Aktivitéit dëst Joer ganzer 14 Entreprisen op engem “schafffräien” Dag an de Forum Da Vinci lacke konnt. Mat wäit iwwer 20 Vertrieder an enger 30 treie Membere war de Sall gesond gefëllt.

No dem Verdeele vun der kompakter an informativer Broschür “4βcontact” an engem kuerze Begréissungswuert, hat dunn all Entreprise d’Méiglechkeet sech während 8 Minutte virzestellen. Duerch dës kuerz Zäit sinn d’Firme gezwongen, sech op déi wesentlech Informatiounen ze beschränken, wat och tiptop geklappt huet. An enger kuerzer Paus an der Halschent kruten d’Leit schonn eppes klenges ze drénken an z’iessen an haten di éischt Chance sech mateneen auszetauschen. Dëst huet sech dunn no de Présentatiounen ausgebaut. Bei engem richteg gudden Aperitif vum Schnéckert hunn d’Gäscht nach deelweis bis am fréien Owend matenee geschwat ier et dunn Zäit ginn ass fir op den Ingenieursbal an de Scott’s ze goen.

E grousse Merci wëll ech op dëser Plaatz dann nach all eise Memberen souwéi de Firmenvertrieder ausschwetzen, déi op deem flotten Dag de Wee an de Forum Da Vinci fonnt hunn. Donieft schwätzen ech der FEDIL nach e weidere grousse Merci aus, déi eis rëm wéi schonn déi lescht Joeren de gudde Patt offréiert an de Veräin ënnerstëtzt huet. D‘ANEIL hofft, Iech d‘nächst Joer nees eng Kéier zuelräich op dësem flotten Event begréissen ze dierfe fir déi interessant Traditioun oprecht z‘erhalen.

Gilles Nies

Table Ronde 2013Les activités de l’entreprise s’étendent dans tous les domaines du bâtiment, du génie civil et de l’infrastructure :

L’entreprise Schroeder & Associés fut fondée en 1961. Spécialisée dans le domaine du génie civil, elle soutient des relations avec des ateliers d’architecture et d’urbanisme et travaille en étroite collaboration avec des bureaux d’études en Allemagne, Belgique, France et Suisse. La société Schroeder & Associés compte un effectif de 200 collaborateurs, dont 90 ingénieurs universitaires et techniciens, ainsi que des projeteurs, surveillants et collaborateurs administratifs.

Bâtiments : étude de la structure et suivi du chantier (immeubles administratifs, hôpitaux, maisons d’habitation, centres scolaires etc.)

Ouvrages d’art : conception, études complètes et suivi de la réalisation (ponts routiers et ferroviaires, passerelles piétonnières, parkings souterrains etc.)

Constructions techniques et industrielles : étude de la structure et suivi de la réalisation (halls de production et bâtiments administratifs, centres commerciaux, hangars, dépôts etc.)

Charpente métallique : étude de la structure et suivi de la réalisation (halls sportifs et piscines, halls pour industries légères et sidérurgie etc.)

Voirie, réseaux, divers : routes, voies ferrées, aménagements de lotissements, aménagements de zones d’activité et industrielles, aménagements extérieurs

Hydrologie urbaine : alimentation en eau potable/réservoirs d’eau, assainissements des eaux usées/stations d’épurationHydrologie fluviale : conception, études complètes et suivi de la réalisation (aménagement et renaturation de cours d’eau, calcul de lignes d’eau et élaboration de mesures de protection contre les crues etc.)

Ingénierie : mobilité : trafic réseau routier et ferroviaire, urbanisme

Services : project management, coordination sécurité et santé, topographie, S.I.G., informatique

Table Ronde

Page 14: bulli 2013_2
Page 15: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 15l

Studieninformatiounen 2013

Wéi och schonn an deene leschte Joere war d’ANEIL och dëst Joer nees op enger Rëtsch Studieninfoen (SI). Dëst mat dem Zil de Schüler de Beruff vum Ingenieur méi no ze bréngen, an iwwerhaapt emol ze erkläre wat een Ingenieur ass. Well aktuell vill Leit net vill mam Begrëff vum Ingenieur kënnen ufänken, war et ons wichteg hinne kloer ze maachen, dass den Ingenieursberuff immens villsäiteg ass, an hinnen ee klengen Iwwerbléck ze ginn, a wéi enge Beräicher se agesat ginn. Dono si mer da méi speziell op déi eenzel Beruffer agaangen, souwäit mer da selwer Kenntnisser haten ;)

Och si mer dann op Froe bezüglech dem Studium an dem Studenteliewen agaangen, engem Beräich, an dem mer ons natierlech besser auskannt hunn.

Dat Ganzt hunn mer unhand vun enger Power Point Presentatioun an awer och duerch perséinlech Gespréicher gemaach, den Oflaf huet also gréisstendeels deem sech an de leschte Joere bewäerte Prinzip entsprach. Heibäi huet sech dann och erausgestallt dass Schüler ganz ënnerschiddlech, deelweis ofhängeg vun den eenzelne Schoulen, informéiert waren.

Insgesamt ware mer dëst Joer op 6 SI’en, nämlech07. Februar Ecole Privée Fieldgen23. Februar Lycée du Nord16. Mäerz Forum Geesseknäppchen22. Mäerz Lycée Ermesinde Miersch10. Abrëll Lycée Nic. Biever Diddeleng27. Abrëll Lycée des Garçons Luxembourg

woubäi d‘Veranstaltungen zu Miersch an am Jongelycée Premiere waren.

