Bulli 2009_4

32
b u l l i Wanter 2 0 10 EDITEUR RESPONSABLE Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG Imprimerie Rapidpress LUXEMBOURG PORT PAYE P/S. 083

description

Aneil Bulli 2009_4

Transcript of Bulli 2009_4

Page 1: Bulli 2009_4

b u l l iW

anter2 0 10

EDITEU

R R

ESPON

SAB

LEA

ssociation Nationale des E

tudiants Ingénieurs Luxem

bourgeois4, bd G

rande-Duchesse C

harlotteL-1330 LU

XE

MB

OU

RG

Imprim

erie Rapidpress

LUXEM

BO

UR

G

POR

T PAYEP/S. 083

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 1 15.12.2009 18:04:46

Page 2: Bulli 2009_4

Iwersiicht 1/2010

3 Virwuert4 Den ANEIL-Komitee 20096 Foire de l’étudiant8 USA Rees24 Visite ArcelorMittal26 Réckbléck 200928 Invitatioun AG 200929 Foiren Impressum

Responsablen Editeur:Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL)4, bd Grande-Duchesse CharlotteL-1330 Luxembourgtél.: +352 45 13 54fax.: +352 45 09 32Internet Homepage: http://www.aneil.luE-Mail: [email protected]: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000

De Bulli kënnt 4 Mol am Joër eraus an huet eng Oplaag vun 500 Exemplären.

Redakteren:Elio Rerman, Sophie Hellinghausen, Jacques Meisch, Yves Duhr, Annick Becker, Philippe Gengler, Marc Cloos, Paul Nathan, Lis Cloos, Jean Mahowald, Max Friob, Michel Hansen, Marc Becker, Danièle Mousel

Chefredakteren:Marc Becker, Danièle Mousel

Layout:Marc Becker, Danièle Mousel

Cover:Rita Kreins, Line Friob, Max Friob

Drock:Imprimerie Rapidpress

D’ Reproduktion vun den Artikelen as grondsätzlech erlaabt wann d’ Quell ugi gëtt. D’ANEIL as awer nët verantwortlëch fir de Gebrauch deen domatt kéint gemat ginn.D’ Artikelen engagéiren nëmmen den Auteur.Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gi vu Studenten, déi hier ANEIL’s Charge niervt hieren eigentlëche Studien erfëllen. Wéinst Zäitmangel as ët dann och nët méiglech eng perfekt Zeitung erauszebréngen.

Dëse Bulli as op recycléiertem an 100% chlorfräi gebleechtem Pabeier gedréckt ginn.

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 2 15.12.2009 18:04:46

Page 3: Bulli 2009_4

bulliWanter 2010

3

Virw

uert

Virwuert

Léiw Studenten,

Wann ee gär an d’Vakanz geet, muss een och Loscht hunn fi r ze feieren. Quatsch! Et soll een natierlech och eppes opzeweisen hunn!No enger erfollegräicher Foire de l’étudiant, enger mémoriabler Rees an engem friemen Land, an iwwerhaapt emol engem schéinen Joer, ass et sou dann och rëm un der Zäit eise Wanterbulli un iech ze verdeelen.Eng wichteg Saach di ech ob dëser Plaatz awer direkt uschwätzen well, ass den Fräibéier, ob deen d’Aneil hier Memberen Sonndes den 27. Dezember invitéiert (dir wësst, dat ass déi Soirée, déi normalerweis mat engem aneren Komitee ophält, wéi se ugefaangen huet). Ech hoffen dofi r, dass och vill Leit den Wee ob eis AG fannen wäerten, a sech vläicht ob di eng oder aner Plaatz am Aneil’s Komitee mellen. Ob d’Detailer vun eiser AG misst der am Laf vun der Lektür vun ärem Wanterbulli stoussen. Bis dass der déi awer fonnt hutt, wënschen iech mol als éischt vill Spaass mam Rescht vun eise Bäitreeg, woubäi ech dann och nach eng Kéier all deene Memberen Merci soen, déi bei der Redaktioun vun dëser Ausgab fl äisseg matgehollëf hunn. Ären President,

Max Friob

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 3 15.12.2009 18:04:47

Page 4: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

4

De

Com

ité 2

009

Marc Cloos SecrétaireOochen - Maschinenbau

13, rue des AlliésL-4712 PétangeGSM: +352 661 77 31 54

Rolandstr. 7D-52070 AachenGSM: +49 176 20 105 [email protected]

Joël Schintgen Gestion des fi chiers Lausanne - Informatik

2, op der SchanzL-6225 AltrierTel: +352 20 40 12 82GSM: +352 661 64 91 64

4, ch. des AlouettesCH-1024 EcublensGSM: +41 79 362 86 16joel.schintgen@epfl .ch

Marc BeckerDélégué aux publicationsOochen - Bauingénieur

1, rue de la rivièreL-3276 BettemburgGSM:+352691626891

Bismarckstr. 181D-52066 AachenGSM: +49 176 [email protected]

Max FriobPrésidentOochen - Maschinenbau

54, rue de DahlemL-4997 SchouweilerTel: +352 37 20 28GSM: +352 661 241 [email protected]

Lis CloosProgramme d’échangesZürich - UmweltNW13, rue des AlliésL-4712 PétangeGSM: +352 621 161785

Götzstrasse 5CH-8006 ZürichTel: +41 43 535 93 25GSM: +41 76 402 19 [email protected]

Micky DauphinVice-PrésidenteKarlsruhe - Architektur

3, rue Belle-VueL-7309 SteinselTel: +352 33 98 73GSM: +352 661 171 083

Werderstrasse 89, App. 41D-76137 KarlsruheGSM: +49 176 22 513 [email protected]

Jean MahowaldTrésorierMünchen - Physik

30, rue des PrésL-4941 BascharageTel: +352 50 25 21GSM: +352 661 61 36 14

Emanuelstr. 11D-80796 MünchenGSM: +49 176 24 041 [email protected]

