Bulli 2010_4

24
Wanter 2010 EDITEUR RESPONSABLE Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG Imprimerie Centrale LUXEMBOURG PORT PAYE P/S. 083

description

Aneil Bulli 2010_4

Transcript of Bulli 2010_4

Page 1: Bulli 2010_4

Wanter 2010

EDITEU

R RESPON

SABLE

A

ssociation Nationale des Etudiants Ingénieurs

Luxembourgeois

4, bd Grande-D

uchesse CharlotteL-1330 LU

XEMBO

URG

Im

primerie Centrale

LUXEM

BOU

RG

PORT PAYE

P/S. 083

Page 2: Bulli 2010_4

Iwwersiicht 5/2010

3 Virwuert4 Den ANEIL-Comité 20106 Visite Opelwierk I Bochum8 Sünner Brauerei 9 RWE Kuelekraaftwierk Weisweiler11 Kommunikatiounszentrum Bayer12 Veltins Arena 13 Zollveräin15 Foire de l‘étudiant 201017 Visite vum Tunnel Stafelter20 Dipomaarbecht vum Marc Cloos23 Invitatioun AG & Visite Luxlait

Impressum

Responsablen Editeur:Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL)4, bd Grande-Duchesse CharlotteL-1330 Luxembourgtél.: +352 45 13 54fax.: +352 45 09 32Internet: www.aneil.luEmail: [email protected]: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000

De Bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 300 Exemplären.

Redakteren:Tom Schmit, Elio Rerman, Paul Nathan, Caroline Gaspar, Tom Jung, Gilberto Fernandes, Cloos Lis, Cloos Marc, Hellinghausen Sophie

Chefredakteren:Gilberto Fernandes, Paul Nathan

Layout:Marc Becker, Danièle Mousel, Max Schmitz

Cover:Rita Kreins, Line Friob, Max Friob, Max Schmitz

Drock:Imprimerie Centrale

D’Reproduktion vun den Artikelen as grondsätzlech erlaabt wann d’ Quell ugi gëtt. D’ANEIL as awer nët verantwortlëch fir de Gebrauch deen domatt kéint gemat ginn.D’Artikelen engagéiren nëmmen den Auteur.Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gi vu Studenten, déi hier ANEIL’s Charge niervt hieren eigentlëche Studien erfëllen. Wéinst Zäitmangel as et dann och net méiglech eng perfekt Zeitung erauszebréngen.

De Pabeier vun dësem Bulli as FSC certifiéiert.

Page 3: Bulli 2010_4

bulli Wanter 2010

3

Salut Memberen a Frënn vun der ANEIL,

Et ass lo schon eng Zäitchen hier datt d’ANEIL hier Generalversammlung hat an en neie Comité gewielt ginn ass. Eng ganz Partie nei Memberen hunn sech entscheet fir am Comité matzeschaffen, wat natierlech eng gutt Saach ass fir flott Aktivitéiten kënnen ze organiséieren. Déi genau Zesummestellung vum Comité kënnt dir op deenen nächste Säiten noliesen. Ech wëll awer och profitéieren fir deenen alen Comitésmemberen fir hier Aarbecht déi si fir d’ANEIL geleescht hunn Merci ze soen.De Comité vun dësem Joer ass och héich motivéiert an probéiert säin Bescht ze maachen. Mir waren schon op 4 Schoulaktiounen, wou mir probéiert hunn de Schüler den Ingenieursstudium an Beruff méi no ze bréngen. Als éischt Visite vun dësem Joer ware mir den neien Hangar vun der Cargolux kucken an déi nächst Visite ass och schon fir den 2. Abrëll geplangt. Dësen Dag fënnt och Mëttes um 15:00 Auer eis traditionell Table Ronde an der Chambre de Commerce um Kierchbierg statt mat Owes enger Soirée Ingénieur an Clausen.Profitéiert vun dëser flotter Gelegenheet fir mat Firmen a Kontakt ze kommen. Bei der Sich no engem Stage oder no enger Arbechtsplaatz sidd dir hei op der richteger Plaatz an dir gidd aus éischter Hand informéiert. Ech hoffen Iech all op der Table Ronde an och Owes ze gesinn an wënschen Iech vill Spaass bei der Lektür vum neie Bulli.

Äre PresidentMichel Hansen

Virwuert

Virwuert

Page 4: Bulli 2010_4

4

bulli Wanter 2010

Pit DemuthDélégué aux relations publiquesKarlsruhe - Bauingenieur

14, rue EichL-3352 LeudelangeTel: +352 378801GSM: +352 661 799369Kriegsstrasse, 130D-76133 KarlsruheTel: +49 [email protected]

Paul NathanDélégué aux publicationsOochen - Bauingenieur

107, cité HierzesprongL-3728 RumelangeGSM: +352 621 354162

Roermonder Str. 108D-52072 [email protected]

Michel HansenPrésidentOochen - Maschinenbau

3, rue des présL-3336 HellangeTel: +352 511077GSM: +352 691562271

Marienbongard 28D-52062 AachenTel: +49 241 116 034 [email protected]

Lis CloosProgramme d’échangesZürich - UmweltNW

13, rue des AlliésL-4712 PétangeGSM: +352 621 161785

Götzstrasse 5CH-8006 ZürichTel: +41 43 535 93 25GSM: +41 76 402 19 [email protected]

Marc BeckerVice-PrésidentOochen - Bauingenieur

1, rue de la rivièreL-3276 BettemburgGSM:+352691626891

Bismarckstr. 181D-52066 AachenGSM: +49 176 [email protected]

Yves RothTrésorierKarlsruhe - Maschinenbau

16, rue EechelsbaachL-4871 LamadelaineTel: +352 50 27 26GSM: +352 691 91 50 70

Philippsstrasse, 4D-76185 KarlsruheGSM: +49 151 [email protected]

Max SchmitzProgramme d’échangesZürich - Maschinenbau

45, rue Louis XIVL-1948 Luxembourg

Viktoriastrasse 60CH-8050 ZürichGSM: +41 79 595 [email protected]

Danièle MouselSecrétaireOochen - Entsorgungsing.

7, rue des VergersL-7338 HeisdorfTel: +352 33 79 28GSM: +352 661 914 213

Karlsgraben 27D-52064 AachenGSM: +49 176 [email protected]

Yves DuhrGestion des fichiers & Site InternetOochen - Informatik

16, KaulepadL-9167 MertzigGSM: +352 621 483134

Auf der Hörn, 352074 AachenGSM: +49 178 [email protected]

Gilberto FernandesDélégué aux publicationsOochen - Bauingenieur

6, rue des PêcheursL-9552 WiltzGSM: +352 691 957 239

Roermonder Str. 15D-52072 [email protected]

Comité 2010

Page 5: Bulli 2010_4

bulli Wanter 2010

5

Tom SchmittRelations intercerclesKaiserslautern - Architektur

17, rue Hamen L-5219 Sandweiler GSM: +352 621 768 [email protected]

Jean-Luc RippingerResponsable Foire de l’étudiantMünchen - Luft- und Raumfahrt25, rue de la TuilerieL-4336 Esch/AlzetteGSM: +352 621132330Gunta-Stölzl-Str. 580807 MünchenGSM: +49 176 [email protected]

Annick BeckerResponsable sponsoringBruxelles - Ingénieur civil architecte

57, DuerfstroossL-9644 DahlTel: 899458GSM: 691811123Avenue des courses 24B-1050 BruxellesGSM:[email protected]

D’ANEIL am Internet:

Comité 2010

Page 6: Bulli 2010_4

6

bulli Wanter 2010

D’éischt Visite vun eiser internationaler Rees 2010 huet eis op Bochum bei den Autohirsteller OPEL gefouert. Dëst iwwert 700.000 m2 grousst Wierk ass ee vun den dräi Opelwierker zu Bochum. Et gouf Ufank vun de 60er Joeren um Terrain vun enger fréierer Zeche ariicht, wouduerch ufanks iwwert e Véirel vun den Aarbechter ursprénglech aus dem Biergbau komm sinn. Ab Juli 1963 ass da schlussendlech deen éischten Auto vum Band gelaf: dëst wor den Opel Kadett A.