Ganz gäre wiere mer dann och nach op méi SI’en gaangen, leider krute mer awer net méi Invitatiounen. Sou hoffe mer dann och dass mer an Zukunft nach a méi Schoule goe kënnen, fir onse klenge Bäitrag zu Orientatioun an Informatioun vun den Schüler nach ze verbesseren.

Merci soe wëll ech dann nach deene Leit déi ons op dëse Veranstaltunge vertrueden hunn, an natierlech der ACEL an der ALI dass se ons op déi verschidden Studieninfoen agelueden hunn. Et bleift dann ze hoffen dass mer deem engen oder anere Schüler bei der Orientatioun hëllefe konnten, enger Saach, déi zu Lëtzebuerg jo nach ëmmer ausbaufäheg ass.

Philippe Theisen

Studieninformatiounen 2013

Page 16: bulli 2013_2

16 bulli Summer 2013l

Votre futur au sein d’un groupe d’avenir.

Energy in motion

Propriétaire et gestionnaire de réseaux d’électricité et de gaz naturel au Luxembourg, Creos Luxembourg S.A est forte aujourd’hui de plus de 700 hommes et femmes.

Sans cesse en quête de nouvelles compétences, nous offrons des opportunités de carrière intéressantes à des ingénieurs, ingénieurs-techniciens et industriels ou bachelors professionnels en électrotechnique, mécanique ou génie civil.

En tant qu’étudiant(e), vous avez la possibilité de faire un stage en entreprise et/ou de réaliser votre travail de fin d’études dans l’un de nos services.

Envie de nous rejoindre? creos.net

Page 17: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 17l

Den 11. Mee huet d’ACEL d’Presidente vun all de lëtzebuerger Studentecerclen an d’Sandkaul op Walfer invitéiert. Bei dësem klengen informellen Treffen ass et haaptsächlech drëms gaang, dass d’Comitée vun all Cerlce solle wësse wat d’ACEL mécht a ween bei den anere Cerclen d’Soen huet. Natierlech war ech deen Dag och dobäi fir d‘ANEIL ze vertrieden, hei e klenge Resumé vun deem Owend.

Ech wollt dës Geleeënheet dann och mol notzen, fir d’ACEL méi genau virzestellen. Eigentlech misst d’ACEL jidderengem e Begrëff sinn, sief et duerch den ACELs Bal, de guide du futur étudiant/diplomé oder aus de Medien, mä et weess ee jo ni.

D’ACEL, 1984 gegrënnt, regroupéiert all d’Cercle vu lëtzebuergesche Studenten. Dat sinn also déi lokal Cerclen (AVL, AELK, LSK, ...) an d’CMCen (ANEIL, ANESEC, ANELD, ALEM, ALEP), also déi, déi eng Studierichtung vertrieden. Ofgesi vum ACELs Bal, deen iwwregens net zum Benefice vun der ACEL mä zu deem vun de partizipéierende Cercle bäidréit, ginn si (de gewielte Comité vun der ACEL) Newsletteren, Communiqués de Presse, Guiden a weider Publikatiounen eraus. Si sinn dann och de gréisste Vertrieder vun eise Rechter an Interêten virun der Politik an de Medien, dat mat 42 Cerclen

an der ganzer Welt an iwwer 10000 lëtzebuerger Studenten hannert sech. Et ass also ëmmer mol derwäert op acel.lu oder hirer Facebook Page laanschtzekucken wat et neits gëtt.

Um Presis Treffe gouf et interessant Diskussiounen, wat d’ACEL a mir an Zukunft kënne besser maachen, fir iech all nach besser ze informéieren an ze vertrieden. Ausserdeem goufen iwwert d’Parametere vum ACELs Bal an dem REELs Workshop geschwat.

Ech sinn dann och frou beriichten ze kënnen, dass d’ANEIL nach ëmmer formidabel Relatioune mat eise Kollege vun der ACEL huet, an hirem Comité sinn dann och notamment Leit vun eisem Veräin. Mir soen der ACEL Merci fir all hier Hëllef a bidden hinnen, sief et Studieninfo oder Aneres, dann och gär weiderhin eis Hëllef un.

Venant

ACEL Presi Treff

Votre futur au sein d’un groupe d’avenir.

Energy in motion

Propriétaire et gestionnaire de réseaux d’électricité et de gaz naturel au Luxembourg, Creos Luxembourg S.A est forte aujourd’hui de plus de 700 hommes et femmes.

Sans cesse en quête de nouvelles compétences, nous offrons des opportunités de carrière intéressantes à des ingénieurs, ingénieurs-techniciens et industriels ou bachelors professionnels en électrotechnique, mécanique ou génie civil.

En tant qu’étudiant(e), vous avez la possibilité de faire un stage en entreprise et/ou de réaliser votre travail de fin d’études dans l’un de nos services.

Envie de nous rejoindre? creos.net

ACEL Presi Treffen

Page 18: bulli 2013_2

1

@€

Construisons ensemble votre futur !

P&TLuxembourg, une entreprise innovante.P&TLuxembourg, une entreprise innovante.Partout. Avec vous.