Michel HansenDélégué aux relations publiquesOochen - Maschinenbau

3, rue des présL-3336 HellangeTel: +352 511077GSM: +352 691562271

Marienbongard 28D-52062 AachenTel: +49 241 116 034 [email protected]

Danièle MouselDélégué aux publicationsOochen - Entsorgungsingenieur

7, rue des VergersL-7338 HeisdorfTel: +352 33 79 28GSM: +352 661 914 213

Karlsgraben 27D-52064 AachenGSM: +49 176 [email protected]

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 4 15.12.2009 18:04:49

Page 5: Bulli 2009_4

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 5 15.12.2009 18:04:49

Page 6: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

6

Foi

re d

e l’é

tudi

ant

D’ANEIL op der Foire de l’étudiant Den 12. an 13. November war nees déi traditionell Foire de l’étudiant an der Luxexpo. 208 Aussteller aus 17 verschiddene Länner ware präsent fi r iwwer Berufs- a Studieméiglechkeeten ze informé-ieren. E vun dësen 208 Aussteller war, wéi schon an deene leschte Joeren, d’Aneil. Allerdéngs huet et sech dobäi net ëm iergendee Stand gehandelt, mee (ouni ze iwwerdreiwen) war et bestëmmt e vun deene fl ottesten op der ganzer Foire. Dëst Joer war an dem Sënn eng Première, well mer e Stand zesumme mat der ALI haten. Doduerch hate mer gutt Platz fi r den Star vun der Foire, de Roboter, deen FANUC ROBOTICS eis ausgeléint hat (Merci nach eng Kéier!). Am Virfeld vun der Foire hu mer eis iwwerluet, waat de Roboter Interessantes weise kéint. D’Idee, fi r heen Cocktailen resp Mocktailen (Daat si Cocktailer ouni Alkohol) mixen ze loossen ass bei jidderengem gutt ukomm. Voilà, eng Idee wier do, mä wéi bréngt een dat lo engem Roboter bei?De Marc C. an de Max sinn dowéinst op Iechternach bei den Här Ramsden an den Här Diederich vu FANUC gefuer, fi r de Roboter ze programméieren. No e puer Stonne stoung de Programm. Den Equipe-ment fi r d’Cocktailen erauszeschedden, wéi z.B. e Bried wou d’Bechere fi xéiert waren, war och séier mat der Hëllef vum R. Cloos gemach. Fir de Roboter ganz vun Iechter-nach an d’Luxexpo ze kréien, hu mer eis den Unhänger vum N. Hoffmann an den Auto aus der Famill Mahowald ausgeléint. Mëttwochs owes stoung heen dann pret op sénger Platz an der Foire. Donneschdes um néng Auer moies ass d’Foire opgaangen, déi éischt Schüler si komm, mä leider wollt dunn de Roboter net méi! No engem kuerzen Telefonat mat FANUC ROBOTICS (Merci, Här Schiltz) war de Fehler fonnt a séier behuewen. De Roboter konnt uffänke Mocktailen fi r Schüler a Studenten ze mixen. Nieft dëser klenger Erfrëschung, konnten d’Leit awer och Broschüren, Flyeren a soss Informatioune vun der ANEIL an ALI mat heem huelen. De Roboter war awer net déi eenzeg technesch Attraktioun um Stand: Den Här Jaeger huet eis nach eng grouss Modellokomotiv vun der CFL organiséiert. Donieft waren déi ganzen Zäit Leit vum ANEILscomité an och vun der ALI präsent fi r d’Schüler sou gutt wéi méiglech iwwert den Ingénieursstudium a -beruf z’informéieren. Allgemeng kann e soen,

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 6 15.12.2009 18:04:50

Page 7: Bulli 2009_4

bulliWanter 2010

7

Foire

de

l’étu

dian

t

dass sech nach ëmmervill Leit fi r dëse Studium interesséieren. Klassesch Froe wéi „Waat mescht een Ingénieur?“ oder „Wat fi r eng verschidden Ingénieursrichtungen ginn et?“ sinn oft gestallt ginn. Op der anerer Säit sinn awer och ganz präzis Thema’en ugeschwat ginn. Sou z.B. hunn d’Froen iw-wert déi beschte Studieplatz (Zürich oder Oochen :-)), iwwert d’Virliesunge während dem Studium, bis hin zu den Aarbechtsplaze gereecht. Iwwerraschend vill Froe sin iwwert déi aktuell Situatioun um Arbeschtmart komm. Berouegend fi r d’Schüler ass allerdengs, dass wann si a fënnef, sechs Joer fäerdeg mam Studium sinn, d’Situatioun rëm besser ausgesi kann wéi de Moment. Freides am spéiden Nomëtte sinn ëmmer manner Leit komm an d’Foire 2009 war sou lues fäer-deg. Nodeems daat ganzt Material an de Roboter rëm verstaut waren, konnte mer op eng gelonge Studentefoire zréck kucken. De Succès louch zu engem groussen Deel beim Roboter, deen ëmmer rëm vill Leit, inklusiv de Fotograph vu wort.lu (cf Foto) bei eise Stand gelackelt huet. Obwuel et vill Arbescht war, déi fi r verschidde Leit eng Woch an Usproch geholl huet, konnte mer mam Resultat ganz zefridde sinn.

Lis Cloos

D’ANEIL am Internet:

www.aneil.luBulli-Wanter2009-ferdeg.indd 7 15.12.2009 18:04:51

Page 8: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

8

bulli

8

US

A R

ees

- App

alac

hian

Bre

win

g C

ompa

ny

Usa Rees

Op den folgenden Seiten fann dir een klengen Appercu iwwer daat waat dei 21 Ingenieursstu-denten vum 23. Oktober bis 1. November op der onvergiesslecher Rees an d´USA alles erliewt hun. Dess Artikelen gouffen dun och, mat Freed (ouni dass se natierlech iergendwei fraiwellech gezwongen waren) vun den Memberen selwer geschriffen an jidereen huet op seng Art an Weis probeiert seng Erliewnisser niederzeschreiwen. Mir wenschen jiderengem vill Spaß beim Liesen vun onserem Roadtrip duerch d´USA.