Hunn a Spëtzenzäiten bis zu 22.000 Leit an dësem Wierk geschafft, esou sinn et der haut just nach 4.000. Si produzéieren d’Modeller Opel Astra an Zafira fir Europa an Australien esou ewéi den Vauxhall Astra an Zafira fir England. All Daag lafen iwwert 700 Autoen vum Band.

D’Produktioun vun esou engem Auto ass a verschidde Phasen agedeelt:

1. Entwécklung

Vun der éischter Zeechnung bis zum produktiounsfäerdegen Auto kann et bis zu 6 Joer daueren.

2. Réibau

Um Ufank vun all Astra an Zafira sti 27 Tonne schwéier Stolrullen. Dës Rulle kommen an d’Presswierk wou dann ënner Drock mat enger Kraaft vu bis zu 5000 Tonnen déi eenzel Carrosseriestëcker gepresst ginn. Dës riesech Pressen bestinn aus bis zu 6 verschiddene „Werkzeugen“ di jeeweils aner Blechstécker pressen. Huet de Werkzeugwiessel fréier 4,5 Stonne gedauert, esou sinn et haut just nach 8 Minutten.

Pro Daag ginn am Opelwierk bis zu 700 Tonne Stol verschafft, dorausser entstinn ëm di 120.000 Carrosseriestëcker. Vun dëse 700 Tonne Stol fale leedeglech 0,01% Schrott un.

Basis fir all Carrosserie bilden de Chassis, d’Säitewänn, den Daach esou wei och divers Querträgeren déi den Auto aussteifen. Si ginn alleguer an nëmmen engem Aarbechtsprozess zesumme geschweest. Déi eenzel Stëcker bestinn zudeem all aus verschiddenen Déckten. Dës Déckten setzen sech aus de Belaaschtungen zesummen déi di eenzel Stëcker mussen aushalen: si variéiere vun 0,7 mm am Beräich vum Daach bis zu 2,6 mm am Beräich vun der B-Sail, dës ass bei engem Säitecrash nämlech deene gréisste Forcen ausgesat.

Zu Bochum sinn insgesamt 1300 Robotere fir d’Zesummeschweessen vun deenen eenzelnen Carrosseriekomponenten zoustänneg. Hinzou kommen nach 8 Peschrobotoren di ausschliisslech kleng Aarbechten am Beräich vum Daach maachen.

Déi eenzel Schweesspunkter vun der fäerdeger Carrosserie ginn zum Schluss nach eng Kéier op Fehler hin kontrolléiert. Hei gëtt tëschent zwou Bewäertungen ënnerscheet: OK an NOK (d’Carrosserie weist Fehler op). No dësem Kontroll kommen d’Carrosserien an d’Lackéierei. Ab hei dauert et nach 21,4 Stonnen bis den Auto fäerdeg ass.

3. Lackéierung

Eier d’Réibau Carrosserien lackéiert ginn ginn se

Visite vum Opelwierk I zu Bochum

Opelwierk Bochum

Page 7: Bulli 2010_4

bulli Wanter 2010

7

fir d’éischt nach eng Kéier mat salzfräiem Waasser ofgespullt fir dass de ganze Knascht dee während dem Zesummeschweessen drun komm ass geléist gëtt. Anschliessend kommen se an en Tauchbad wou se géint Rascht traitéiert ginn. An de nächste Schrëtter ginn dann déi eenzel Lackschichten opgedroen:

- Phosphatierung (fir dass de Lack besser hält)- KTL Schicht- Grundlack- Basislack (wäiss fir hell Autoen an schwaarz fir donkler)- Lack (de Faarftoun deen de Client erausgesicht huet)- Klarlack

Dat ganzt gëtt da bei 180 Grad an engem groussen Uewen gedréchent. Anschliessend kréien d’Carrosserien nach en Unterbodenschutz.

4. Fertigmontage

Nodeems d’Carrosserien fäerdeg lackéiert sinn kommen se op de Fliessband. Iwwert d’Fahrgestellnummer gesinn d’Aarbechter wei eng Stëcker se an di eenzel Autoe verbaue mussen. Ugefaange gëtt mat den Dämmplaquen an dem

Teppechbuedem. Weider geet et mat der Motorhauf a dem Malldeckel, duerno kommen d’Kabelen an den Daachhimmel, an anschliessend nach d’Luten, de Cockpit an d’Sëtzer un d’Rei. Fir een esou en „Job“ huet den Aarbechter 100 Sekonnen Zäit, no enger Stonn gëtt de Job an der Grupp gewiesselt.

5. Hochzäit

Nodeems d’Carrosserien fäerdeg montéiert sinn kommen als éischt nach de Motorsträger an d’Boîte an den Auto. Anschliessend kennt et dann zur sougenannter Hochzäit. Dorënner versteet een dee Schrëtt am Autobau wou de Motor esou wei d’Achsen samt Antriebswell mat der Carrosserie verschrauwt ginn.

Am nächste Schrëtt ginn dann nach d’Pare-Chocen an d’Rieder montéiert, de fäerdegen Auto verléisst elo d’Schinn un där en duerch d’Luut geschwieft ass.

6. 100% Car Control

Nodeems déi fäerdeg Autoen fir d’éischte Kéier Buedemkontakt hunn ënnerlafen se engem Check bei deem alles op de korrekte Fonctionnement hin getest gëtt. Zudeem gëtt den Tank och nach mat 6-8 Liter Benzin oder Diesel gefëllt. Esou bal se d’Fliessband verlooss hunn ginn d’Luten an den Tacho nach richteg agestallt. Zudeem kontrolléiert e Mataarbechter op d’Spaltmoosen alleguer d’nämlecht sinn. Zu gudder Lescht gëtt nach eng Testfahrt vun 700 Meter mam Auto gemaach.

No all dëse Schrëtter ass en Astra bzw. Zafira endlech fäerdeg a kann un de Client ausgeliwwert ginn.

Tom Schmit

Opelwierk Bochum

Page 8: Bulli 2010_4

8

bulli Wanter 2010

Visi

te S

olar

woo

d

Die Geschichte

Ich werde euch heute über die älteste, noch heute betriebene, Kölsch-Brauerei erzählen.Die Geschichte dieser Brauerei begann im Jahre 1830, auf der rechten Rheinseite.Ein gewisser Franz Hesse der Schwager von Christian Sünner gründete die Brauerei die nach seinem Tot und der seiner Frau von Christian 1846 übernommen wurde. Die Kundschaft war vor allem bürgerlich und scheute sich nicht wenn es sein musste den Rhein zu überqueren, um einen oder mehrere Sünner Biere zu genießen.Bei dem Erfolg und diese treue Sünner Liebhabern entschloss sich Christian 1858 im kleinen Ort Kalk eine neue Brauerei zu bauen. Rund zwei Jahre später war der ersehnte Augenblick gekommen, es kam zum Ausschank des im Kalk gebrauten Bier. Seit her machte dieses Bier seinen Weg bis zu uns hier und heute am ersten Abend einer tollen Reise mit der ANEIL.

Die Besichtigung

Die recht nette Führerin die wenn meine Erinnerungen gut sind im Bereich Biologie studierte, fing an uns zu erzählen dass Kölsch ein helles filtriertes obergäriges Vollbier ist.Dazu respektiert Sünner das Reinheitsgebot indem nur 4 Zutaten benutzt werden können, es sind Wasser, Mehl, Hopfen und Hefe. Ein tolles geschmackliches Erlebnis war auch der 2-3 Fache Genuss des Jungbieres, so wird das Bier unmittelbar nach der Hauptgärung bezeichnet.

Nur als Info, nach der Hauptgärung wurde der aus dem Malz gelösten vergärbaren Zucker bereits in Alkohol und Kohlendioxid umgewandelt. Die Farbe des Jungbieres ist eine art trüblicher Weiß, ziemlich entfernt vom goldigen Gelb des Fertigbiers nach dem filtrieren.

An der Stelle erklärte uns die nette Führerin dass Jungbier gut für das Immunsystem sei, darauf hin antwortete ich dass es also besser sei Bier zu trinken als eine Spritze zu bekommen.Da sagte sie ‚,Ja, in der Tat ist Bier weniger schmerzhaft denn es wird ja Oral getrunken’’. Oder so ähnlich auf jeden Fall war von da an die Stimmung noch viel besser wie vorher.

Das Essen

Was sagen es gab eben mehr als genug und die sorge dass es an Bier fehlen würde war unberechtigt denn als jeder genug vom hausgemachten Edelgetrank hatte, hatten wir noch 42 Bier zu gute. (nur zur Erinnerung wir waren +- 12 am Tisch) also entschlossen wir uns einige Biere gegen einen Brandwein umzutauschen der ebenfalls hausgemacht war und der beim Dessert wahrlich gut passte.So neigte sich unsere Besichtigung zu Ende in guter Laune und mit etwas mehr Ahnung über die Kölsch Tradition.

Elio Rerman

Sünner Brauerei

Sünner Brauerei

Page 9: Bulli 2010_4

bulli Wanter 2010

9

Visi

te S

olar

woo

d

Duerch d´Knappheet vu primäre Brennstoffer réckt Thema Energiepolitik ëmmer méi an de Fokus vun den ëffentleche Medien. Als Ingenieur gëtt et dowéinst och ëmmer méi wichteg sech an dësem Themeberäich auszekennen. An dësem Zesummenhang hunn mer den zweeten Daag vun eiser Rees d´Kuelekraaftwierk vun der Firma RWE zu Weisweiler an den Tagebau zu Inden besicht.

An der éischter Etape vun eiser Visite zu Weisweiler goufe mer an engem Virtrag mam RWE-Konzern an hirer Energiepolitik vertraut gemaach. RWE zielt haut zum gréisste Stroumproduzent an Däitschland an zum drëttgréissten a ganz Europa. Niewent der Stroumproduktioun këmmert sech RWE ausserdeem nach ëm d´Förderung (Ofbau) vu primäre Brennstoffer. Heibäi ass de Referent nach engkeier ganz daitlesch op d´Ofhängegkeet vun der Braunkohle an Däitschland angangen, an huet erklärt datt eigentlech nach genuch Kuel do ass fir de Bedarf bis zum Joer 2045 ze decken allerdéngs schon am Joer 2018 den Austrëtt aus der Stroumproduktioun mat der Kuel versicht gett. Am zweeten Deel vum Virtraag gouf eis d´Funktiounsweis vum Kuelekraaftwierk an all senge Bestanddeeler nach kuerz erläutert iert mer eis dat ganzt um Terrain ukucke gaange sinn

Bei der Visite vum Kuelekraaftwierk selwer wou schon säit dem Joer 1955 Stroum produzéiert gëtt, gouf eis dann erklärt datt dat ganzt Kraaftwierk eigentlech aus 6 Bléck mat 2 Vierschaltungsturbinen besteet an insgesamt eng Netto-Gesamt-Leeschtung vun 2.590MW huet. Verfahrenstechnesch gesinn ass de Viergang awer an all Block praktesch dee selwechten. Als éischt gett déi fiescht Kuel gedreschend iert se mat Hellef vun enger Mille gemuel gett an am Kessel bei enger Temperatur vun 1000 Grad verbrannt gett. Esou gett dei chemesch gebonnen Energie vun der Kuel a Wärmeenergie emgewandelt. D´Aussenwänn vum Kessel bestinn aus dicht matenee verschweesstene Reier an deenen d´Aarbeschtsmedium Waasser dran

zirkuléiert. Duerch desen Opbau gett séchergestallt datt d´Waasser an deenen emleienden Reier erwärmt gett a verdämpt. Desen Damp gett zur Turbine geleet wou d´Wärmeenergie dann a Beweegungsenergie emgewandelt gett. Daat geschitt an deems den Damp als aller éischt iwwert en vergläichsweise klengen Héichdrockdeel an dann zu deene méi grousse Metteldrockdeeler an Niederdrockdeeler geleet gett. Turbin ass direkt mam Generator verbonnen wou duerch Dreibewegung vun der Turbin (50 Emdreihungen an der Sekonn) Bewegungsenergie an Stroum mat Hëllef vun engem Magnéitfeld ëmgewandelt gëtt. Déi ganz Prozesser ginn natierlech an enger Schaltzentral iwwerwaacht déi mer eis och nach um Enn vun eisem Kraaftwierksrundgang ukucke konnten.

Zum Schluss vun eiser Visite sinn mer dann nach den Tagebau Inden net weit vum Kuelekraaftwierk besichtege gaangen. Hei konnte mer eis vun enger Aussichtsplattform aus en Androck iwwert déi riseg Ausmoossen vun dem 1.295 ha groussen Oofbaugebiet maachen an dobäi nach déi riesech Schaufelradbagger bestaunen déi pro Daag ongeféier 240.000 Tonnen Kuel kennen ofbauen.

Paul Nathan

RWE Kuelenkraftwierk

RWE Kuelenkraftwierk Weisweiler

Page 10: Bulli 2010_4

Invi

tatio

un S

oiré

e In

gene

iur

Guardian Luxguard I - Bascharage,one of the 3 Guardian plants strategically located in the Grand Duchy of Luxembourg is manufacturing float glass, safety glass, low-emissive glass and Reflective glass to be delivered to demanding customers world-wide. We are currently looking for:

1 MECHANICAL ENGINEER (m/f)

And 1 ELECTRICAL ENGINEERS (m/f)

Applicants to the position should have: * University degree in Mechanical or Electrical Engineering.* Experience in a similar position preferable in an industrial environnement is desirable but not mandatory.* Fluent in English and German, any other language is an asset.* Good written and verbal communication skills.* Able to work independently within a team.* Self-motivated, a positive attitude, a high energy, leadership skills and self-motivated.* A mature and well-organized work attitude.* Willing to progress within a growing company.* Desire to drive quality within organization.

When you join us you will find a polyvalent job. If you are interested in this exciting opportunity, please upload your resume through our website www.guardian.lu in the “jobs” tab.

Guardian Industries is currently reaching worldwide employment of 18 000. Innovation, foresight and experience, resulting in a reliable supply of the highest quality products at competitive prices, are responsible for our leadership position and continuing global expansion. In Europe, facilities are strategically located in eight different countries (with three plants in Luxembourg) where 4500 employees serve demanding customers, to their full satisfaction, day in, day out.

Page 11: Bulli 2010_4

bulli Wanter 2010

11

Invi

tatio

un S

oiré

e In

gene

iur

Kommunikatiounszentrum Bayer

Kommunikatiounszentrum Bayer

Nodeems mer eis op enger schéiner grousser Wiss e bëssen gesonnt haten, hu mer eis duerch de Japanesche Gaart (deen zu de Virgäert vun der Firma Bayer gehéiert) op de Wee a Richtung Bayer Kommunikationszentrum gemaach.

Hei hate mer um 15:00 Auer Rendez-vous, wou mer sollten all Informatiounen iwwer d’Firma Bayer kréien. Anescht wéi erwaart si mer gewuer ginn datt dëst net nëmmen eng reng Pharmafirma ass, mä datt si nach a villen anere Beräicher aktiv ass. D’Firma Bayer, déi sech weltwäit ausgebreet huet an 108 000 Mataarbechter huet, beschäftegt sech virun allem mat den Theme Gesondheet, Ernährung a mat héichwäertege Materialien. Hiert Ziel ass et op dës Manéier dem Mënsch ze notzen a seng Liewensqualitéit ze verbesseren an ze vergréisseren. Virun allem ginn hei vill Suen an d’Fuerschung investéiert.

Sou konnte mer dann och e Bléck op déi verschidde Beräicher werfen. Mat enger klenger Erklärungen iwwer d’Problematik vun der steigender Weltpopulatioun am Zesummenhang mat der falender Landwirtschaft huet dat Ganzt ugefangen.Dunn hu mer eis mam Planzeberäich befaasst, an do méi speziell mat Planzeschutzmëttelen déi hei entwéckelt ginn fir dem Mënsch säi Planzenubau, an domat seng “Nahrung” ze sécheren, ouni d’Natur un sech unzegräifen.

Duerno gouf sech mam Thema Gesondheet auserneegesat. Hei huet dann och missen e bëssen interaktiv matgeschafft ginn. Woubäi déijéineg, deenen dat virdru bëssen ze dresche war, rëm esou lues erwescht sinn. E Quiz wéi bei “Wer wird Millionär” war en Deel vun dësem Beräich. Virun allem Froen iwwert de mënschleche Kierper stoungen um Programm. Mir haten hei e Score erreecht vun 8 vun 10 richteg beäntwert Froen , woumat mer eis zefridde ginn hunn.

Schliisslech hu mer nach e Bléck op en héichwäertegt Material gehäit, wat ganz ënnerschiddlech Eegenschaften opzeweisen huet, an zwar Polyurethan. Et ass e Material wat esouwuel bei Matratze wéi och bei der Isolatioun vun Haiser gebraucht gëtt, fir emol nëmmen 2 Beräicher ze nennen. (Nodeems dem Elio eiser léiwer Guidin gehollef hat fir d’Knäpp vun hirem Kittel zouzemaachen) krute mer dann och e klengt Experiment am Zesummenhang mat der Hirstellung vu Polyurethan gebueden.Dunn koum fir eis Männer awer dee schéinsten Deel vun der Visite. Hei sinn mir an en Raum komm wou en Fussballsgoal opgebaut war, vu que dat Bayer jo och an deem Beräich als Sponsor wierkt. Soumat konnt jidderee vun eis säi Kënnen ënner Beweis stellen a probéieren de Fussball an ee vun deenen zwee Lächer ze schéissen. Woubäi natierlech all Eenzelne säi Meescht a säi Bescht ginn huet, mä Danièle krut dobäi d’Jongen awer ouni Problemer ënnergebottert andeems et direkt deen éischte Ball an dat iewescht a soumat schwéierst Lach geschoss huet.

Nodeems jidereen seng Energie lass ginn war ass eis dunn Thema Sport nach eemol virgestallt ginn, woubäi d´Firma Bayer och Produzent vu Sportsmaterialien an -Kleeder ass. Och d´BayArena zu Leverkusen (woubäi mer rëm beim Fussball wieren) als Makett huet nach misse begutacht ginn an domat war eis Visite awer dunn och eriwwer, a mir hunn eis rëm mat neiem Wëssen op de Wee an d’Jugendherberg gemat.

Caroline Gaspar

Page 12: Bulli 2010_4

12

bulli Wanter 2010 Veltins Arena

Veltins Arena

Den zweeten Daag war et dunn souwäit, d’Visite vun der Veltinsarena op Schalke stoung un. No engem kuerzen Iwwerbléck iwwert Veräinsgeschicht, wou och d’Rivalitéit zum „Östlechen Noper“ wei se op Schalke fir den Erzrival aus Dortmund soen, kuerz ervirgestrach gouf, goung et dunn mat der eigentlecher Visite vum Stadion lass. Beim Bau vum Stadion goufen et allerdéngs eng Parti seriéis Problemer, déi mat dem Erdreich vum Ruhrgebit zesummenhänken, well duerch aal Stollen vun deenen de ganze Ruhrpott duerchzunn ass, setzt sech sou en schwéiert Bauwierk extrem staark, sou dass et mat der Zäit am Buedem versenke géif. Fir daat mat der Zäit ausgläichen ze kenne gouf en ronn 10 Meter heigen Hiwwel opgeschott wou dunn de Stadion drop gebaut gouf. Allerdéngs war de Problem domat nach net ganz aus der Welt, well sech de Buedem mat grousser Warscheinlechkeet net gläichméisseg setze géif, hätten sech bei engem konventionelle Bau wou de ganze Stadion aus engem Goss besteet grouss Rëss am Mauerwierk opgedoen. Sou ass een op d’Idee komm déi 4 Tribünesäiten eenzel ze bauen an nëmme flexibel mateneen ze verbannen, sou kann all Deel sech eenzel setzen sou wei den Ënnergrond et zouléisst, ouni dass onzoulässeg grouss Spannungen am Bau entstinn.

Dunn goung et bis op Tribünen eraus wou insgesamt 61673 Zuschauer Platz fannen, a bei Bedarf duerch en verschléissbaren Dach virum Wieder geschützt ginn. Mee net nëmmen den Dach léist sech beweegen, och de ganzen Terrain léist sech op Schinnen ënnert der Tribün erduerch virun de Stadion drécken, waat bei engem Gewiicht vun 11000 Tonnen ronn 4 Stonnen dauert. Dës Kombinatioun erméiglecht dass eng ganz Parti vu Veranstaltungen an der Veltinsarena kennen ofgehaal ginn di näischt mat Fussball ze dinn hunn. Mee all déi Leit op de Veranstaltungen wëllen och bekäschtegt ginn, dofir stinn 133 Zapkrin di iwwer en 5 km laange Leitungssystem mat 52000 Liter Veltins versuergt ginn zur Verfügung, an insgesamt

32 Kiosken mat allerlee Iessen zur Verfügung.

Schlussendlech ass et dunn duerch de VIP-Agang erof an de Keller gaang wou zu eisem Erstaunen nieft dem Presseraum och eng kleng Kapell ass, wou regelméisseg Dafen an Hochzäiten ofgehaal ginn. Och net ausgelooss hunn mer d’Vestiairen, déi fir munche Fan méi helleg sinn wei d’Kapell. Zum Bedaueren vun dem engen oder aneren ginn op Schalke keng fest Platzen am Vestiaire, d’Spiller setzen sech einfach den Trikotsnummeren no wann se opgestallt sinn, dëst ass eng aal Traditioun op Schalke wou am Ufank nëmme Biergaarbechter gespillt hunn, an nach keen eng Extrawurscht gebrode krut.

No der Visite goung et dunn nach bis den Fan-shop, wou den een oder aneren sech nach mat engem Souvenir agedeckt huet.

Tom Jung

Page 13: Bulli 2010_4

bulli Wanter 2010

13

Zollveräin

Am Nomëtte vum zweete September stoung d’Visite vum Zollveräin zu Essen um Programm.Nodeems puer motivéiert Leit et net loosse konnten déi geschätzten 100 Trape bis zur Entrée vum Ruhr Museum ze Fouss ze goen a Plaatz sech bequem vun der Rulltrap féieren ze loossen (mäin Respekt, by the way;)), konnt eis Visite duerch déi eemoleg Zeche ufänken.

Éier ech op de Ruhr Museum ze schwätze kommen, wollt ech nach puer Wierder zu der Zeche selwer soen.Eng Zeche ass en Biergwierk, wou Kuel gefördert a veraarbecht gëtt. 1847 ass d’Zeche Zollveräin a Betrib geholl ginn an se gouf benannt no der Däitscher Zollunioun déi duerch den Zollvereinigungsvertrag 1833 zustane koum. Deemools wor een dovunner iwwerzeegt Kuel, och nach „schwaarzt Gold“ genannt, wier den Energieträger vun der Zukunft. Dowéinst ass d’Zeche iwwert d’Joere stänneg vergréissert a moderniséiert ginn an et konnten an der Mëtt vum 20. Jorhonnert ongeféier 2,4 Milliounen Tonne Kuel d’Joer gefördert ginn. Zollveräin wor deemools net nëmmen déi gréissten Zeche aus dem Ruhrgebit, se gouf och als „déi schéinsten Zeche vun der Welt“ bezeechent.Trotz Rationaliséirung konnt dës Zeche finanziell net mat auslännesche Firme mathalen an huet dowéinst missten hier Dieren 1986 definitiv zou maachen.Hautdesdaags gehéiert d’Kokerei Zollveräin zum Weltkulturierwe vun der Unesco an ass Symbol fun der Industriekultur aus dem Ruhrgebit.

Elo zum Ruhr Museum selwer. Et handelt sech net ëm en klasseschen Industriemusée; au Contraire kritt een an der Dauerausstellung déi ganz Natur- an Kulturgeschicht vum Ruhrgebit gewisen. Dank engem flotte Film (deen een an enger gemittlecher Fautel konnt genéissen; wat no där kuerzer Nuecht grad gutt koum) krute mer en besseren Abléck an d’Liewen vun engem Ruhrgebitler. Dobäi ass virun allem däitlech ginn, wéi Multikulti d’Ruhrgebit ass,

an wéi Fussballfanatesch d’Leit sinn!

Dono ass et weider gaangen op den Daach vun der Zeche. Vun douewen hat een eng immens schéin Panorama-Vue op déi weider sëllech Zechen déi bis Haut d’Bild vum Ruhrgebit prägen.

Et hätt een nach stonnelaang duerch de Musée kennen trëllen, mä den Honger an den Duuscht hunn mat der Zäit d’Iwwerhand geholl, a mer konnten et alleguerten net méi erwaarden eis de Mo voll ze schloen!

Sophie Hellinghausen

Zollveräin, déi schéinsten Zeche vun der Welt

Page 14: Bulli 2010_4
Page 15: Bulli 2010_4

bulli Wanter 2010

15

Foire de l‘étudiant 2010

Foire de l’étudiant 2010

Eng vun eisen Haaptaktivitéiten

Nieft den Aktivitéiten déi d’Aneil fir hier Memberen organiséiert, ass si och an der Schülerinformatioun aktiv. Dorënner fale Visiten an d’Lycéeë fir d’Schüler iwwert den Ingenieursstudium a -beruff ze informéieren an ze motivéieren an natierlech eben och d’Foire de l’Etudiant, wou sech zwee Deeg laang beméit gëtt de Schüler de Beruff méi no ze bréngen.

Eise Stand

Fir méiglechst vill Schüler un de Stand unzezéien, huet de Comité sech och dëst Joer rëm eppes ganz Spezielles iwwerluecht. Natierlech war et schwéier d’Attraktioun vum leschte Joer ze toppen. Wéi, der wësst net méi wat lescht Joer um Stand lass war?Schwéier virstellbar, mä als kuerz Repetitioun: virun

engem Joer hate mer e Roboter vu Fanuc Robotics geléint kritt, de mer sou programméiert haten, dass en e Mocktailen an engem Shaker mëschen an dann a Becheren erausschëdde konnt. Och dëst Joer hu mer rëm de Roboter vu Fanuc Robotics geléint kritt an hu gutt iwwerluecht wat mer dëst Joer maache kéinten. Schliisslech ass decidéiert gi vir e klengt Spill mam Roboter ze maachen. Et ass dorëms gaang, mat engem Joystick de Roboteraarm duerch e Slalomparcours ze féieren. Dobäi huet en als éischt missten en hëlzene Zylinder mat Hëllef vun engem Magnéit un den Aarm fixéieren an da mat dësem Zylinder sou séier wéi méiglech e Slalomparcours absolvéieren. Wat hei eventuell banal kléngt, huet sech dann awer an der Realitéit als zimlech usprochsvoll erausgestallt. Besonnesch den Handling vum Joystick war net sou evident wéi munchereen ugeholl huet!

Fir déi ganz Saach e bësse méi interessant ze maachen, gouf et heibäi och eppes ze gewannen. Deen mat der séierster Zäit huet e Bong am Wäert vu 75€, de mat der zweet séierster Zäit e Bong am Wäert vu 50€ an dann de mat der drëtt séierster Zäit e Bong am Wäert vu 25€ bei Amazon gewonnen. Insgesamt hunn sech 88 Leit an eis Lëscht agedro, woubéi e soe kann, dass e gudd Stéck méi bei dësem Spill matgemaach haten. En zweeten Highlight op eisem Stand waren och Ausstellungsstécker déi mer vun der Goodyear ausgeléint kritt hunn. Dëst waren emol en hallwe Pneu, deen op enger Säit opgeschnidde war, wou e ganz schéi déi verstäerkte Seitewänn konnt gesinn. An der Fachsprooch heescht dëse Pneu runonflat. Donieft hate mer nach e ganze Pneu vum Model Optigrip ausgeléint kritt, den zwou Schichte ‚Profil’ weist an duerstellt, dass och wann en hallef erofgefuer ass, erëm sou gutt wéi nei ass. Freides mëttes ass dann och en Expert vun der Goodyear (een eemolegen ANEILScomitésmember) laanscht komm, fir eppes zu dëse Pneuen erzielen ze kënnen.

Page 16: Bulli 2010_4

16

bulli Wanter 2010 Foire de l’étudiant 2010

Eis Informatiounen

Fir de Schüler méiglechst gutt an aktuell Informatioune weider kënnen ze ginn, hu mer dëst Joer d’Broschür vum CEDIES iwwert ‚métiers de l’industrie’ konnten ausdeelen. Zousätzlech hate mer e Flyer gemaach, wou d’Aneil kuerz virgestallt gëtta wou beschriwwe gëtt, firwat et sech lount en Ingenieursstudium unzefänken. Niewent dëse Publikatioune sinn et awer och besonnesch déi perséinlech Gespréicher mat de Schüler, déi hier Froe beäntweren. Och kann en hei och mol nach nofroen wou déi eigentlech Interessien iwwerhaapt leien, an se sou nach op aner Idee bréngen. An engem Gespréich kann en och déi bësse manner bekannten Ingenieursberuffer virstellen an sou de Bléckwénkel vun de Schüler e bësse vergréisseren.Vill Froe sinn och zu de Stied komm, wou en beschten sou en Ingenieursstudium ufänke soll. Jee nodeems, ween een aus dem Comité gefrot huet, wäert d’Äntwert tëschent Zürich, Oochen oder Karlsruhe geschwankt hun (Zürich!). Nee, lo am eescht, mer erklären ëmmer wou déi meeschte lëtzebuerger Ingenieursstudente studéieren an waat déi renomméiersten Unie sin an dat ass am däitschsproochege Raum haaptsächlech Oochen, Karlsruhe an Zürich. Am franséischsproochege Raum huet d’Aneil déi meeschte Memberen zu Lausanne.E besonnesche Merci geet u folgend Leit, ouni déi eise Stand kee sou e grousse Succès gewiergt wier:Dem Här Nigel Ramsden vu Fanuc Robotics soe mer Merci fir d’Ausléine vum Roboter an dem ganze Material daat dozou gehéiert huetDem Här Jean-Paul Brück vu Goodyear och e grousse Merci fir déi zwee Pneuen (inkl. Expert) déi mer op eisem Stand ausstelle konnten!Der Madame Karin Richard an dem Här Carlo Wies vum Cedies wëlle mer och villmools Merci soen, dofir dass mer éischtens d’Broschüre vum CEDIES verdeele konnten an zweetens dass si eis de Layout fir eise Flyer gemaa

Lis Cloos

Page 17: Bulli 2010_4

bulli Wanter 2010

17

Den 13. November 2010 huet d’ANEIL traditionell no der Foire de l’étudiant op eng interessant Visite an onsem Ländchen invitéiert. Dofir hunn sech och eng ronn 30 zukünfteg Ingenieuren/-innen beim Infocenter vum Tunnel Stafelter getraff.

Op der Platz goufe mer vun den Häre Marc Theisen an Thierry Flies vu Schroeder et Assosiés a vum Här Zacharias vum Ponts et Chaussées häerzlech begréisst. No engem klengen small talk goufen mer dunn awer all an den Infocenter ra gebieden, wou eis probéiert gouf en Iwwerbléck iwwert de komplexe Projet ze verschafen.

D’Autobunn A7 oder wéi de Lëtzebuerger seet d’Nordstrooss ass en laangjärege Projet den niewent dem bekanntem Tunnel Gousselerbierg a Grouft och de Stafelter abegräift. Mat dem ofschléisse vun dësem leschten (+/- 2014) gëtt déi laang erwaart Verbindung tëschent Luerenzweiler an dem Waldhaff endlech frei a soumat d’Nordstrooss un déi restlech Haaptachse vum Land verbonn. Dobäi ass Distanz, tëschent dem Südportal op der Héischt vun der Iechternacherstrooss N11 an dem Nordportal um Heeschdrëferbierg, vum Tunnel 1850 m. Déi 2 Tuben hunn am Querschnëtt d’Form vun engem sougenannte „fer à cheval“ a bidde pro Tube eng Querschnëttsfläch vun +/- 60 m2. Doduerch kennen a béid Fuerrichtungen 2 Fuerbunne konzipéiert ginn. Prinzipiell ass d’Form vum Stafelter soumat dem Gousselerbierg Tunnel, wou schon bestëmmt een oder anere vun iech daduerch gefuer ass, ganz ähnlech.

Fir den Tunnel selwer ze realiséieren, also tranchée Süd-Nord, goufen op 3 verschidde Methoden zeréckgegraff. De Grond dofir ass op déi ennerschedlech Geologie an op déi plazeweis geréng Iwwerdeckung zeréckzeféieren.

Visite vum Tunnel Stafelter

Déi éischt Etapp gouf op der Nordsäit entaméiert, wou nodeems den Terrassement op deenen éischten 200 m vum Tunnel hirgestalt wor, eng mobil Betoneierungsschuel (op schinnen) opgebaut gouf. An déi Schuel, déi Querschnëttsform vum Tunnel duergestallt huet, konnt de Beton gegoss ginn. Ab dem Zäitpunkt wou eng bestëmmte Festegkeet vum Beton erreecht wor, konnt Schuel weider beweegt ginn an den nächste plot (Deel) betonéiert ginn. Déi Virgoensweis ass eng sougenannte „offene Bauweise“ a gouf wéinst der minimaler Iwwerdeckung op der platz vun nëmmen 1-4 m als déi wirtschaftlechst an technesch bescht Méiglechkeet bestëmmt.

No deene éischten 200 m op der Nordsäit gouf den Tunnel vun der Südsäit ugegraff. Déi restlech 1650 m konnte wéinst der stabiler Geologie (Grès de Luxembourg) an enger zefriddestellender Iwwerdeckung ennerirdeg gesprengt ginn. Sprengung vun deenen 2 Fronten op der Südsäit goufen dobäi op ronn 100-200 m decaléiert an de Querschnëtt an 2 Etappen hirgestallt. Fir éischt gouf den ëwischten Deel (calotte) an dorops hin den ënnischten Deel (stross) gesprengt. Dës Moossnamen sollten eng bestëmmten Sécherheet bidden.

Visite vum Tunnel Stafelter

Page 18: Bulli 2010_4

18

bulli Wanter 2010

Visite vum Tunnel Stafelter

Dobäi kann all Sprengungsetapp vun enger Front op déi folgend elementar Schrëtter resuméiert ginn:• PCgesteiertOpzeechnungvun de Sprengungslächer an Hirstellung vun de Sprengungslächer (automatesch gebucht)• FëllungvundeSprengungslächermatder Sprengungsflëssegkeet a Sprengung• EvacuatiounvuSprengungsgaseranDamp• NeienhiergestalteQuerschnëttsdeel delikat frei man an ofgebaut Material aus dem Tunnel transportéieren

Befir déi nächst Sprengungsetapp duerchgefouert konnt ginn, huet awer den neien hiergestalten Deel geséchert an ausgesteift misste ginn. Dofir gouf op eng metallen droend Rumm, déi Querschnëttsform vum Tunnel ugeholl huet, zeréckgegraff. Zousätzlech gouf de ganze Querschnëtt dono mat Sprëtzbeton ausgekleed.Sprengung wor déi ideal Method fir dëse Projet, wouduerch op eng traditionell mechanesch Method sou wei op eng machinel Foreuse (Tunnelbohrmaschine) verzicht konnt ginn. Fir manner stabil Buedemschichten awer ofzebauen, wou eng Sprengung ze riskant wor, konnt den Entrepreneur op kleng Ofbaumaschinnen zeréckgräifen.

Punkto Statik vum Tunnel kann en soen dat déi ganz Struktur op dem Prinzip vun der neier éisträichescher Method baséiert (N.A.T.M). Dës Method geet dovunner aus, dat wann een en Aussteifungsrang ronderëm den Tunnel opbaut (metall droend Rumm & Sprëtzbeton), de massive Buedem ronderëm den Tunnel sech selwer stabiliséiert an dréit.

Déi lescht an drëtt wichteg Method déi bei der Realisatioun vum Tunnel benotzt gouf an ze erweene bleift, ass déi sougenannte „voûte parapluie“. Op der Héischt vun der Kräizung Stafelter (CR 119 an CR 126), wor en ganze Beräich mat enger minimaler Iwwerdeckung an onstabiler Geologie entdeckt ginn. Dofir goufen Stabilisatiounsréier aus metall a Richtung vum Tunnel an de Buedem firgebucht, déi d’Form vum Querschnëtt ugeholl hunn. (Photo) Dës Réier sollten déi onstabil Geologie aussteifen a soumat eng mechanesch Excavatioun vun dësem Beräich erméiglechen. Dobäi gouf de Buedem wei bei der Sprengung och an 2 Etappen ofgebaut.

Niewent der Realisatioun vum Tunnel selwer hunn awer nach missten op all Portalsäit Approviatiouns- a Commandosgebäier opgeriicht ginn. Dës Gebäier hunn op all Entrée vum Tunnel eng ennerirdeg Galerie, déi soumat eng Alimentatioun vun deenen 2 Tuben erméiglecht.

Page 19: Bulli 2010_4

bulli Wanter 2010

19

Visite vum Tunnel Stafelter

Ee weidere wichtege Punkt den op dëser platz nach ernannt sollt ginn, ass de Sécherheetskonzept vum Tunnel. Tëschent deenen 2 Tuben sen insgesamt 6 Galerien an engem Abstand vun 270 m gebaut ginn. 2 dovunner sen fir d’Rettungsween geduecht an déi restlech 4 fir den Duerchgang vu Persounen. Wéinst der favorabeler Geologie konnt zousätzlech, ongeféier an der mett vum Tunnel, en vertikalen Noutausgang fir Persounen gebaut ginn. All Tube besetzt och nach all 90 m déi üblech Sécherheetsnichen, wou en Feierlecher an en Nouttelefon installéiert sen. Fir d’Sécherheet weider ze verbesseren sen déi neisten Technologien punkto Sécherheet agebaut ginn (Capteuren fir d’Loftqualitéit, Kameraen déi den Damp erkennen, asw).

Et bleift awer ze soen dat de Sécherheetskonzept vum Tunnel op dem Prinzip vun der eegener hëllef baséiert. Dat heescht dat obwuel déi neisten Technik agebaut gouf a probéiert gouf genuch Noutausgäng ze konzipéieren en sech selwer am Noutfall sou séier wei méiglech a Sécherheet brénge soll an net am Auto op hëllef waarde soll, well déi Optioun am Noutfall oft tragesch end.

Gilberto Fernandes

Page 20: Bulli 2010_4

20

bulli Wanter 2010

Diplomaarbecht vum Marc Cloos:Modellierung des Lambda-Verlaufs aufgrund von Lastsprüngen als Applikationshilfe für die Wandfilm-Kompensation

Diplomaarbecht vum Marc Cloos

Die im Folgenden vorgestellte Diplomarbeit wurde am Lehrstuhl für Verbrennungskraftmaschinen der RWTH Aachen in Zusammenarbeit mit der Abteilung für Serienapplikation von Ottomotoren der FEV Motorentechnik GmbH in Alsdorf bei Aachen angefertigt.

Unter der Applikation eines Verbrennungsmotores ist die Einstellung von Parametern und Kennfeldern der elektronischen Motorsteuerung zu verstehen um die Fahrbarkeit (Sicherheit und Komfort), die Emissionsvorschriften des Gesetzgebers sowie dem Kundenwunsch nach einem geringen Kraftstoffverbrauch gerecht zu werden. Zusätzliche Funktionalitäten des Ottomotors wie die varia-ble Ventilsteuerung und die Aufladung erhö-hen den Applikationsaufwand, und dadurch die Entwicklungskosten erheblich. Dazu addieren sich die immer kürzer werdenden Fahrzeug- und Antriebsstrangentwicklungszeiten. Um die Applikationsarbeiten effizient zu unterstützen wird deswegen vermehrt auf CAE-Tools zurückgegriffen um verschiedene Vorgänge des ottomotorischen Prozesses zu simulieren. Ziel der Diplomarbeit war es, in diesem Sinne, ein Modell in Matlab-Simulink zu erstellen, welches als Applikationshilfe bei der Bedatung einer Funktion (instationäre Gemischkorrektur, siehe unten) des Steuergerätes herangezogen werden kann.

Abb. 1: Gemischbildung im Einlasskanal eines Ottomotors

In dem ersten Teil der Arbeit wurde die otto-motorische Gemischbildung in Hinblick auf den instationären Betrieb (Abb. 1) untersucht. Die Wandfilmbildung, also der teilweise Niederschlag des eingespritzten Kraftstoffs an der Saugrohrwand wurde dabei als Hauptproblem ausgemacht. Beim Beschleunigen und Verzögern kommt es, infolge des Geschwindigkeitsunterschiedes zwischen dem flüssigen Wandfilm und dem dampfförmig in den Brennraum gelangenden Kraftstoff, zu Abweichungen des Verbrennungsluftverhältnisses (λ) vom stöchiometrischen Sollwert. Die Folgen sind unrunder Motorlauf, schlechtes Ansprechverhalten und erhöhter Schadstoffausstoß, da die Lambda-Regelung diese hohen und zugleich dynamischen Abweichungen von λ=1 nicht korrigieren kann.

Weiterhin wurde auf den, für einen sauberen Motorlauf sowie die Einhaltung aktueller Emis-sionsgrenzwerte nötigen, Ausgleich dieser Wandfilmeffekte in der Motorsteuerung einge-gangen. In diesem Zusammenhang wurde beschrieben wie die Funktion der instationären Gemischkorrektur diese Phänomene, in Ab-hängigkeit der Motordrehzahl, der Motor- und Ansauglufttemperatur, sowie der Luftfüllung (Last) durch Mehr- oder Mindereinspritzmassen kompensieren kann.

Abb. 2: Beschleunigung (positiver Lastsprung)

Prof. Dr.- Ing. Stefan Pischinger Betreuer: Dipl.-Ing. Georg Birmes

Page 21: Bulli 2010_4

bulli Wanter 2010

21

Diplomaarbecht vum Marc Cloos

Bei der Beschleunigung (Abb. 2) wird der Abmagerung des Gemisches durch eine zusätzliche Einspritzung, der Mehrmenge, entgegengewirkt. Diese stellt sich zusammen aus der Kraftstoffmasse, welche während des positiven Lastsprungs im Wandfilm angelagert wird und einer zusätzlichen leichten Anfettung für ein definiertes Ansprechverhalten. In Abb. 3 ist ein Vergleich zwischen einem kompensierten und einem unkompensierten Lambdaverlauf zu sehen. Ebenfalls dargestellt ist die Gesamtkompensation, also die Mehrmenge an Kraftstoff wie sie von der Motorsteuerung berechnet wird.

Abb. 3: Vergleich von kompensiertem und unkompensiertem Lambdaverlauf

Anschließend wurden vier verschiedene Modelle vorgestellt, mit denen der Wandfilm simuliert und somit die Bedatung dieser Funktion im Zuge des Applikationsprozesses unterstützt werden kann. Es handelte sich dabei einmal um das empirische Aquino-Modell, welches in der Industrie weit verbreitet ist [1]. Als bekannte physikalische Modelle wurden das Four-Puddle-Model [2], das Modell nach Grote [3] und das in GT-Power integrierte Wandfilmmodell [4] vorgestellt.

Anhand der aus dem Vergleich und der Bewertung dieser Modelle gewonnenen Erkenntnisse wurde ein eigenes Modell entwickelt, welches den Verlauf des Verbrennungsluftverhältnisses aufgrund von

Lastsprüngen vorhersagen soll. Da es vorrangig als Offline-Applikationshilfe für die Wandfilmkompensation herangezogen werden soll, greift es neben dem Saugrohrdruck, nur noch auf die Eingangsgrößen der instationären Gemischkorrektur zurück. Im Modell wird anhand physikalischer Zusammenhänge ein schubspannungsgetriebenes Wandfilmelement simuliert. Der Anteil des Kraftstoffs, welcher sich an der Wand anlagert, wird anhand einer Tröpchengrößen-Verteilungsfunktion berechnet. Um der Forderung nach geringen Rechenzeiten nachzukommen, wurden einige Effekte empirisch abgebildet. So wird die Temperatur im Wandfilm durch Multiplikation der Motortemperatur mit einem Temperaturfaktor errechnet. Die Fläche des Einlasskanals, welche mit dem eingespritzten Kraftstoff benetzt wird, ist durch den Geometriefaktor festzulegen. Kernstück des Modells ist ein detailliertes Kraftstoffmodell. Anhand der Massenverteilung von neun verschiedenen Kohlenwasserstoffverbindungen konnte die Siedelinie eines Referenzkraftstoffes angenähert werden. Des Weiteren wurde davon ausgegangen, dass eine Komponente sofort komplett verdampft wenn die Wandfilmtemperatur deren Siedetemperatur übersteigt. Da die Verdampfung aber eine gewisse Zeit in Anspruch nimmt, wird der ausdampfende Kraftstoffmassenstrom durch einen Filter verzögert, dessen Zeitkonstante den dritten Parameter des Modells darstellt. Die Zeit, welche der Wandfilm benötigt um in den Brennraum zu gelangen, wurde über eine Berechnung aus der Wandfilmgeschwindigkeit und dem Abstand zwischen Injektor und Einlassventil ermittelt. Die Trägheit des hoch viskosen Wandfilms wurde berücksichtigt, indem der flüssige Wandfilmmassenstrom durch ein Verzögerungsglied gefiltert wird, dessen Zeit-konstante den vierten Parameter des Modells darstellt. Die Grundstruktur des Modells ist Abb. 4 zu entnehmen.

Page 22: Bulli 2010_4

22

bulli Wanter 2010

Dipl.-Ing. Marc Cloos

Danksagungen:

Dipl.-Ing. Georg BirmesDipl.-Ing. Stefan HerrmannTeam Ottomotoren Serienapplikation FEV Motorentechnik

Abb. 5: Vergleich zwischen gemessenem und modelliertem Luftverhältnis

Literaturhinweise:[1] AQUINO, C.F. - Transient A/F Control Characteristics of the 5 Liter Central Fuel Injection Engine Ford Motor Company, Dearborn, Michigan, SAE Paper 810494, 1981[2] CURTIS, E.W.; AQUINO, C.F.; TRUMPY, D.K.; DAVIS, G.C. - A New Port and Cylinder Wall Wetting Model to Predict Transient A/F Excursions in a Port Fuel Injected Engine, Ford Motor Company, Dearborn, Michigan, SAE Paper 961186, 1996[3] GROTE, A. - Zum Verhalten instationärer Kraftstoffwandfilme in Einlasskanälen von Ottomotoren Dissertation, Universität Karlsruhe, 1999[4] MOREL, T.; WAHIDUZZAMAN, S. - Effect of Manifold Wall Wetting and Fuel Evaporation on Transient Engine Operation, Gamma Techn. Inc., 8th Symposium on “The Working Process of the Internal Combustion Engine”, Graz, 2001

Abb. 4: Grundstruktur des Modells

Die anschließende Parametrisierung erfolgte mit Messwerten, die in Fahrzeugversuchen mit einem 1,6L-Vierzylinder mit variabler Einlassventilsteuerung ermittelt worden sind. Diese Messfahrten wurden mit betriebswarmem Motor sowie bei niedrigen Drehzahlen durchgeführt (Standardbedingungen). Die sich ergebenden Abweichungen liegen unter 2,5 % und bewegen sich somit in der Größenordung der Applikationsgenauigkeit.Anschließend wurde das Modell hinsichtlich seiner Extrapolationsfähigkeit bei hohen Motordrehzahlen und bei niedrigen Motortemperaturen untersucht. Hierbei ergaben sich Abweichungen die mehr als das doppelte der, für Standardbedingungen ermittelten, Werte betrugen. Diese Abweichungen sind allerdings in den Bereich der saisonalen sowie geograpischen Schwankungsbreite der Kraftstoffqualitäten einzuordnen. Um den λ-Verlauf noch besser anzunähern, wurde das Modell weiter optimiert. Durch ein Auftragen, der für eine best mögliche Modellierung benötigten Parameter über der Drehzahl und der Temperatur, wurden Abhängigkeiten festgestellt, welche physikalisch begründet werden können. Infolge dessen, wurden diese Verläufe im Modell implementiert. Anhand einer anschließenden Verifikation wurde festgestellt, dass der Fehler des optimierten Modells unter 3 % liegt und die Prädiktion des Modells somit als gut zu bewerten ist.

Diplomaarbecht vum Marc Cloos

Page 23: Bulli 2010_4

Invitatioun Assemblée générale 2010 & Visite Luxlait

Den 27. Dezember 2010

Assemblée générale

En Méindeg, den 27. Dezember um 20 Auer ass eis Generalversammlung am Urban City (2, rue de la Boucherie an der Stad).

Virun der richteger AG ordinaire fannen, wéi dir schon wësst, zwou AG ex-traordinaires statt wou déi nei Statuten (hoffentlech) approuvéiert ginn.

Motivéiert Leit fir de Comité 2011 sollen sech bis de 24.12. per E-Mail op [email protected] mellen.

An dat Wichtegst zum Schluss: Et get Fräibéier! (fier Cola an Waaser muss een och net bezuelen...)

Visite Luxlait

Méindeg, den 27. Dezember um 10:00 Auer gi mir déi nei Hale vun der LUX-LAIT kucken. Si sin vu Letzebuerg-Märel op de Rouscht (Roost) bei Miersch geplënnert. Mir kréie eng Visite duerch de Vitarium gemeet a gesinn déi verschidden Etappe vun der frëscher Mëllech bis bei de Kéis oder Joghurt.

Treffpunkt ass um 9:45 um Parking.

Mellt iech fir d’Visite bis den 20. Dezember beim Pit Demuth [email protected]

Page 24: Bulli 2010_4

Paul Wurth Group offers study related and / or professional opportunities for future or newly graduated engineers, ready to join a challenging adventure in a demanding international environment.

If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company, please send your application to [email protected]

Visit our website www.paulwurth.com

World leader in Ironmaking Technologies

Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure projects

OUR PEOPLE MAKE THE DIFFERENCE

Join the Adventure-colour-A4-Innovation_rev2.indd 1 30/11/2010 10:40:34