E n t r e p r i s e d e s P o s t e s e t Té l é c o m m u n i c a t i o n s - L - 2 0 2 0 L u x e m b o u r g - w w w. p t . l u - j o b s @ e p t . l u

Avec plus de 3600 collaborateurs travaillant au sein del’Entreprise et de ses filiales, le groupe P&T est le 5e employeur du pays.Avec sa renommée bien établie et son ancrage luxembourgeois, P&T est aussi une entreprise innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en constante évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus de 25 nationalités différentes.

Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e) d’informatique, rejoignez-nous !

Page 19: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 19l

Visite bei Kärcher

1

@€

Construisons ensemble votre futur !

P&TLuxembourg, une entreprise innovante.P&TLuxembourg, une entreprise innovante.Partout. Avec vous.

E n t r e p r i s e d e s P o s t e s e t Té l é c o m m u n i c a t i o n s - L - 2 0 2 0 L u x e m b o u r g - w w w. p t . l u - j o b s @ e p t . l u

Avec plus de 3600 collaborateurs travaillant au sein del’Entreprise et de ses filiales, le groupe P&T est le 5e employeur du pays.Avec sa renommée bien établie et son ancrage luxembourgeois, P&T est aussi une entreprise innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en constante évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus de 25 nationalités différentes.

Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e) d’informatique, rejoignez-nous !

D’Visite bei Kärcher hu mer mat ganzer 3 Leit gestart, well et e puer technesch Problemer mat dem Bus goufen, deen di fein Leit vu Lëtzebuerg op Winnenden sollt transportéiren. Aus Erzielungen krut ech mat, dass de Bus just nach mat 30km/h iwwert d’Autobunn getuckert ass an den Tachometer an alle méigleche Faarwe geliicht huet. Den Ersatzbus mat der defekter Dier huet dann och net laang op sech waarden gelooss an den Transport ass weider gaang Direktioun Winnenden.Di 3 Leit zu Winnenden si pénktlech vum Här Bregler vu Kärcher empfaang ginn, deen ons an ee Päsentatiounsraum bruecht huet wou et Schwabener Brez´n an Kaffi goufen, an e puer flott Anekdoten aus dem Liewen vun onsem Guide.D’Präsentatioun ass haaptsächlech iwwert de Kärcher-Group (WOMA, RINGLER, cleanpark) gaang. D’Zesummenaarbecht mat der Firma WOMA stung am Fokus, wéinst hieren „Ultrahochdruck-Geräten“ an „Ultrahochdruck-Pumpen“. Déi Maschinne sinn ons dann méi genau am Detail erkläert ginn. Mir hunn dann och e Film gesinn, wéi di Produkter agesat ginn a mat wéi engem logisteschen Opwand dat heinsdo verbonnen ass. Dono si mir dann nach kuerz an de Musée gaang, wou mer dann och e puer interessant Saache bestaune konnten déi vum Alfred Kärcher erfonnt gi sinn.

No där klenger Visite am Musée ass dann och endlech den 2. Grupp mam Bus zu Winnenden ukomm a mir konnten ons di nächst Präsentatioun zesummen ulauschteren. Déi war allerdéngs manner technesch baséiert an méi op Zuelen an Fakten vun der Firma Kärcher opgebaut.Dono si mir dann an d’Wierkskantine eng Klengegkeet iesse gaang. Et wor iwwerduerchschnëttlech gutt, fir eng Kantine!Virun der Wierksbesichtegung krute mer nach de Beräich gewise wou Kärcher nei innovativ Produkter um PC zeechent an entwéckelt. Also do wou hier Prototypen entwéckelt ginn. Vun do aus si mer dann direkt weider an d’Haale gaange wou di ganz „Home&Garden-Produkter“ gebaut ginn. Et ass opgefall datt Kärcher vill Wäert op Team-Work leet, fir hiere Produktiounsprozess ze optiméiren. Ausserdem hat alles seng Uerdnung an et war propper an den Halen.No engem laangen an interessanten Dag an de Wierkshalen vu Kärcher, an e puer flotte privat flower-power-drugs-and-Rock´n-Roll-Geschichte vun onsem Guide kruten mir dann och nach eng Gruppefoto vu Kärcher gesponsert (déi natirlech jidereen doheem agerummt an opgehangen huet!)Vu Winnenden ass et dann op Stuttgart an d’Jugendherberg gaang, fir an zechecken!

Dan Mathes

Visite bei Kärcher

Page 20: bulli 2013_2

20 bulli Summer 2013l

Offrir aux pistes d’aéroport tout le savoir-faire de nos routes, c’est notre métier.

www.karpkneip.lu

Page 21: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 21l

An einem sonnigen Samstagmorgen haben wir uns an der Königstrasse zusammen gefunden und wurden anschließend von einem sympathischen und kompetenten Stadtführer vor dem ehrwürdigen Stuttgarter Hauptbahnhof in Empfang genommen.

Begonnen haben wir unsere Besichtigungstour um das Bahnhofsviertel herum. Wir haben uns die zahlreichen in Planung befindlichen Projekte, bestehend aus Um- und Neubauten von Straßen und Gebäuden, angeschaut und sind die Stäffele (schwäbisch für Treppen) entlang zu den Weinplantagen gewandert. Von dort oben aus konnten wir uns einen guten Blick über die beachtliche Größe der anliegenden Baustelle verschaffen.

Man erläuterte uns, dass das aus den Medien berühmt und berüchtigte Projekt Stuttgart 21 das momentan größte Städtebauprojekt Europas ist und sich aus mehreren riesigen Baustellen zusammensetzt. Es sei daher sehr wichtig zu verstehen, dass das Gesamtprojekt weit mehr darstelle als die Planung und Realisierung eines neuen Bahnhofs.