Appalachian Brewing Company

So, liebe Bulli Leser ich berichte euch heute über einen schönen Ort auf Erden wo es goldige Flüssigkeiten aller Art gibt. Unsere Geschichte fängt an mit 21 tapferen und hungrigen jungen Leuten die in Harrisburg (Pennsylvania) in einer gemütlichen Brauerei sitzen. Nach einem guten Frühstuck auf U.S. -Art ’’Bagels & Muffi ns’’ ist es wieder Mittagszeit geworden. Die Mägen knur-ren und knirschen, beim Lesen der Speisekarte läuft einem das Wasser schon im Mund zusam-men (Burger, Pizzas, Chicken, Bacon…..höre jetzt auf noch weiter aufzuzählen sonst muss ich gleich schnell zum Kühlschrank greifen). Aber ein paar Leute sind begeistert von Grilled Ceasar Salad (Ich kann mir nichts darunter vorstellen. Sie etwa? Dann zur Hilfe hier noch die Details: A romaine heart, halved, grilled and served with croutons, parmesan cheese, and our signature Cae-sar dressing). Jeder hat sein Essen soweit bestellt jetzt kommen wir zum eigentlichen Geschehen in einer Brauerei, natürlich dem goldfarbigen Bier, wobei manchmal auch eher dem colafarbigen Bier. Die Karte war wunderbarerweise nach Farbe eingeteilt von Hell nach Dunkel oder auch von Hopfengeschmack nach Malzgeschmack. Die einen sind mit eher Hell auf der sicheren Seite des Geschmacks geblieben, die anderen sind eher der Auffassung, dass im Geschmack wie im Le-ben das Motto ’’no risk no fun’’ herrscht und tippen mehr auf Dunkel (noir c’est noir il n’y a plus d’espoir). Die Getränke wurden serviert während der Salat vermutlich auf dem Grill lag (jetzt weiß ich warum in Südamerika der Tropenwald in Gefahr ist) und jeder probiert sein erstes ‚Ami’-Bier. Ich persön-lich habe den Pennypacker Porter october speciality ausprobiert (die, die es auch probiert haben stimmen mir hoffentlich zu) der war nicht cola- sondern eher teerfarbig, eine einmalige geschmack-liche Erfahrung, wie soll ich es beschreiben, OléOlé, man fühlt sich ein bischen wie im Lion King als Simba seinen ersten Wurm isst aber nach dem zweiten Schluck sagt man nur noch HAKUNA MATATA.Aber wierklich gute Biere mit Charakter waren nicht viele zu fi nden. Die technischen Erklärungen zum Brauvorgang erspare ich uns, viel interessanter ist es nämlich wieder einen Blick auf den Grill zu werfen wo unser Salat sich befi ndet. Bevor alles weg brennt wird der Salat und natürlich das restliche Essen endlich serviert. Mit ABC Burger und co. ist alles ziemlich wie erwartet, das Essen schmeckt und die Pommes sind gut.Bei den Leuten, die sich wieder in Römerzeiten versetzen wollten (Ceasar S….) ist beim ersten Blick die Fragestunde ’’Wat ass daat, wat soll daat’’ angesagt. Nach einiger Zeit müssen die Kan-didaten für den Salat, Messer und Gabel in die Hand nehmen und loslegen. Wie Indiana Jones ( Lio ;-) ) mit seinem Buschmesser kämpfen sie sich durch den Salat. Ein Crouton der sich im Dressing verloren hat ist wie eine Insel im At-lantischen Ozean.Nein, genug gescherzt ich fi nde es sehr ehrbar, dass man bereits am ersten Tag an das gesunde Essen denkt und, ohne Witz, wäre dieser Salat nicht gegrillt sondern mit ein paar Tomaten angerichtet, so wäre er geil gewesen.

Elio Rerman

Invi

tatio

un S

oiré

e In

gene

iur

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 8 15.12.2009 18:04:51

Page 9: Bulli 2009_4

bulliWanter 2010

9

Invi

tatio

un S

oiré

e In

gene

iur

Gettysburg

Den drëtten Dach vun eiser Rees mat der ANEIL huet eis op Get-tysburg bruet. Eng kleng Stad am Süde vu Pennsylvania nëmmen en puer Kilometer wäit ewech vun der Grenz zum Bundesstaat Mary-land. Hei ass et vum 1. bis den 3. Juli 1863 zu engem historeschen Wendepunkt am Sezessionskrich zwëschen de Konfödereierten (Südstaaten) an den Nordstaaten (Union) komm a gelt nach bis haut zu enger vun deene bluddegsten Schluechten déi jee op amerikan-eschem Buedem ausgedroe ginn ass.

Eis Visite zu Gettysburg hu mer am neie Visitor Center ugefangen. Hei hu mer eis fi r d´éischt de Film „a new birth of freedom“ ugekuckt. An dësem Film gouf erklärt wei et 1861 zu engem Biergerkrich an Amerika komme konnt.Ursaach fi r de militäresche Konfl ikt war nämlech eng déif wirtschaftlech, sozial an politesch Spal-tung tëschent den industriellen Nordstaaten an de landwirtschaftlech geprägte Südstaaten. Virun allem awer huet d´Sklavenfro dozou gefouert dass et zu enger Anthipathie teschend Nord a Süd komm ass.D´Südstaaten déi op Sklaven ugewise ware fi r hier Felder ze bedreiwen an hiren Wuelstand oprecht ze erhale wollten sech net duerch Washington D.C (kompromittéieren) hier Politik dikteiere lossen, mee autonom zu den Nordstaaten hier politesch Decisiounen selwer treffen.Dës politesch Spannungen hunn sech esou staark intensivéiert datt et zur Opléisung vun der ameri-kanescher Unioun (tëschent de Bundesstaaten) komm ass an de Konfl ikt ëm d´Sklavenfro zu en-gem Biergerkrich emergeiert ass.

No dëser kuerzer Introduktioun (an den amerikanesche Biergerkrich) si mer dann direkt an de Cy-clorama geleet gin. Dat ass eng 360 Grad Duerstellung (Perspektiv) vun der Schluecht vum 3 Juli zu Gettysburg. D´Bild, gemoolt vum Franséische Kënschtler Paul Philippoteaux, weist wei déi Kon-födereiert Truppen Uniounstruppen ugräifen. D´Idee hannert dem Cyclorama ass et datt een sech an d´Gefecht eranversetze kann an ongeféier eng Iwersicht (Panorama) iwwert Ausmooss vun der decisiver Schluecht kritt.

Am zweeten Deel vun eiser Visite hu mer eis dann de Musée, wou och am Visitor Center situéiert ass, ugekuckt. Hei konnte mer eis en Androck maachen iwwert d´Ausrüstung an Waffe mat deene fréier gekämpft ginn ass. Ausserdeem si mer gewuer ginn wei et grad bei der klenger Staat Gettys-burg zu der gravéierender Schluecht kommen konnt.Entscheedend fi r de Verlaf vum Krich war nämlech dass d´Nordstaaten virun 1863 praktesch all militäresch Ausenanersetzung mat de Südstaaten am Süde vum Land verluer hunn.Duerch Decisioun vum General Robert E. Lee (Kommandant vun de Konfödereierten Truppen) eng Offensiv géint den Norden ze starten an de Krich, an de Bundesstaat Pennsylvania ze ver-lageren, ass et dann zum Zesummeprall vun deenen zwou Arméien bei der klenger Staat Gettys-burg komm.

US

A R

ees

- Get

tysb

urg

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 9 15.12.2009 18:04:55

Page 10: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

10

US

A R

ees

- Get

tysb

urg

Visi

te S

olar

woo

d

Am drëtten a leschten Deel vun eiser Visite zu Gettysburg hun mer un enger „Battlefi eld Tour“ deelgeholl. Heibäi si mer mat engem Bus a chronologescher Reihenfolge op déi wesentlech Plaatze gefuer wou d´Schluecht am Joer 1863 stattfonnt huet. De Verlaf vun der Schluecht gouf eis dobäi vun engem super Guide erklärt deen eis niewent den allgemenge Fakten och nach wichteg Randinformatioune mattgedeelt huet fi er d` Aus-moossen an d´Importance vum Konfl ikt besser ze verstoen.

D´Schluecht zu Gettysburg huet den 1 Juli 1863 mat engem Begeignungsgefecht teschent deenen zwou Arméien am Nord weste vun der Staat Gettysburg ugefangen. Duerch déi zueleméisseg Iwwerleeënheet vun de Konfödereierten(25000 Mann) Truppen hunn d´Unionstruppen (18000 Mann) hier Stel-lunge viru Gettysburg missten opginn a sinn Richtung Süden duerch d´Stadt op de sougenannten Cemetery Hill gefl ücht.

Den zweeten Daach vun der Schluecht huet mat

enger Attack vun de Konfödereierten op d´Flanke vun den Unionstruppen ungefangen. Ziel vun der konfödereierter Offen-siv war et den „Little Round Top“ ze eroberen an ze besetzen. Dëse klengen Bierg haat eng enorm strategesch Importance. Vun hei aus hätt déi konfödereiert Artillerie d´Unionstruppen direkt ënnert Beschoss huele kennen. Wann dat geschitt wier, an déi Konfödereiert hätten tatsächlech Stellung um „Little Round Top“ bezunn dann hätt dat als Konse-quenz geheescht dat d´Schluecht vu Gettysburg no zwee Deeg mat enger Defaite fi r d´Nordstaaten eriwwer gewiescht wier! Glécklecherweis ass et awer anescht komm an d´Unionstruppen hunn den zweeten Daach vun der Schluecht fi r sech behaapt.

Den drëtten an leschten Daach vun der Schluecht hunn déi Konfödereierten versicht den Duerchbroch mat engem breede Frontalugreff ze erreechen. Nodeems och dëse Plang vun de Südstaaten gescheitert war huet de General Robert E. Lee De-cisioun geholl seng Truppen aus Gettysburg zeréck ze zéie fi r se am Maryland nei ze forméieren.

No der Victoire vun den Nordstaaten zu Gettysburg waren d´Unionstruppenerëm an der Offensiv. Dat huet dozougefouert datt de greissten Deel vum Sezessionskrich an de Südstaatenausgedroe ginn ass.Am Joer 1865 koum et dann zur Gesamtvictoire vun den Nordstaaten am amerikanesche Bierger-krich. Doduerch ass et zur Ofschaffung vun der Sklaverei komm an zur Reunifi katioun vun den Nord- a Südstaaten zu de Vereente Staaten vun Amerika.

Paul Nathan

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 10 15.12.2009 18:04:56

Page 11: Bulli 2009_4

Visi

te S

olar

woo

d

Des

erte

c

easy, la carte VISA prépayée de P&T

easy, la première carte VISA à recharger au Luxembourg est la carte idéale pour les étudiants qui font leurs études à l’étranger.

easy vous facilite la vie. Vous, ou vos parents, décidez du montant à transférer sur la carte et dès que le rechargement est effectué, vous pouvez payer vos achats partout où la carte VISA classique est acceptée, à concurrence du montant rechargé.

Simple à utiliser• vous n’utilisez pas d’argent liquide• vous avez le contrôle de votre budget• vous pouvez effectuer vos opérations e-commerce par Internet en limitant les risques• vous pouvez changer votre code personnel

Simple à rechargerVous pouvez à tout moment soit vous rendre à un bureau de poste ou un postshop, soit effectuer un virement CCP ou bancaire sur le n° de compte IBAN indiqué au verso de la carte. Si vous êtes titulaire d’un CCP, vous pouvez, en plus, soit utiliser les distributeurs automatiques des P&T moyennant les cartes My Kaart, My Cash, Postchèque/Maestro et carte VISA des Chèques Postaux, soit effectuer le rechargement de votre carte easy VISA par l’ebanking des P&T, CCP Connect.

Simple à contrôlerVous pouvez à tout moment consulter le solde ainsi que les mouvements liés à votre carte via les bureaux de poste, les distributeurs automatiques des P&T ou encore, si vous êtes titulaire d’un compte CCP, par CCP Connect.

Limites d’utilisation• utilisation hebdomadaire dans les commerces: 1 500 €• retraits hebdomadaires auprès des distributeurs automatiques: 500 €

Simple à obtenirPour obtenir la carte easy, il vous suffit de vous rendre à un bureau de poste. La carte et son code personnel vous seront remis et la carte sera activée au plus tard le premier jour ouvrable qui suit.

Profitez dès maintenant de la carte easy VISA ...elle est offerte gratuitement jusqu’à fin décembre 2009 aux jeunes de moins de 30 ans.

Et encore …Les grands avantages du Compte Chèque PostalGratuit : ouverture et gestion de compteGratuit : extraits journaliers et bimensuelsGratuit : exécution des ordres permanents vers une banque au sein de l’Union EuropéenneGratuit : retrait d’argent dans plus de 52 distributeurs automatiques de billets des P&TGratuit : E-banking/CCP Connect

Plus d’informations au téléphone gratuit 8002 4004 ou sur www.pt.lu .

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 11 15.12.2009 18:04:56

Page 12: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

12

NIST-report: pretty cool stuff :)

The 26th of October, we visited the ‘National Institute of Standards and Technology’ (NIST) in Gaithersburg. After our arrival, we got a brief introduction of what NIST is all about. We were told that NIST was founded in 1901 as the fi rst federal physical science research laboratory in the USA. Nowadays, it’s an agency of the U.S. Department of Commerce and its goal is to promote U.S. innovation and industrial competitiveness by advancing measurement science in order to improve our quality of life. The scientifi c researches done at NIST had deep impacts on lots of areas, such as X-ray standards for mammography, scanning tunneling microscopy, pollution-control technology and so on.

Some scientists of different laboratories gave us a short overview of their work. First of all, there was Mr. C.J. Currens who presented the ‘Building and Fire Research Laboratory’. The mission of this lab is, amongst others, to reduce human and economic loss due to fi res, earthquakes or wind. Furthermore, this lab was leading a building and fi re safety investigation to study the structural failure and collapse of several buildings of the World Trade Center following the terrorist attacks. The investigation was focused on the building construction, the materials used, and the technical conditions that contributed to the outcome of the disaster. The results of the investigation served as the basis for improvements in the way buildings are designed, constructed, maintained, and used in order to guarantee the public’s safety.

Then, we were told ‘pretty cool stuff’ by the technical staff of the ‘Electronics and Electrical Engineering Laboratory’. Their purpose is to provide measurement science and technology and to advance standards, mainly for the electronics and electrical industries. Especially the ‘Electromagnetic Division’ of this lab provides the fundamental basis for all electrical measurements in the United States.

After these instructive presentations, which underlined the importance NIST plays in the scientifi c and technological research on the international level, we pursued our trip and went on checking out Washington D.C.

Sophie Hellinghausen

US

A R

ees

- NIS

T

Invi

tatio

un S

oiré

e In

gene

iur

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 12 15.12.2009 18:04:59

Page 13: Bulli 2009_4

bulliWanter 2010

13

Invi

tatio

un S

oiré

e In

gene

iur

US

A R

ees

- Vël

osto

ur W

ashi

ngto

n

Ee Vëlostour duerch Washington DC

Deen Dag wou mer zu Washington waren war wuel dee beschten am Joer deen een hätt kéinten fannen fi r esou eng Stad ze besichtegen. D´Sonn huet geschéngt, den Himmel war blo, d´Temperaturen waren agreabel an d´Beem haten all die verschidde Faarwen die se eben sou hunn am Hierscht. Op alle fall, well d´Wierder esou gutt war an mer woussten, dass et den Daach drop giff reenen, haten mer decidéiert net ewéi virgesinn an den Musée ze goen mä een Tour duerch Washington ze maachen.Verschiddener vun eis hunn geduecht et wier ideal dat mam Vëlo ze maachen. No en bësse Gesichs (mer haten un all Eck bal jidderee gefrot wou een dann lo kinnt die Vëloen lounen) hu mer se dann endlech fonnt. Zu mengem Erfreeën haten se och eenegermoossen uerdentlech Course-Vëloen fi r 15 $/h. Do hunn ech natierlech net laang gezéckt, an de Max konnt och net widderstoen. Anerer (Micky, Misch) waren éischter iwwer den Fait erfreet fi r sech een (war just nach een do) Tandem zu lounen. Die Aner (Marc W., Dax, Jean, Annick, Yves, Sophie, Christian) haten all een „Standard Vëlo“ deen awer anscheinend och ganz gutt war.

Op alle Fall hunnmer eis direkt op den Wee gemaach, well et war bal 4 auer an um 6 hu mer den Vëlo erëm missten ofginn. Fir déischt ass et bei dem (schwaarzen) Obama säin (wäisst) Haus gaangen, ganz schéi vun wäit. Duerno sinn mer eriwwer bei d´National Mall geradelt, do hu mer eis d´Washington Monument ugekuckt. Daat ass een 170 m héigen Obelisk; ganz schéin. Duerno hu mer eis laanscht deen groussen rechteckegen Séi, deen engem iwwerdimensionéierten Schwammbaseng änelt, duerch verschidde Monumenter geschafft (WW2, Korea, Vietnam, vun Irak an Afghanistan haten mer lo nach näischt gesinn…) bis mer beim Lincoln Memorial unkomm sinn. Daat war och alles ganz schéin. Dobäi hu mer dunn den Photograph Yves verluer well deen nach méi laang d´Vietnam-Denkmal oofgeliicht hat. Maer sinn opallefall mol nach bei den Arlington Kierfecht kucke gaangen. Fir zeréck hat ech en bëssen Tempo forcéiert, leider sinn se all matkomm, wuel een Zeechen dass meng Forme während der Diplomarbescht erëm massiv an den Keller gaangen ass. Bon soit, mer sinn do zeréck bei den Vëlosdepot, wou den Yves schon op eis geward hat. Alles an allem war et een gelongenen Tour an déi di net matgefuer sinn, hunn éischtens eppes verpasst an hunn en plus alles missten ze Fouss man, (HaHa)…

Marc Cloos

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 13 15.12.2009 18:05:05

Page 14: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

14

US

A R

ees

- Kap

itol

Kapitol

De Kapitol ass de Setz vu der Legislativ vun den Vereenegten Staaten vun Amerika. Hei sinn d’Sëtzungen vun hiren zwou Parlamentskummeren, dem Senat an dem Repräsentantenhaus. De Kapitol gouf als éischt Gebai vun der Plangstad Washington um Bord vum Potomac-River op den Capitol Hill gebaut. Doduerch trount de Kapitol mat senger 55 Meter héicher Kuppel iwwert der Haaptstad.

D’Amerikaner haten an hiert Grondgesetz geschriwwen dat si eng nei Stad zu hirer Haaptstad géingen maachen an dann och d’Parlament dohinner géing kommen. Sou koum et dat de George Washington den 18. September 1793 de Grondsteen geluet huet. Et war geplangt dat europäesch Aarbechter de Kapitol géingen bauen, mä där wollten der net genuch matschaffen. Dowéinst hunn d’Bauhären Sklaven, spéider befreiten Afroamerikaner agesat. Schon 1800 wor den Nordfl illek fäerdeg, an de Kongress konnt déi éischt Sëtzung ofhalen.

Och während dem Onofhängegkeetskrich huet den deemolegen Präsident Thomas Jefferson de Bau weider gedriwwen, als Zeechen dat et mam Land weider geet. Mee Material an Aarbechter waren knapp, sou dat et bis 1811 gedauert huet bis de Südfl illek fäerdeg war. Déi zwee Flilleken waren awer nëmmen duerch e provisoreschen Daach ver-bonnen. D’Gelder déi virgesi waren fi r d’Verbindung goufe léiwer an de Krich géint England gestach. 1814 hunn d’Briten Washington eruewert an de Kapitol ugestach. No dem Krich ass et dunn nach méi schéin ewéi virdrunner erëm opgebaut ginn. 1826 war de fäerdeg. Deemools waren och nach Library of Kongress an dat héchste Geriicht, d’Supreme Court, am Kapitol ennerbruecht.

Duerch ëmmer méi Deputéiert vun den neien Staaten ass schon 1851 en éischten Flillek bäigebaut ginn. Fir d’Proportiounen ze erhalen gouf dann och eng méi grouss Koppel gebaut. Nei war datt Gos-seisen an der Koppel verschafft ginn ass. Am 20. Jorhonnert si Supreme Court a Library of Congress an dat nei Gebai nieft dem Kapitol geplënnert fi r méi Plaz am Kongress fi r d’Chamberen ze hunn. Sou ass vill ëmgebaut ginn, sou ass ënner anerem am Kapitol en neien Raum fi r d’Representanten entstanen.

Op eiser Visite hu mer béid Chambere gesinn an am Repräsentantenhaus hu mer eng Debatte iw-wer d’Krankekeese matkritt. D’Molly, eise Guide, hat vill Gedold an hat vill Freet mat sengem Lët-zebuergeschen Grupp.

Waasserstoffbus

Virun dem Kongress huet e kanadeschen Hirsteller sai Waasserstoffbus virgestallt. Gäeren hunn si jonken Studenten hiren neien Undriff gewisen. Speziell un dëser Konstruktioun war dat d’Brennstoffzell nemmen d’Batterien oplued, dei dann erem d’Elektromotoren un de Rieder undreiwt. D’Batterien leien am Buedem vum Bus, d’Gastanken um Daach. De Bus gesait esou aus wei en Erdgasbus.

Jacques Meisch

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 14 15.12.2009 18:05:10

Page 15: Bulli 2009_4

bulliWanter 2010

15

US

A R

ees

- Air

and

Spa

ce M

useu

m W

ashi

ngto

n

Air and Space Museum zu Washington D’Visite vum Air and Space Museum zu Washington huet ugefange mat enger klenger Stäerkung, di mer eis vir d’éischt am hausinternen Mc Donald’s (an da soll ee kéng Clichéen hunn) eragezunn hunn.

De Mo gutt gestäipt ass et du lass gaang, woubäi sech d’Grupp séier an deem grousse Gebai verspreet hat… Wien lo alles wat gesinn huet, ass dofi r schwéier ze soen. Wann ee sech fi r historesch Fligeren intresséiert huet, wor een ob all Fall gutt bedéngt. Vum originalen Wright Fliiger, dem Spirit of St.Louis, enger V1-Rakéit déi se de Preisen geklaut hunn, der Appolo 11 hirer command module an engem Steen, dee vum Mount (an net aus dem Stanley Kubrick séngem “A Space Odyssey“) hierkënnt, huet ee sech konnten ee schéine Crash-Kurs an der Geschicht vun der Aviatioun zesummewierfl en. A wann ee sech och net ze schued wor fi r an enger Schlaang vun 5- 10 järegen Kanner ze stoen, konnt ee sech och een Kannerdraam erfëllen, an eng Kéier um Steier vun enger Cessna sëtzen…A lo mol éierlech, gesi mer net wierklech glécklech aus?

Max Friob

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 15 15.12.2009 18:05:13

Page 16: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

16

US

A R

ees

- Sta

dion

Phi

lade

lphi

a

Déi

méi

lesc

hteg

Säi

ten

Visite vum Stadion zu Philadelphia

Den zweeten Dag zu Philadelphia stoung dann och erëm eng méi technesch Visite um Programm. Fir d‘ Bauingénieuren ënnert eis e bëssen glécklech ze man, sinn mer d‘Haus vun den Philadelphia Eagles (Football) besichen gaangen. Dësen Stadion (Lincoln Financial Field) ass 2003 angewéiht ginn an gehéiert esou zu engem vun den modernsten vun der amerikanescher NFL. Kapazitéit ass mat 65,352 Léit och relativ héich gehaalen.

Pénktlech ass Visite lass gaangen an mir kruten Abléck an den Stadion an

seng Reim. Fir d‘éischt ass eis awer verbueden ginn den „hellegen“ Wuess unzepaken, well deen grad frech geluecht ginn ass. Natierlech ass deen een oder aner awer driwwer gelaf, sou dat mer schon direkt erëm vernannt ginn sinn. Tjo tjo, mir sinn einfach onléierbar...

Och den Accès zu den Cheerleader Kabinnen ass ons leider verweigert ginn, zum Onwuel vun verschiddenen Participanten. Dofi r konnten mer eis awer an dem Presseraum ausgibeg beléieren loossen iwwer Regelen vum amerikaneschen Football an den Spiller hiren Restriktiounen mat der Press an dem Haaptsponsor Reebok (huet eigentlech näischt mam Stadion ze dinn, mä interessant war et schonns). Nodeems mer iwwert déi duerchwuessen Aarbecht vun den Schiedsrichter an dem genialen Spill vun den Philadelphia Ealges mat hiren, ongeféier, 50 Trainer geschwat hunn sinn mer weider an déi riseg Kabinne vun den Spiller gaangen. Natierlech ass ons hei och direkt erëm verbueden ginn iergendeppes unzepaken, well schliisslech si Kleeder vun hirem Quarterback Donavan McNabb (wien kennt en net?) an Co. mat Respekt ze behandelen. Et war awer schonns impressionant fi r déi riseg Kabinn ze bestaunen, mä nugudd 55 Spiller mat 50 Trainer brauchen eben hier Plaatz. Dunn stoung nach een klengen Abstächer an Press- an Sponsorsloungen um Programm, ier mer zefridden anmat neiem Wëssen eis op den Wee gemeet hunn zu der legendärer Duck-Tour duerch Philly.

Jean Mahowald

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 16 15.12.2009 18:05:15

Page 17: Bulli 2009_4

Déi

méi

lesc

hteg

Säi

ten

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 17 15.12.2009 18:05:16

Page 18: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

18

Visi

te S

ebes

Alle meine Entchen… Duck Tour zu Philadelphia

Touristenguiden, Reiseführer, Hop on hop off Bustoure sinn bekannt. Touristen déi mat Fotoapparat ëm den Hals duesch eng Staat héissen an all Quadratmeter ofl iichte sinn glaischermoosse bekannt.Ma zu Philadelphia gëtt et eng gelungen Art a Weis sech zum Aaf, ehm pardon, zur Int ze maachen. An der gréisster Staat vu Pennsylvania, wou sou geschichtsträschteg Evenementer wéi d’amerikanesch Revolutioun an d’amerikanesch Onofhängegkeet hiren Ursprong hunn, kann een nämlech eng Busfaart, oder Bootstour - demno wéi een ët grad hëllt - maachen, déi all Studentenhärz méi héich schloe léisst. An nee, et geet nek ëm iergendwellech Alkoholsgeschichten. Et geet dorëms, datt een sou vill Kaméidi ka maachen wéi ee wëll. Dat klengt lo fl aischt alles besse konfus, ma ech probéiere mech z’erklären. Nieft der berühmter Liberty Bell gëtt et zu Philly nämlech och eng Duck Tour. Dat ass allerdings keng Aktivitéit vun der lokaler Vulleschutzliga, mä DEI Touristenattraktioun. « Ride The Ducks » ass eng City Sightseeing Tour an engem Amphibienfahrzeug. Dat ass engt Gefi er, wat glaischermoossen u Land wéi um Waasser mobil ass.Am zweete Weltkrig guffen DUKW Amphibiengefi erer vun der amerikanescher Arméi bei der Invasioun vu Sizilien an der Normandie benotzt. Iergendwann nom Krich hat ee fi ffegen Geschäftsmann d’Iddi, sech um DUKW Design z’inspiréieren an d’Touristen domatt op d’Schëff ze schecken.

Iert mer eis Plaatz an deem Bus/Boot geholl hunn, krut Jiddereen eng Päif a Form vun engem Inntenschniewel ausgedeelt. Do kann een sech jo da virstelle wat dat ee Geschnatters bei 21 Paifenkäpp gëtt.Dono ass et dunn am Takt vun Discolidder duesch de Stadzentrum gaangen, wou mer all Mënsch, deen eis begéint ass, zougetrootert hunn. De Chauffeur hott eis déi am längsten dauerhaft bewunnte Strooss an Nordamerika gewisen an dat Haus, wou d’Betsy Ross deen éischte Stars and Stripes Fändel gebitzt hott.Deen interessantsten Deel kumm awer nach. An zwar war dat dee Moment, wou mer matt deem bossëgen (frai iwwersaat aus der éislecker « Sprooch », fi r komësch) Gefi er an den Delaware River gebraust sinn. Gemächlech si mer de Floss erof geschippert, kunnten d’Benjamin Franklin Bridge an hierem strahlenden « Franklin blue » bestaunen, matt Pennsylvania op där eng Säit an New Jersey op där anerer Säit vum Ufer.Nodeems eis de Chauffeur mat drëschene Féiss nees u Land bruecht hott, huet en nach ugefong, de Motor an d’ganz Funktionnement vu senger Amphibienint ze erklären. Ech géif iesch jo lo gären hei nach eng kleng technesch Erläuterung ginn, mä éischtens studéieren ech nek Maschinebau, mee Bauingénieur, an zweetens ass mengt Englesch dann awer nek sou gutt fi r all déi Fachbegrëffer ze verstoen.Dofi r hu mer eis dunn och Saachen zougewannt, vun deenen all Mënsch méi Ahnung hott : an engem Café hu mer eis mat engem Pint am Grapp de Baseballmatch zwëschen de Phillies an de Yankeess ugekuckt. Iwrëgens, d’Phillies hunn gewonn. Go Phillies !http://www.phillyducks.com/

Annick Becker

US

A R

ees

-Duc

k To

ur P

hila

delp

hia

Rät

sel

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 18 15.12.2009 18:05:17

Page 19: Bulli 2009_4

bulliWanter 2010

19

Visi

te S

ebes

Rät

sel

New York

Donneschdes den 29.10 ass et dunn op eis lescht Etappe gaang: vu Philadelphia op New York. Mir si moies géingt 9 Auer lass gefuer an hu bei engem Dunkin’ Donuts Stall gehal fi r Kaffi ze drénken. De Kaffi war net sou den Hit, an Donuts sou séiss datt ee bal een Zockerschock krut huet, mä et war nach ee Stéck bis op New York an dofi r huet een d‘Energie gebraucht. Besonnesch fi r zwee Autoen war et wichteg Energie ze hunn, well si hunn sech op eng Wett ageloss, déi een als Kampf Mënsch géingt Maschinn ka beschreiwen, also de Michel Hansen géingt de Jean Mahowald. Ausserdeem ass et drëm gaang wat lo besser geet, mat Kaart de Wee ze sichen oder sech op den Navi ze verloossen. Als Navigator beim Jean un Bord waren de Lionel Arend, de Mr. Spock-Wackelkapp, den Albert Einstein an ech. Obwuel mer ee Moment fi r waren, hu mer leider eng Ausfahrt verpasst, déi op der Kaart zwar ze fanne war, mä di einfach net komme wollt...De Mr. Spock hat ausser „live long and prosper“ och näichtdozou ze soen, ausser heiansdo nach „fascinating“, wat awer och net gehollef huet. Mee d‘USA huet jo och vill schéi kleng Dierfer ze bidden, déi mir dunn durchfuer hunn. Ëmmerhin hunn mirpuer Dollar bei de Mautkeschte gespuert. Et kann een sech wuel denken, dat den Navi deen Navigatiounsfeeler net gemaach huet, sou dat den Auto Mahowald leider d‘Wett verluer hat, wat spéider nach eng wichteg Roll sollt spillen.

Zu New York selwer hate mer den YMCA séier fonnt, leider waren d‘Zëmmeren nach net fäerdeg, sou dat et schon bal vu Vierdeel war, dat eisen Auto puer Minutte méi spéit ukomm ass. Während mer op d‘Zëmmere gewaart hunn, goufe scho mol d‘Autoen zréck bruecht. Sou dat déi Zäit eigentlech net verluer war. Well wei d‘Chauffeuren zréck waren, krute mer och een Zëmmer, wou mer d‘Wallissen all drastelle konnten. D‘Zëmmer war um 12. Stack, an et hat een eng wonnerbar Vue aus der Fënster um Gang op den Central Park, deen direkt niewend dem YMCA war. Also wierklech eng optimal Lag déi den Hostel hat. Déi aner Zëmmer déimer spéider kruten waren um selwechte Stack a genau wei dat 1. alles 2-Bettzëmmer.Wei d‘Wallissen dunn ënner Daach waren, sinnmer du mol lass gaang, fi r een 1. Androck vun New York ze erhaschen.

Wat huet een net schon alles iwwert dës Stad héieren, a lo ass een endlech do, et war schon en bëssen ee komescht Gefi ll. Mier sinn duerch den Central Park spadséiert, Richtung 5th Avenue bei den Apple Shop, deen direkt vis-à-vis vum Plaza Hotel leit. Op der kuerzer Streck gouf et schon souvill ze kucken datt ee bal d‘Genéck wei krut. No engem kuerze Besuch am Apple Shop sin mer d‘ 5th Avenue erof fl anéiert, Richtung St. Patrick‘s Curch, dei mer kuerz besichtegt hunn. Dunnweider Richtung Center a Moma Shop. Duerno goung et weider an d‘Grand Central Station, wou mer och ee Maufel giess hunn, fi r duerno zréck an den Hostel ze goen, wou jiddereen säin Zëmmer krut, an sech fäerdeg gemaach huet fi r op den Empire State Building bzw. op den Top of the Rock, dat ass um Daach vum General Electric Building, dat zum Rockefeller Center geheiert.

US

A R

ees

- New

Yor

k

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 19 15.12.2009 18:05:18

Page 20: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

20

Rät

sel

Um 16 Auer hu mireis virum Empire State Building bzw. GE Building getraff, fi r dann erop ze fueren a vun do d‘Vue op New York ze genéissen. Bis mer dat awer konnte maachen huet et nach en bësse gedauert, fi r den Top of the Rock 1 Stonn, fi r den Empire State Building bal 2 Stonnen. Mee et huet sech awer gelount, well mer genau an deem Moment uewe waren wou et d‘Nuecht ginn ass, an sou den Ausbléck bei Dag an och bei Nuecht konnte genéissen. Och wann d‘Wierder net perfekt war, huet ee schon zimlech weit gesinn.

Wei mer rëm ënne stoungen, si mer Richtung YMCA gefuer eis chic maachen, fi r an de Marriott kënnen iessen ze goen. De Restaurant am Marriott huet the View geheescht, a war um 48. Stack. Den Numm war Programm, well den Restaurant sech gedréit huet, an een eng mega Vue op New York hat während ee giess huet. Du koum dat komescht Gefi ll vum Ufank nach eng kéier rëm, et konnt een nach ëmmer net gleewen, dat ee wierklech zu New York war. