Bulli 2007_4

24
bulli bulli EDITEUR RESPONSABLE: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG Imprimerie Rapidpress bulli Hierscht 2007 LUXEMBOURG PORT PAYÉ P/S. 083

description

ANEIL Bulli 2007_4

Transcript of Bulli 2007_4

Page 1: Bulli 2007_4

bullibulli

EDITEUR RESPONSABLE:

Association Nationale desEtudiants Ingénieurs Luxembourgeois

4, bd Grande-Duchesse CharlotteL-1330 LUXEMBOURG

Imprimerie Rapidpress

bu

lli

Hie

rsch

t

20

07

LUX

EM

BO

UR

G

PO

RT

PAY

ÉP

/S. 083

Page 2: Bulli 2007_4

Responsablen Editeur:Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL)4, bd Grande-Duchesse CharlotteL-1330 Luxembourgtél.: +352 45 13 54fax.: +352 45 09 32Internet Homepage: http://www.aneil.luE-Mail: [email protected]: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000

Dë Bulli kënnt 4 Mol d’Joer eraus, an huet eng Oplaag vun 500 Exemplären.

Redakteren:Isabelle Crauser, Jan Even, Philippe Alzin, Tom Laplume, Max Friob, JeanMahowald

Chefredakter:Marc-Philippe Hengen

Layout:Marc-Philippe Hengen

Drock:Imprimerie Rapidpress

D’Reproduktioun vun den Artikelen as grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugin gëtt. D’ANEIL as awer nëtverantwortlëch fir de Gebrauch deen domatt kéint gemaat gin.D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur.Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gin vun Studenten, déi hier ANEIL’s Charge nierwt hieren eigentlëchen Studien

erfëllen. Wéinst Zäitmangel as ët dann och nët méiglech eng perfekt Zeitung ze veröffentlechen.

Dëse Bulli as op recycléiertem an 100% chlorfräi gebleechtem Pabeier gedréckt gin.

IWWERSIICHT 3 / 2007

IMPRESSUM

3 Virwuert 4 Den ANEIL-Comité 2007 7 Rapport Visite Astron Buildings S.A. 10 IAESTE Practical Training abroad 11 Rapport Excursion IAA Frankfurt 2007 15 Reel 2007 17 Foire de l´étudiant 2007 18 Visite Luxair Cargocenter 21 Rapport Visite Cargocenter

Page 3: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

3

Virwuert

VIRWUERT

Salut Memberen an Frënn vun der ANEIL,

Daat neit Schouljoer huet rem ugefaang an domadder och denStudenten-Alldag. A fir datt d’Zäit op den laange kalen an däischterenOwenter net ze laang get, haalt der den Bulli Editioun Hierscht anden Hänn!

Ufank vum Schouljoer bedeit och emmer REEL an Studentefoire. Opbeiden Plaatzen waren mir selbstverständlech wei all Joer neesvertrueden. Op der Studentenfoire hun mier probéiert souvill Leitwéi méiglech vun eisem Studium ze iwwerzeegen, wou jo och amMoment d’Beruffsaussiichten guer net schlecht sin fir den Ingenieur!Zu beiden Aktiviteiten hun mir och selbstverständlech nees en Artikelgeschriwen den dir an deser Ausgab liesen kennt.

Aus organisatoreschen Grenn hun mir den Datum fir internationalRees vir dest Joer verrekelt, daat lait dorun dass vum Comite keendo war den Zeit gehat hätt fir mat ze goen. Mir huelen dei Rees aweram Laaf vum Joer 2008 no.

Joer 2008 steet sou wei ganz am Zeechen vun der ANEIL well mirfeieren nächst Joer eis 50 jähregt Bestehen.

Well dest och domatt den leschten Bulli fir Joer 2007 as bleiwt mirelo neischt anescht mei wei den Memberen, Sponsoren an Frenn vunder ANEIL schein Chreschtdeeg an e gudden Rutsch an neit Joer zewenschen.

Vill Spass beim LiesenAre President

Philippe Alzin

Page 4: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

4

DEN ANEIL-COMITE 2007

Philippe AlzinPrésidentAachen - Maschinenbau

Lepage MarcSecrétaireAachen - Elektrotechnik

19, rue Leck L-8390 Nospelt Tel: 621 228 279

Auf der Hörn 3 D-52074 Aachen Tel: 0049/241/4128969

E-Mail: [email protected]

Tom ScharfeGestionnaire des fichiersKarlsruhe - Bauingénieur

44, rue de Bertrange L-8216 Mamer Tel: 31 26 01

Kaiserstrasse, 66A D-76133 Karlsruhe Tel: 0049/721 20 41 042

E-Mail: [email protected]

30, rue Léon KauffmannL-1853 Luxembourg/CentsTel: 45 23 67

Rütscherstr. 165/408D-52072 AachenTel: 0049/241/99 66 055

E-mail: [email protected]

Marc-Philippe HengenDélégué aux publicationsKaiserslautern -Elektrotechnik

16, um Bourbierg L-3335 Hellange Tel: 621 169 543

Kurt Schumacher Str, 34 D-67663 Kaiserslautern Tel: 0049/176 2631 8306

E-Mail: [email protected]

Majerus AnneDélégué aux programmesd’échangesAachen - Physik

4, rue PrincipaleL-7475 Schous

Tel: 691 820 186

Karlsgraben, 5D-52064 AachenTel: 0049/176 22 06 11 22

E-Mail: anne_majerus @rwth-aachen.de

Max FriobDélégué aux relationspubliquesAachen - Maschinenbau

54, rue de DahlemL-4997 SchouweilerTel: 37 20 28

Rolandstrasse, 40D-52070 AachenTel: 0049/241 44 64 844

E-Mail: [email protected]

Laplume TomVice-PrésidentL a u s a n n e - G é n i emécanique

44, rue des Cerises L-6113 Junglinster Tel: 661 789 538

Chemin du Veilloud 16 CH- 1024 Ecublens Tel: 0041/764 635 5155E-Mail: [email protected]

Isabelle CrauserTrésorierLausanne - Chimie

43, rue Emile Metz L-2149 Luxembourg Tel: 691 220 584

Chemin de la Chiésaz,15 CH-1024 Ecublens Tel: 0041/78 91 30 948

E-Mail:[email protected]

Jean MahowaldDélégué aux publicationsMünchen - Physik

30, rue des Prés L-4941 Bascharage Tel: 661 613614

Emmanuelstr. 11 D-80796 München Tel: 0049/176/24041758

E-Mail: [email protected]

Page 5: Bulli 2007_4

PublicitéINCA

(schwarz/waiss)

Page 6: Bulli 2007_4

PublicitéEditpr esse

(schwarz/waiss)

Page 7: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

7

Visite Astron Buildings

Rapport Visite Astron Buildings S.A.

Freides den 7. September 2007 haten mer eppes an der Aneil, daat nach nie do wor. Anzwar sin mierdun mat 20 motivéierten Memberen Astron Buildings ob Diekirch besichen gaangen.Well sech wahrscheinlech lo vill vun iech froen wärten waat daat ass, well ech mol schon esou villverroden: Mer hun do giess, an NEE et ass keen Restaurant.

Awer lo mol fier ugefaangen:

Ursprünglech as Astron Buildings eng amerikanesch Firma déi (wéi ech mengen richteg an Erennerungze hun) sech mat der Hierstellung vun Bagger- an Camionshydrauliken beschäftegt huet, an fier déi etdeemols dofier net onintressant war, eng Zweigstell am Nokrichseuropa (wou den Besoin un souMaschinen wéinst den Obbauaabechten immens war) ze hunn. Sou koum et wéi et huet missen kommen,an 1962 hun si dun ee Sëtz hei bei eis zu Diekirch obgemaach. Irgendwéi stoungen deemolsd’Bauingénieuren, déi daat ganzt sollten opriichten, ennert engem gehéierlechem Zäitdrock, sou dasssi sech hun missten eppes afaalen loossen, fier deen ganzen Betrieb hei innerhalb vun ee puer Méintstoen ze hun.Dofier hun si missten bei enger aanerer Gesellschaft aus Amerika ferdeg Haalen fier hier Fabrikimportéiern, déi dann hei zu Lëtzebuerg just nach hun missten End-montéiert ginn.Séier wor dun och hei an Europa kloer, wat fier eng Vierdeeler des färdeg Haalen hätten, sou dassAstron ab 1965 färdeg Normhaalen äus Amerika fier Europa importéiert huet. Ab 1966 hun sie ochdun ugefaangen hier eegen Deeler ennert Amerikanescher Lizenz ze bauen, bis du schliesslech 1977d’Aféierung vum Astron-Bausystem gemach gouf, deen abdeem Datum och den Iwwergangvum Fäerdegbau zum Systembau(no europäeschen Normen anMoossen) gemaach huet.2005 gouf Astron schlussendlëchvum Schwedeschen GroupLindab (deen bis dohinner hierenstärksten Konkurrent war)iwwerhol, mais am groussenGanzen huet sech net méi all zevill iwwert hier Produktgamme(déi och nach nierft fäerdegenHaalen, Ventilatiounsproduitenan einfach Profiller, wéi z.B.Kullangen, emfaasst) währendall deenen Joeren geännert.

Page 8: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

8

Rapport Visite Astron Buildings S.A.

Den Site vun Diekirch asshaut déi europäeschFirmenzentral vum ganzenGroup, och verfügt den Siteiwwert een Konstruktiouns-an Distributiounsdeel souwéienger eegener Produktioun,déi mer ob dëser Visitekonnten vun méi no ënnertd’Loupe huelen.Beim Produit deen hei zuDiekirch hiergestallt gëtt,handelt et sech usschliesslechem pré-fabrikéiert Haalen, anzwar musst der iech daat esou

virstellen wéi eng Lego-Konsrtruktioun, wou der all eenzelt Element als éischt mol hierstellen musst.

Nodeems daat réit Material (wéi uewen am Bild) ob Mooss geschnidden gouf, geet et wëider RichtungSchweessanlag (Bild ënnendrënner), wou dann di eenzel Deeler zu Träger (d’Träger ginn geschweesst,well d’Konstruktioun dono sou liicht wéi méiglech soll sinn, an dofier Stranggegossen Träger netgeegent sinn) oder eben aneren Deeler zesummengesaat gin.

Dono geet et normalerweis weider an hier Lackéierei, wouno se dann fir den ooftransport färdeggemaach ginn. Erwähnungswert ass heibäi, dass all di eenzel Deeler di an hierer Produktioun gefärdegtgin, problemlos mam Zuch oder mam Camion ob hier respektiv Baustellen gefouert kenne gin.

Page 9: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

9

Rapport Visite Astron Buildings S.A.

Ob der Baustell gläicht dann alles wéi engem groussen Baukasten, wou déi eenzel Deeler danngenau no Konstruktiounsplang zesummen gesaat gin. De Schwierechkeetsgraad vun dese Bausätz assallerdings variabel, woubäi et haut och méiglech ass Gebeier mat méi Stäck an deser Fäerdegbauweisobzeriichten.

Och wann ech perséinlech bis elo och net sou richteg wosst, waat Astron zu Lëtzebuerg sou genaumaache géif, muss ech soen dat ët wirklech iwwerraschenswäert war ze héiren an ze gesinn, wéigrouss den Domaine schlussendlech awer ass, an deem si täteg sinn. An esou kann een, wann eendobaussen mol ee bessen oppasst, och mol daat eent oder aanert Gebei vun hinnen erkennen anbestaunen...

vum Max Friob

Page 10: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

10

IAESTE - Stages pour étudiants ingénieurs

Stages pour étudiants-ingénieurs

L’IAESTE –International Association for the Exchange of Students for Technical Experience – estune confédération d’organismes nationaux de quelques 85 pays. Chaque année elle permet à environ7000 étudiants de toutes facultés d’obtenir des stages à l’étranger, leur permettant d’implémenterleur curriculum par une expérience technique/scientifique dans un cadre culturel nouveau. Dans lecadre de la globalisation, cet objectif lié à une compréhension mutuelle représente un atout majeurpour un futur cadre d’entreprise.

Pour réaliser ses buts, l’IAESTE recherche dans chaque pays des placements pour stagiaires-ingénieurs auprès des industries et institutions nationales. Lors d’une conférence annuelle, ces stagessont échangés sur base de réciprocité entre les membres.

Le Luxembourg participe depuis 1961 à cette association et a pu placer presque 400 étudiants-ingénieurs luxembourgeois dans une vingtaine de pays. Le comité national (Comité Luxembourgeoispour l’Organisation de Stages Industriels – CLOSI) est composé de délégués des milieux industriels,ingénieurs, estudiantins, institutionnels et est présidé par le Ministère de l’Enseignement Supérieur.

L’échange et le placement d’étudiants de formation technique et principalement universitaire entoutes facultés d’ingénierie est déjà en préparation pour 2008.Ces stages portent en général sur une période de 8-12 semaines, voire 3 à 6 mois, et les frais deséjour sont couverts par l’indemnité de stage.

Important :

Les étudiants-ingénieurs préparant le niveau de bachelor, de master ou de doctorat qui sont intéresséà un stage à l’étranger en 2006 sont invités à adresser leur demande avant le premier décembre 2007au CLOSI, agent national de l’IAESTE, en indiquant leur faculté, niveau de formation, préférence depays et de période de stage.Les frais d’inscription sont de 100•, remboursés intégralement si aucun stage n’est disponible, resp.de 20• après remise d’un formulaire/rapport de stage.

Pour tout renseignement supplémentaire on voudra s’adresser à la Chambre de Commerce – ComitéLuxembourgeois pour l’Organisation de Stages Industriels – tel : 42 39 39 210, [email protected] ou [email protected] .

Lucien Seywert

IAESTE

International Association for the Exchange ofStudents for Technical Experience

Page 11: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

11

Rapport Excursion IAA Frankfurt 2007

D’ANEILop der IAA zu Frankfurt

D’IAA (Internationale Automobil-Ausstellung) ass déi gréissten Autos-Foire op der Welt, afënnt fir Pkw all zwee Joer zu Frankfurt am Main statt. Organiséiert get dat ganzt vum „Verband derAutomobilindustrie (VDA) “, an deem déi däitsch Autoshiersteller an –zouliwwerer regroupéiertsinn. Déi 62. Editioun vun der IAA stoung dest Joer ennert dem Motto „Sehen, was morgen bewegt“,an huet tëscht dem 13. an dem 23. September knapp 1 Millioun Visiteuren ugezunn, dorënner och 8Memberen vun der ANEIL, déi sech den 20. September moies an aller Fréi vu Lëtzebuerg aus op deWee fir op Frankfurt gemaach hunn.

Net manner wéi 88 Weltpremièren woren des Kéier ze bewonneren, wann een se tëschtdeene ville Leit iwwerhaapt konnt erblécken. Am Mëttelpunkt stoung dobäi ouni Zweifel déi nohaltegMobilitéit, déi net zulescht wéinst dem Drock opgrond vun der CO

2-Diskussioun vun immenser

Bedeitung fir d’Automobilindustrie ass. Dofir gouf et praktesch kee Stand, wou net opmanst eewäiss oder gréng lackéierten Auto stoung, mat Opschrëften ewéi „Eco“, „Green“, „Bio“, etc., woumatdéi eenzel Hiersteller hiere Bäitrag zum Klimaschutz leeschte wëllen.

Den Hybrid konnt een op deene verschiddene Stänn an all sénge Formen fannen, vuMikrohybrid mat Start/Stopp-Funktioun am Opel Corsa oder a Verbindung mat engem Dieselmotoram Smart, iwwer Mildhybrid mat Starter-Generator z.B. an der S-Klass vu Mercedes-Benz, bis hinzum Vollhybrid mat zwou Elektromaschinnen bei BMW, Daimler an GM, déi sech zesummegedoenhunn, fir Toyota a Lexus den Hybrid-Marché net méi alleng ze iwwerloossen. Um Porsche-Standgouf et een duerchsichtegt Modell vum Cayenne als Vollhybrid ze bewonneren, deen an Zukunft matmanner wéi 10 Liter op 100 Kilometer auskomme soll. Bei deene schwedeschen Hiersteller Volvo aSaab gouf op Flexifuel-Motoren vertraut, déi niewt Bensin och mat bis zu 85-prozentegem Ethanol-Gemësch (E85) bedriwwe kënne ginn. Bei Saab soll dat an engem Konzeptauto och scho mat rengemBioethanol (E100) fonktionnéieren. Bei VW war niewt deenen aktuelle „Blue Motion“ Varianten vuPolo, Golf a Co. an deem neien Tiguan och dee klenge Stad-Auto „Up“ ze gesinn, deen ab 2010 mamSmart konkurréiere soll.

Page 12: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

12

Rapport Excursion IAA Frankfurt 2007

Shuanghuan Noble Jonway UFO

Ganz vill Undrang war bei Fiat, wou deen neie 500er am Retro-Stil säin italienesche Charmespille gelooss huet. Oder waren et awer d’Hotessen, déi d’Opmierksamkeet op sech gezunn hunn?Fir vill Diskussiounen haate verschidde chinesesch Hiersteller gesuergt, déi sech ganz kéng mathiere Plagiater vun Smart (Shuanghuan Noble), Toyota Rav4 (Jonway UFO) an BMW X5 (ShuanghuanCEO) op der IAA présentéiert hunn. Wann ee sech déi Saach awer eemol vu méi no ugekuckt huet(d’Dire ware leider all zougespaart), konnt ee feststellen, dass et am Hibléck op d’Qualitéit vun deMaterialien an der Veraarbechtung wéineg Ähnlechkeet mat de Virbiller aus Europa a Japan get. Justbei Brilliance, engem chineseschen Autobauer op engem anere Stand, konnt een och am Auto Plazhuelen, an dee wéineg iwwerzeegende Banneraum méi genau ennert d’Lupp huelen. Dofir kritt eenawer bei Brilliance ee groussen Auto fir ee klenge Präis, jidferengem säint also.

Page 13: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

13

Alfa Romeo 8C

Rapport Excursion IAA Frankfurt 2007

Am Allgemengen goufen op der IAA dest Joer vill Konzepter gewisen, déi och schon an noerZukunft réaliséiert wäerte sinn, an net zevillfuturistesch schéngen. Dat kann een vumMercedes F 700 behaapten, engem Luxus-Won, deen zum Deel en Ausbléck op déinächst Generatioune vun der S-Klass sollginn. Ee provokanten Design,ëmweltfrëndlech Materialien, eng klengSushi-Bar hannen an der Mëttelkonsol aneng Hellewull Assistenzsystemer zeechnendese Konzeptauto aus. Highlight ass awerden 238 Päerd staarken 1,8-Liter-Diesotto-Motor, deen d’Virdeeler vun Diesel- aBensinsmotor kombinéiert, an zesummenmat Hybrid-Technik op e Verbrauch vunnëmmen 5,3 Liter op 100 Kilometer kënnt.

D’Neiegkeeten um Mercedes-Stand waren déi oppe Versioun vum SLR McLaren, den T-Modell vun der C-Klass, déi een ab elo kafe kann, mä och fir déi no an déi méi wäit Zukunft hunn sebeim däitsche Premium-Hiersteller sou munch Gefierer gewisen. Den E 300 Bluetec mat SCR-Katalysator soll nach dest Joër erauskommen, den ML 450 H (Hybrid) kennt 2009. Ee Joer méi spéitsoll schon eng B-Klass mat Brennstoffzell a klenger Serie gebaut ginn.

Fir Mercedes-Benz gouf, wéi ochschon an deene leschte Joren, d’Festhal opder Frankfurter Messe banne komplettemgebaut, fir de Visiteuren eng Ambianceze bidden, déi sech vun deenen aneren Stänndäitlech ofhiewt. Nodeems ee vun engerRolltrapp op den ieweschte Stack bruechtgouf, krut ee fir déischt emol eng SchluppWaasser offréiert, an dono konnt ee sechdann déi ganz Mercedes-Gamme um Weefir nees erof ukucken, an all Knäppchenausprobéieren.

Mercedes-Benz F 700

Bei Citroën um Stand gesinn se dem Hybrid seng Zukunft haaptsächlech a Verbindung matengem Dieselmotor, fir doduerch ee Verbrauch ze hunn, deen esou geréng wéi méiglech ass. Heikonnt een dann och op engem Simulator probéieren, wéi een duerch säi Fuerverhalen de Verbrauchzousätzlech beaflosse kann. Och bei BMW stoung de Klimaschutz am Virdergronn: hei waren ennertdem Numm „EfficientDynamics“ sämtlech Baureihen ausgestallt, déi serieméisseg mat enger Reivun eenzelne Verbesserungsmoossnahmen ugebueden ginn, mat deenen ee bis zu 20% am Verbrauchspueren kënne soll. Bei Audi huet sech alles haaptsächlech em deen neien A4 an de Q7 Hybridgedréit.

Page 14: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

14

Bei all deenen „grénge“ Gefierer war et awer och emmer nees eng interessant Ofwiesslung,wann een Hiersteller sech getraut hat, eppes op säi Stand ze stellen, wat eis Maschinnebauer-Häerzerméi héich schloe gedoen huet. Hei e puer Beispiller: Mercedes C 63 AMG (V8, 457 PS), BMW M3(V8, 420 PS) Porsche 911 GT2 (530 PS), Alfa Romeo 8C (Maserati-V8, 450 PS), LamborghiniReventón (V12, 650 PS opmanst), Aston Martin DBS (V12, 517 PS), Audi RS6 Avant (V10, Bi-Turbo, 580 PS).

Fir d’ANEIL,Jan Even

Fir zréck op Lëtzebuerg hu mer eis dunn nees mat 90 PS zefridde ginn...

Mercedes-Benz C63 AMG BMW M3

Quelle: www.autobild.de, www.auto-motor-und-sport.de

Rapport Excursion IAA Frankfurt 2007

Page 15: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

15

Reel 2007

ANEIL op der Reel

Den 11.Oktober, schon ganz moies fréi as eisRees lass gaangen. München war eisDestinatioun, wou déi desjähreg Reel 2007stattfonnt huet. Et as souzesoen den Héichpunktam Kalenner vum letzebuerger Student. Hei kanneen ennert anerem séng Problemer déi een matsénger Uni, resp. mat den letzebuergerAdministratiounen an Institutiounen huetbeschwätzen. Fir desen Event as och emmer denHeichschoulminister präsent fir Ried an Äntwertze stoen. Mais well mir vun der Aneil éischterum techneschen Deel vun deser Réuniouninteresséiert sinn, welle mer eis an desem Falloch just op deen beschränken. Hei well echeigentlech just kuerz op déi eenzel Visite agoen,déi ech matgemeet hunn an déi Freides Moiesum Programm stung.

Et war dest d’Visite vu BMW, wou een konnt d’Produktiounschaine vum néien 3er BMW- Limousineals Combi suivéieren. Well mer dest an der End-montage gemaach hun, konnten mer ennert Aaneremdo gesinn, wéi am Tiefziehverfahren déi eenzel Carrosserisdeeler hiergestallt gin, wouno se dun matSchweessroboteren zu engem Ganzen verbonnen goufen. Nodeems d’Carrosserie ganz stung, sinn seweider un d’Lackéierei geleet gin, wou se hier respektiv Faarf, déi um Bestellschäin stung, kruuten.Well et sech héi em eng End-montage gehandelt huet, konnten mer leider net gesinn wéi all Eenzeldeelervum kompletten Auto zustaanen koumen, dofir si mer direkt wéider an hier Stroos geleet gin, woudéi Clients-spezifesch Autoën schon quasi fäerdeg um Fliessband stungen an just nach drop gewaart

hun dass hier eenzel Komponenten géifenmateneen vereent ginn. Op deser Plaatz hättenmer iech och gären e puer Biller gewisen, firiech mol eng Impressioun ze ginn wéi daathautesdags an esou enger Fliessproduktiounofleeft, mee léider wor et eis net erlaapt Fotoenze huelen. Versécheren kann ech iech op alle Fall,dass d’Visite impressionant ze gesin war, en pluswaat ech bis dohinner net wosst dass eng vunden Qualitéitsendprufüngen dran besteet den Autoaus dem kaalen Zoustand op iwwer 150 km/h zedrécken. Vive den Rodage an Vive BMW!

Page 16: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

16

Reel 2007

D’ANEIL am Internet

www.aneil.lu

Fir de Recht, kann ech just nach am Numm vun derAneil dem Münchener Reelscomité nach ee grousseMerci ausschwätzen fir déi super Organisatioun. Deganzen Programm war flott, an d`Stemmung war wéiall Joer och erem immens. Vu dassd’Podiumsdiskussioun iwwert denHéichleeschtungssport zu Letzebuerg gaangen as, hunsech d’Ministeren an d’Eiregäscht net entgoen geloosselwer eng gewessen sportlech Aktivitéit Präiss zegin. Fir déi Léit dei heiansdo op youtube.comeremgeeschteren konnten sech jo schonwahrscheinlech een Bild dofunner man, wéi d’Léitgeféiert hun an hiert sportlech Talent zum Virschéinginn hun.

Bei dese Wieder well ech et elo beloossen, an déiLéit déi firwetzeg ginn sinn, opmonteren a sech engKéier un enger Reel ze bedeelegen an wéi ech, sechoch ganz vill op déi nächst freen.

vum Jean Mahowald

Quelle: www.reel.lu

Page 17: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

17

.

Foire de l´étudiant 2007

Foire de l’étudiant 2007

Den CEDIES haat dëst Joër alt rëm an d’Foireshalen (neierdengs heescht dat jo wuel Luxexpo) opd’Foire de l’étudiant organiséiert. Fir dei gudd Léit mol eng Keier ze luewen muss ech soen dattd’Opdeelung dëst Joer vill besser wor wei d’lescht Joer. Wann se lo nach di Barrikaden tëschendden Haalen eraushuelen dann kinnt een et als richteg gudd bezeechnen.

Zum allgemengen Ooflaf vun der Foire gët et amFong nët souvill ze zielen. Et sinn en gros all Joërdei selwëscht Froën dei emmer rem optauchen.- nee, mier sin nët den Verein vun den IST-Studenten- jo, et get en Ennerscheed tëschend IngenieurIndustriel an Ingenieur Diplomé (‘t ass komësch,soubal een vum Salaire schwetzt verstinn d’Leit denEnnerscheed och op emol)- jo, als Ingenieur fënnt een eng Aarbeschtsplaz(Letzebuerg besteet jo awer nët nëmmen aus Banken)

Donneschdes owes huet onsen Presi dunn nach mat engem genialen Interview op der Telebrilleiert, an dunn ass et och schon op d’Visite vum Cargocenter gangen.

Freides ass et dunn wei erwart bei verschidden Leit e bessen mei speit lass gangen, den Freibeieram Choco soll jo anscheinend richteg gudd gewiercht sinn. Besonnesch den Nopeschstand hat doeen bei deem et moies na guer net su gudd gangen ass (ech mengen en wäert sech remerkennenwann en dat leiten liest). Sämtlech Leit aus dem Aneils-comite wore natierlech (quasi-)penktlechan och topfit (speitsdens no der 3. Taass Kaffi) .

Den allgemengen Trend vun den Leit dei do worengeet eichter an dei klassësch RichtungenMaschinnebau (Schweierpunkt Robotik,Automobilbau, etc.) an Bauingenieur; d’Krisen beiAirbus schengen anscheinend awer Spueren bei denLeit ze hannerloossen (d’lescht Joer wollt najiddereen Fliigeren bauen). Leider bleiwt ochfestzehalen datt deen nechsten Joërgang och keenChangement vun den Geschlechtsproportiounenbrengen wärt, och wann den Philippe sech nach soudrugin huet fir Leit ze iwwerzeegen datt Ingenieurhonnert mol besser wier wei Philosophie.

vum Tom Laplume

Page 18: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

18

Visite Luxair Cargocenter

Visite Luxair Cargocenter

Den 8. November wor et nees sou wäit fir mat der ANEIL eng Visite ze maan, woubäi et eis des

Kéier op den Findel gezunn huet fir den Cargocenter vun der Luxair, deen mat een vun deene

gréissten äus Europa ass, ze besichen.

Ugefaangen huet daat Ganzt mat enger zenter September 2001 obligatorescher Secherheetskontroll,

wouno et dunn eng kleng Intro iwwert de Luxair Cargocenter gouf. Den Luxair Cagocenter, deen

d’ailleurs näicht (wéi vill Leit mengen) mat der Cargolux ze dinn huet, gett et elo schon zenter enger

gudder 10 Joren, wäerend deenen hien sech zu engem vun deene gréissten Distributiouns-Centeren

aus Europa entwéckelt hued. Haut ass hien dee 5. gréissten äus Europa mat enger Joreskapazitéit vun

ronn 800000 Tonnen. D’ Elementer di ennert Aanerem fir den enormen Succès vun desem Logistik-

Wonner bäigedroen hunn sinn haaptsächlech Transportbedingt;

Sou gouf zum Beispill beim

plangen vun dëser Anlaag drop

obgepasst, dass se sou no wéi

méiglech bei der Autobunn léien

géif (an daat mat accès no allen

Richtungen), an ausserdem huet

Lëtzebuerg wéi gewosst eng

zentral Laach an Europa a kann

via Camion bannen 24 Stonnen

aus allen aaneren europäeschen

Länner erreecht ginn. Bemierkt

sief hei och nach, datt weltwäit

just 2% vum Güterverkéier per

Fliiger oofgewëckelt ginn,

woubäi de Wertundeel vun den transportéierten Wueren allerdéngs bei ronn 40% läit, an daat ebenfalls

weltwäit.

Fir di enorm Fracht déi hei daagdeeglëch emgeschloen gëtt meeschter ze ginn, därfen keng Wueren

méi laang wéi 8 Stonnen an den Haalen gelagert ginn.

Doduerch dass den gesamten Cargocenter eng total Surface vun ongeféier 293000 m^2 huet, ass et

méiglech dass 8 Boeing 747 gläichzäitech kennen be- an entlueden ginn, waat äusserdem och fir

d’Camionen gëllt, deenen am Ganzen 88 Dock-Statiounen zur Verfügung stinn.

Page 19: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

19

Visite Luxair Cargocenter

Noutwendeg ass dest doduerch, well ee Fliiger deen um Buedem steet fier d’Fluggesellschaften just

Käschten verursaacht, an soumatt d’Zäiten di ee bräuch fir ze be- an entlueden sou niddreg wéi

méiglech gehaalen solle ginn. Am Normalfall verginn em déi 2 Stonnen fir sou eng ganz Boeing aus-

an och erem anzeraumen.

No dëser klenger Aféierung sinn mer dunn wéider an hier Haalen gaang, wou mer gewise kruuten

wéi di eenzel Paletten fir an di verschidden Fliigeren obgeriicht ginn, waat nett emmer sou einfach

ass, vu dass een an der Loft mol di eng oder aaner Turbulenz erwëschen kann, an dofier gesuecht

muss ginn, dass di eenzel Paletten méiglëchst stabil getesselt sinn. Witzegerweis geschitt des Aarbecht

awer vun Hand an ob

d’Aamooss, daat heescht et

gehéiert schon eng

gewëssen Erfahrung zu där

relativ banal schéngender

Aarbecht. Intressant zegesinn wor och, dass netewéi een sech daat vläitgeduecht hätt, eenbestemmten Typ vun Frachtprédestinéiert wier fiermam Fliiger transportéiert

ze ginn, mais villméi dass

et hinsichtlech de Wueren

déi mam Fliiger

Page 20: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

20

Visite Luxair Cargocenter

verschéckt kenne gin sou gudd wi guer keng Aschränkungen gëtt (vun Pampers bis hin zu ganzen

Autoen haaten mer baal alles dobannen fonnt).

Äus deem Grond verfügt den Cargocenter och iwwer verschidden Réimlechkeeten, fier deenen

diversen Ufuederungen un déi verschidden Wueren gerecht ze ginn. Ugefaangen haten mer hei bei

den brennbaren a gëftegen Wueren déi an engem speziell féierfestem Räum gelagert mussen ginn,

souwéi iwwregens och radioaktiven Materialer, fier déi am Center och een extraen Räum fiergesinn

ass. Weider gaang as et dun mat der Visite vun den Déirenreim, mais leider woren des ob deem Daag

eidel, sou dass mer weder en Elephant nach eng Giraffe konnte gesinn. Trotzdem huet eisen Guide

eis versechert, dass sie hei schon su zimmlech all Déierzort dogehaat hätten, den Trend géiff am

Moment awer bei Pärd, déi an déi emiratesch Länner exportéiert ginn, leien.

Dono ass et trotz schlechtem Wieder eräus gaangen, wou mier dann och konnten vun no ermol gesinn,

wéi esou een Fliiger schlussendlech belueden gett.

Witzeg a mackaber gouf et dun, wou mer erem dobannen woren, nämlech kruten mer hei hier Morgue

gewisen, wou mer ennert aanerem konnten gewuer ginn dass een (am Fall wou) emmer besser hätt,

een an enger Urn ze verschécken, well „Fliigerfracht as wierklech déier...“sou eisen Guide.

Nodeems mer dun nach hier ganz Panoplie un normalen Frigoen (déi fier Liewensmëttel asw. geduecht

sinn) gewisen kruuten, si mer schliesslëch nach een kuerzen Abstecher bei d’Douane maachen gaangen,

wou mer hiiren Räum fier gefälschten Artkilen bewonneren konnten... ween hätt geuecht dass daat

der esou vill wieren!

Dono ass et awer dun Richtung Sortie gaangen, an mier hun eisem Guide versprach dass mier secher

nach eng Kéier mat der ANEIL géiffen zeréck kommen, soumatt hun all dei Léit, di des formidabel

Visite verpasst hunn, eng zweet Chance fier et erem gudd ze maan...

vum Max Friob

Page 21: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

21

Invit atioun Generalversammlung

Invitatioun fir d´ANEIL´s Assemblée Généraleden 27. Dezember 2007

Salut léiwe Member,Dat hei as d’Invitatioun fir eis Generalversammlung, Donnegdes den 27. Dezember2007 um 19h00 am Scott’s Pub am Gronn.

Mir hun den eischten Stack fir ANEIL reserveiert an gin e Faass Beier un Memberenan Sponsorenvertieder zum Beschten. Dir sidd all häerzlech agelueden denOffschloss vum Joer an Wahl vum neien Comite mat eis zesummen an engergemittlecher Atmosphäre ze feieren. Brengt dofir am beschten äer Memberskaartmat fir dass mir besser kennen kontroleieren op dir Member sidd.

Programme:19h00-20h00 : Assemblée Générale (Wahl vum neien Comite, Rapport vum

Joer....)20h00-22h00 : Freibeier fir Memberen an Sponsorenvertrieder

Adress : Scott’s Pub4, BisserweeL-1238 Luxembourg

Philippe Alzin

Page 22: Bulli 2007_4

bulli Hierscht 2007

22

L’ANEIL, l’Association des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois adresse ses plusvifs remerciements aux sponsors et entreprises pour leur soutien et leurcollaboration durant l’exercice 2007 et souhaite bonnes fêtes de fin d’année etmeilleurs vœux pour 2008.

Page 23: Bulli 2007_4

PUBLICITÉ

ACEL

Page 24: Bulli 2007_4

EXPOSITIONS DES SCIENCES 2001

PUBLICITÉ

GOODYEAR

(FARWEG)