Es sei natürlich richtig, dass der viel diskutierte, neue und unterirdisch angelegte Durchgangsbahnhof

das Herzstück von Stuttgart 21 ist. Jedoch ist das städtebauliche Projekt viel größer und bezieht die Schaffung von neuen Stadtvierteln in die Planung mit ein und stelle so etwas wie eine zukünftige Stadt- und Bundeslandentwicklung dar.

Die Grundidee ist es, einen überforderten, überirdischen Kopfbahnhof in einen unterirdischen Durchgangsbahnhof umzukonzipieren und so die gewonnene Grundstücksfläche in neue belebte Stadtviertel, öffentliche Plätze und Parks umzuwandeln.

Wir konnten vor Ort einen guten Eindruck über die Größe und Komplexität dieser Baustellen gewinnen. Überall wo man hinschaute wurden Tunnel für die neuen Schienentrassen gebohrt und zahlreiche Gebäudekomplexe errichtet. So werden z.B. angrenzend zum neuen, begrünten Bahnhofsplatz nicht weniger als 3 Shoppingcenter und zahlreiche Luxusapartments hochgezogen. Das Projekt ist in mehre Phasen eingeteilt und soll im Jahr 2021 fertig gestellt sein.

Interessanterweise befinden sich auf dieser riesigen Baustelle auch schon fertige Gebäude und Infrastrukturen, wie etwa die neue und

Stuttgart 21 Baustelle

Foto: © Aldinger & Wolf

Offrir aux pistes d’aéroport tout le savoir-faire de nos routes, c’est notre métier.

www.karpkneip.lu Stuttgart 21 Baustelle

Page 22: bulli 2013_2

22 bulli Summer 2013l

architektonisch beeindruckende Stadtbibliothek. Diese wurde im Oktober 2011 eröffnet und besitzt eine Programmfläche von 11.500 m². Im Eingangsbereich trifft man auf ein riesiges und mystisches weißes Atrium. Der eigentliche, über mehrere Ebene verteilte, Bibliotheksraum wird durch Lichtöffnungen in der Decke in eine besondere Stimmung versetzt.

Das Bibliotheksgebäude ist Teil des architektonisch modern angehauchten Europaviertels. In diesem tragen die Straßen und Plätze die Namen europäischer Großstädte. Diese Viertel grenzt direkt an den von Paul Bonatz und Friedrich Eugen Scholer im Jahre 1914 entworfenen alten Kopfbahnhof, der einen sehr markanten Bahnhofsturm besitzt, welcher von einem Mercedes Stern gekrönt wird.

In diesem Turm haben wir uns eine interessante Ausstellung über das Projekt Stuttgart 21 angeschaut. Anhand von zahlreichen Modellen, Visualisierungen, Grafiken und Statistiken wurde uns die Bedeutung von Stuttgart 21 für die Stadt Stuttgart und das Land Baden-Württemberg erläutert. Man explizierte uns die Vorteile und Zukunftschancen eines neuen

unterirdischen Durchgangsbahnhofs.

Bei diesem in der Vergangenheit polarisierenden Projekt sei es wichtig zu verstehen, dass das Hauptgebäude des jetzigen Bahnhofs weiterhin bestehen bliebe und zukünftig der Haupteingang zu den neuen unterirdischen Trassen darstellen soll. Lediglich die jetzigen, veralteten, überirdischen Kopfzugleise sollen verschwinden und durch einen öffentlichen Park ersetzt werden.

Vom Ausblickturm des Bahnhofs aus konnten wir uns dieses neu gewonnene Planungsgebiet von oben genauer anschauen und nebenbei eine fantastische Panoramaaussicht auf Stuttgart genießen.

Am Ende unserer spannenden und hoch interessanten Besichtigungstour haben wir uns im Stadtzentrum noch einen Film über das vom Stuttgarter Architekturbüro Behnisch Architekten neu geplante Dorotheen-Quartier am Karlsplatz angeschaut.

Christian Kremer

Stuttgart 21 Baustelle

Page 23: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 23l

De Mercedes-Benz Museum zu Stuttgart läit am Quartier Bad-Canstatt vu Stuttgart. Vis-à-vis vum Museum as d‘Mercedes-Benz Wierk Untertürkheim. Zesumme mam Fussballstadion vum VFB Stuttgart an dem Wasengelände (Canstatter Wasen) forméiert dëse Musée de sou genannten Neckarpark.

Scho vu wäitem fält de Musée duerch seng impressionant Architektur op: de Grondrëss baséiert sech op enger Duebelhelix. Fir d‘Fassade goufe Materialie verbaut déi een och an den ausgestallten Autoe fënnt, Aluminium an Glas. Bei den 1800 Fënsterscheiwe vun der Fassade ass all Geometrie en Unikat. Huet een den Musée bis betrueden, steet een an engem Gebai, wat banne komplett huel ass a beim Bléck no uewen ergëtt sech ee monumentalt Bild. De Musée ass esou gebaut, datt et weder eng Trennung tëscht den Etagen, nach eng strikt Trennung tëscht vertikalen an horizontale Fläche gëtt. Et sicht ee verzweifelt no planare Flächen oder rechte Wénkelen. Déi eenzel Beräicher, déi chronologesch an thematesch sortéiert sinn, sinn och net getrennt, sou datt all Visiteur säin eegene Wee duerch d‘Ausstellung fënnt.

Déi ganz Ausstellung verdeelt 160 Autoen op 16500 Quadratmeter an 9 Etagen. Et ginn am

Musée 9 Etagen déi d‘Geschicht vu Mercedes-Benz an hiren Autoen illustréieren a 5 Beräicher déi themenspezifesch sinn, z.B. ee Beräich fir Camionen a Busser vun der Marque Mercedes-Benz. Fir all Epoche ass ee Beräich reservéiert ginn.

Eis Visite huet am ieweschte Stack vun der Ausstellung ugefaangen an ass vun engem Guide vum Mercedes-Benz Museum encadréiert ginn. Op dësem héchste Stack sinn Replike vun deenen éischten Automobiler vum Gottlieb Daimler an dem Carl Benz aus dem Joer 1886 ausgestallt. Ausserdeem gëtt d‘Funktion vun den Antriebsmaschinnen erklärt. Op dëser Etage geet och déi weider Evolution vun deenen zwou Entreprise Benz an Daimler am 19. Joerhonnert duerch Exponater vun Autoen, Lokomotiven, Booter an Camione verdäitlecht. Op deenen zwou nächsten Etage gëtt d‘Gebuert vun der Marque Mercedes an d‘Fusioun vun Daimler a Benz thematiséiert. Et gesäit een Autoe mat Kompressor-Motor aus den 1930er Joere wéi och deen éischten Auto op der Welt mat Dieselmotor, och aus där Zäit. Eise kompete Guide huet eis net nëmmen eloquent duerch d‘Ausstellung dirigéiert mee wosst och zu Froen iwwer technesch Detailer vun den Exponater eng Äntwert.

Mercedes-Benz Museum

Mercedes Benz Museum

Page 24: bulli 2013_2

24 bulli Summer 2013l

Déi automobil Exponater gi vu villen Austellungsstécker begleed, déi och dem jonke Visiteur d‘Liewensrealitéit aus der Epoche verdäitlechen. Bei dësen Austellungsstécker handelt et sech ëm Fotoen, Zeitungsartikelen, Reklammen. Motore fir Bomber a Schong vun engem Zwangsaarbechter weisen och op en däischtert Kapitel vun der Entreprise hin.

Am weidere Verlaf vun der Visite hu mer d‘Autoen aus den 1950er Joere gesinn a vun eisem Guide déi technesch Weiderentwécklung erklärt. Dobäi huet eise Grupp dee berühmten 300 SL „Gullwing“ bestaunen dierfen. Dëse Beräich ass ganz am Kader vum daitsche „Wirtschaftswunder“ nom 2. Weltkrich gehalen. Op der Etage déi d‘1970er Joere behandelt, ginn sech lues awer sécher Gedanken iwwer d‘Konsequenze vun der automobiler Gesellschaft gemaach: den deiere Bensin nom Opec-Embargo vun 1973 an déi héich Zuel un Affer am Stroosseverkéier forcéieren d‘Autoindustrie an domatter och Mercedes-Benz zu Innovatiounen. Et gesäit ee Prototype vun Autoe mat verstäerkter Sécherheetsstruktur an optiméierter Aerodynamik fir de Verbrauch ze reduzéieren. Op der virleschter Etappe ginn Autoe mat Waasserstoffantrieb an Hybridtechnik gewisen. De Guide huet eis

verséchert, datt dës Autoe genau wéi all déi aner Exponater fuere kënnen.

Um Rez-de-chaussée ukomm, huet eis eng grouss Sammlung u Rennautoen erwaart, déi deen een oder anere Champions-Titel droen: Formel 1, DTM, Rallye a souguer Truck-Racing Maschinnen. Dat ganzt vum Ufank vum 20. Jorhonnert bis haut. Wann een dës Exponater an der Steilkurve gesäit, verdäitlecht sech op ee Bléck d‘Evolutioun vun der Automobiltechnik.

Laurent Lemmer

Mercedes Benz Museum

Page 25: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 25l

Dag 1:

Nodeems mer eis, no enger relativ aktiounsräicher Busfahrt an enger interessanter Visite, mat dem wahrscheinlech motivéierteste Pensionnaire vu Kärscher, an der Jugendherberge ageriicht haten huet den Yves eis emol gewisen a wéienger Stad mer iwwerhaapt sinn.

Fir eis awer nach kuerz ze stäerken ier et sollt lass goe si mer an de Mata Hari gaang fir e Pätschen ze drénken. De Mata Hari ass e lëschtege klenge Bistro beim Hans im Glück Brunnen. An der Géigend ronderëm sinn d’Haiser nom Krich erëm sou opgebaut gi wéi se virdru waren, wat de besonnesche Charme vum Quartier aus mécht. Dono si mer duerch d’Königsstrasse, d’Haaptakaafsstroos vu Stuttgart getrëppelt an duerch eng Rei vu klenge Stroossen an deenen een sech ouni Problemer hätt kënne verlafen. D’Maarthalen, dat neit Schlass, dat aalt Schlass, a villes méi loung op eisem Wee, an den Yves huet eis permanent mat Informatioune versuergt. Entweder hien huet Wikipedia auswenneg geléiert oder en huet awer eppes vun der Stad geléiert an de Jore wou en elo do ass.

Giess hu mer deen Owend an enger Weinstube. Mir haten en Deel fir eis, wou et déi aner och net

gestéiert huet dass d’Ambiance bei eis relativ gutt war. Mee souguer beim Iesse léiert ee bäi: si hu vun eis geléiert dass mir keng Hollänner oder Belge sinn, a mir hu vun hinne geléiert dass de Stuttgarter Wäin net allze vill daacht. Nom Iesse si mer dunn an e Bistro beim Schlossgarten gaang, direkt nieft dem Konschtmusée. Wéinst dem gudde Wieder stoung jidderee virun der Dier a mir konnte gemittlech mat de Leit ronderëm schwätzen. Dono ass et vir Verschiddener Heem gaang, anerer sinn awer nach weider an d‘Schankstelle gaang, eng fréier Tankstell déi zu enger Disco ëmgebaut gouf.

Dag 2:

No der Visite am Mercedes-Benz Musée hate mer e bësse Fräizäit. De Grupp huet sech hei e bëssen opgedeelt, e puer Leit si shoppe gaang, anerer sinn an d’Jugendherberge gaang a mir waren am Sky Beach, enger Plage uewen op engem Parking. D’Wieder war perfekt a mir souze bal eng Stonn an der Sonn an hunn eis et gutt goe gelooss.

No engem gefillt éiweg laange Wee zu Fouss a mat der U-Bahn si mer an en indesche Restaurant iesse gaang. Dem Wee no ze uerteele kéint en och an Indie geleeën hunn. D’Iesse war ganz gutt awer verschiddene Leit, wéi dem Schon zum Beispill,

Stuttgart a säin Nuetsliewen

Stuttgrat a säin Nuetsliewen

Page 26: bulli 2013_2

26 bulli Summer 2013l

däitlech ze schaarf. De Schon huet et awer gutt fäerdeg bruecht fir d’Schäerft erëm ze läschen.

Dono si mer virun de Palast der Republik gaang, ee klenge Kiosk an der Mëtt um Rand vun enger klenger Platz deen zu engem Comptoir ëmfunktionéiert gouf. De Kiosk ass anscheinend esou kleng dass e genau esouvill ka lagere wéi an engem Dag do konsomméiert gëtt. D’Leit stoungen oder souzen all ronderëm de Kiosk, a wat et méi spéit ginn ass wat ëmmer méi “Interessant” Perséinlechkeeten sech gewisen hunn. Do war zum Beispill en Här mat Turban de mat de Beem geschwat huet a wahrscheinlech méi Intus hat wéi nëmme Béier. Dono sinn erëm eng Rei Leit Heem gaang an déi aner hunn nach weider Stuttgart onsécher gemaach.

Tom Hermes

The right way for your career

Build your career within a leading technical company on the media market.

BCE (Broadcasting Center Europe) has numerous activities in television, radio, telecom and IT. O�ering many ways to develop your experience through rich and exciting jobs, BCE will grant you access to the constantly evolving media world and enhance your career.

Welcome to BCE.

Your projects. The technology. Our solutions.

.luJob offers, references, videos, news, articles, case studies and much more on www.bce.lu.

BCE (Broadcasting Center Europe) | 45, Bd Pierre Frieden L-1543 Luxembourg | www.bce.lu

Page 27: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 27l

Als Ofschloss vun dëser flotter Päischtvisite ze Stuttgart hunn mir eis Sonndes Moies an Richtung Sinsheim gemaach fir den Auto & Technik Museum Sinsheim kucken ze goen. De Wee mam Bus fir dohi wor allerdéngs (wéi all Busfahrt bis dohin) nees opreegend, well déi däitsch Police eis nach begréisse wollt andeems si eis vun der Autobunn erof guidéiert huet fir eng Pabeirkontroll duerchzeféieren. Glécklecherweis hate mir eise Reiseleiter den Elio u Bord, deen zwëschent eisem Buschauffer (deen net Däitsch konnt) an der däitscher Police (déi natierlech kee Franséisch konnt) gedolmetscht huet, sou dass mir problemlos nees mat engem klenge Retard (awer dorunner hate mir eis schonns gewinnt) weider op Sinsheim op d’Visite fuere konnten.

Ukomm beim Musée ze Sinsheim, hunn mir eis mol fir d’éischt nees misse bei engem Mëttegiesse stäerken an erhuelen. Dono konnt et dunn och mat der Visite Guidée lassgoen. 

Den Auto an Technik Musée zu Sinsheim ass virun allem dofir bekannt, dass do eng Concorde vun der Air France ausgestallt ass, déi een net nëmme vu baussen, mä och vu banne besiche kann, virausgesat et huet een keng Platzangscht. Nieft der Concorde hate mir och d’Méiglechkeet een aneren Iwerschall-

Passagéierfliger ze kucken, an zwar déi russesch Tupolev Tu-144.

Nom Empfang vun eisem Guide, si mir duerch déi éischt Ausstellungshal gaangen, wou mir ënnert anerem amerikanesch Oldtimer, Mercedes- an Fordautoe gesinn hunn. Dat ganzt wor allerdéngs ënerhalsam duerch ee Réckbléck an d’Zäit, well ee gläichzäiteg d’Kleedermoud a Musek vun där Zäit gesinn an héieren huet. D’Autoen déi mir gesinn hunn, woren all fahrtüchteg, well se net dem Musée gehéiere mä Privatleit déi sech regelméisseg do gesinn fir eng Sprëtztour ze man. Nieft den Autoen hu mir dunn och Dragsteren an Harley Davidson gesin.

Dono ass et dunn mat där méi däischterer Geschicht vun Däitschland an zwar dem Krich weidergaang. Nieft enger ausgestallter Krichslokomotiv, Sprengstoff an de Militäruniformen, hate mir dunn d’Méiglechkeet ee Panzer selwer ze steieren, wat déi ganz Visite méi ënnerhalsam gemaach huet. Mä net nëmmen d’Krichsmaschinnen mä och landwirtschaftlech Fuermaschinen hu mir gesinn. Donieft hu mir awer och een Amphicar a kleng Fligeren a Rakéite konnte bewonneren.

Auto & Technik Museum Sinsheim

Auto & Technik Museum Sinsheim

Page 28: bulli 2013_2

28 bulli Summer 2013l

Dono ass et weider an déi zweet Hal gaang, wou et dunn mat enger klenger Geschicht vun den Fliger an der Iwwerschallgeschwindegkeet ugaangen ass. An där Hal wore souwuel méi nei Automodeller, sou wéi och klassesch a bekannten Autoen ausgestallt. Sou huet eis de Guide dem Adolph Hitler säi Panzerauto vu Mercedes gewisen. Nieft deene villen däitschen Autoe vun den Hiersteller Porsche, Mercedes, Audi a VW, hu mir och méi nei modern Renn- an Sportkarosse gesinn. Nieft dem Autosport wor awer och eppes fir d’Motorradsfuerer dobäi. Vu Lambretta bis Suzuki, Honda a BMW wor fir jiddereen eppes ze kucken dobäi. Ween dunn genuch vun den Autoen an Motoen hat, konnt och nach e puer Ausstellungsmodeller vu Kärcher kucke goen, déi mir vu wäitem duerch déi bekannten an patentéiert giel Faarf all erkannt hunn.

No enger klenger Paus ass et dunn als Ofschloss vun der Päischtvisite an den IMAX 3D Filmtheater gaang. Do krute mir als éischt ee klengem Film iwwert den

Transport vun der Air France aus Frankräich bis op Sinsheim an den Musée gewisen. Dono krute mir de Film “Die Arktis 3D - Heimat der Eisbären” op engem Bildschierm, deen ongeféier esou grouss ewéi e fënnefstäckegt Gebai wor, gewisen. Am Film selwer ass et ëm de Problem vun der globaler Erwäermung gaang, déi héich Temperature mat sech bréngt, wouduerch d’Äis schmëlzt an doduerch d’Liewe vun den Äisbieren a Walrossen sou erschwéiert dass sie vum Ausstierwe bedrot sinn. Déi schéi Biller goufe mat musikalescher Begleedung vum Paul McCartney an der Orginalerzielung vum Maryl Streep bereichert.

No deem éischter méi traurege Film, hunn mir nach als Erënnerung eng Ofschlossfoto am Musée gemaach, éier mir eis nees op d’Heemrees gemat hunn.

Valérie Cornu

Auto & Technik Museum Sinsheim

Page 29: bulli 2013_2

bulli Summer 2013 29l

Vum 7. bis de 9. Juni hu sech zu Dublin 102 jonk Ingenieuren an Ingenieursstudente getraff fir, op Aluedung vun der Associatioun „Engineers Ireland“, d‘Spring Conference vun EYE ofzehalen. Ech, äre President de Venant, war dee Weekend dobäi fir d‘ANEIL an d‘lëtzebuergesch Ingenieursstudenten ze vertrieden. Och eis Kollege vun der ALI ware vertrueden, an zwar vum Micky Dauphin. Hei, op e puer Säiten, e klenge Rapport iwwert dat wat ech erlieft hunn.

D‘Associatioun European Young Engineers (EYE) gouf viru bal 20 Joer gegrënnt a besteet am Moment aus 22 Membersassociatiounen aus 14 verschiddene Länner, vun deenen eng d‘ANEIL ass, also eise flotte Veräin. D‘Ziel hannert dem Projet EYE ass et, jonk Ingenieuren an Ingenieursstudenten 2 mol am Joer op 2 Konferenzen an europäesche Stied zesummen ze bréngen an do Virträg, Workshops a Visiten unzebidden. E groussen Deel vun de Konferenze besteet awer och nach aus allgemenger Kultur an, natierlech, Networking. Sou ass et och kee Wonner dass ee mat bal all de Leit immens liicht an d‘Gespréich kënnt an sou e ganz flotten Austausch kann hunn. Dëst war meng drëtt EYE Konferenz, sou dass ech scho vill Leit kannt hunn, ech weess awer aus Erfahrung dass ee ganz liicht als „Neien“

opgeholl gëtt - de Public deen do ass interesséiert sech wierklech fir een.

Freides ass et lass gaang mam Check-In an eisem Konferenz Hotel. Dono ass et direkt an de Bus gaang, d‘Visiten hunn op eis gewaart. Et hat een de Choix tëscht dem Gas Relais vun der irescher Insel, eng Waasseropbereedungsanlag an, mäi Choix, dem Air Traffic Control (ATC) vun Dublin. Dësen ass speziell, well all d‘Volen iwwer Europa déi an Nordamerika fléien, vun deem ATC gehandlet ginn - dat sinn der insgesamt ca. 500000 pro Joer! Eng super interessant Presentatioun an eng onwahrscheinlech Atmosphär am Kontrollraum hu mech mat mengem Choix zefridde gemaach. Dunn ass et rëm zeréck an den Hotel gaang, fir d‘Konferenz mat engem Speach offiziell ze erëffnen. No engem klengen Owesiessen ass et dunn och schonn op den éischte kulturellen Deel gaang - e Pub Tour mat traditionellen Irish Folk Museker, en absolut genialen Owend!

Samschdes ware wéi all Joer d‘Plenarsitzung an d‘Workshops. D‘Virträg goufe moderéiert vum President vun EYE, dem Paul Murphy, ugefaangen huet de Secretary General vun EYE, den Tim Moenkedieck. Weider Riedner waren z.B. de Buergermeeschter vun Dublin oder Leit wei den

EYE@Dublin 2013

EYE @ Dublin 2013

Page 30: bulli 2013_2

30 bulli Summer 2013l EYE@Dublin 2013

Dr John McMackin vun der DCU Business School. D‘Thema war am allgemengen Intercultural Communication, Energy an Change Management.Nomëttes ass et weider gaang mat de Workshops, wou et och weider iwwer Kommunikatioun, Management, Netzwierker an Energie gaang ass. Ech hu kee vun deene besicht, well ech als Council Member op der grousser Versammlung vun de Virstänn war. Mir haten e gudden Dialog mateneen de ganzen Dag, sou hunn sech z.B. d‘Däne virgestallt an ech hu vun den anere Veräiner wéi dem VDI

McGrath. No enger kuerzer Presentatioun vun der nächster Konferenz krute mer dunn nach e Workshop vun Engineers without Borders gebueden, ganz interessant, zemools d‘Gepréicher mam Responsable ware flott - dir erënnert iech, d‘ANEIL war d‘läscht Joer e Spender vun Ingenieure ohne Grenzen!

Nomëttes gouf et nach e witzegen kulturellen Event, an zwar d‘Gaelic Games, eng Mëschung aus Football, Handball a Lacrosse. Ech hu leider misse

oder Engineers Ireland sou munnech Iddi notéiert, déi och fir eist Ländchen an eise Veräin interessant wieren.

Owes ass et dunn am schicken Zwir op de Gala Dinner gaang, an do gouf et e richtegen Event: den Dinner war an der aler Jameson Whiskey Distillery! Dat huet geheescht dass et fir d‘éischt mol e flotten Tour duerch d‘Expositioun gouf an et och e bëssen (wierklech just e bëssen) ze schmaache gouf. D‘Iesse selwer war am hauseegene Restaurant, an all Plat hat dann och seng kleng Jameson Komponent. Nom Iessen ass et du richteg lass gaang, mir haten eng ganz Mannschaft vun Irish Folk Museker do an Dänzer, déi fréier fir d‘Riverdance Show geschafft hunn. D‘Stëmmung ass och dunn ëmmer besser ginn, et huet keen et fäerdeg bruecht, sech net matrappen ze loossen! No engem klengen Ofstiecher an den Zentrum ass et dunn gutt gelaunt a mat ville gudden Erënnerungen an d‘Bett gaang.

De läschten Dag si mer an de Siège vun Engineers Ireland getrëppelt, dee ganz nobäi war am Diplomatevéirel. Hei gouf d‘Konferenz offiziell ofgeschloss an och d‘Amtszäit vun eisem Secretary General, dem Tim Moenkedieck, beend. Nofolgerin ass seng Kollegin vun Engineers Ireland, d‘Siobhán

passen, meng Foussverletzung aus Japan war nach net komplett kuréiert. Ech hunn déi Zäit genotzt a si mat Kollege vum VDI a vu KVIV Jongeren duerch d‘Diplomateveirel bis op d‘Plage getrëppelt an dono laanscht de Kanal zeréck an d‘Stad; Dublin ass eng wonnerschéi Stad a mir haten idiotesch vill Chance mam Wieder - laut mengem Taxi Chauffer hunn se 2 Joer drop gewaart.

Et war rëm eng super Konferenz, no Rotterdam a Malta meng drëtt an et mécht vu Kéier zu Kéier méi Spaass. Dir, als Membere vun der ANEIL, hutt vill Virdeeler! Ofgesi vun all den Events déi mir, äre Comité organiséieren, sidd der automatesch och Membre non votant vun der ALI an eben och Member vun European Young Engineers. Dat heescht souvill wéi: dir sidd häerzlech wëllkomm, op sou eng Konferenz matzekommen.

Déi nächst steet da scho virun der Dier, an zwar vum 6. bis den 8. September 2013 zu Antwerpen an der Belge. Mellt iech bei mir ([email protected]) falls der interesséiert sidd, ech sinn souwisou rëm präsent. Et géif mech an déi aner Membere vun EYE immens freeën!

Venant

Page 31: bulli 2013_2

Frei

ght

CFL

Fre

ight

, you

r pa

rtne

r fo

r co

mpl

ete

rail

& r

oad

logi

stic

s cu

stom

ised

to y

our

need

s

Con

tain

er T

erm

inal

Zi S

chél

eck

2L-

3225

Bet

tem

bour

gLu

xem

bour

g+

352-

5198

10-1

info

@cf

l-mm

.lu

ww

ww

w.c

fl-m

m.lu

CFL

car

go11

, bou

leva

rd J

. F. K

enne

dyL-

4170

Esc

h-su

r-A

lzet

teLu

xem

bour

g+

352-

2481

-470

7in

fo@

cflc

argo

.luw

ww

ww

.cflc

argo

.eu

Page 32: bulli 2013_2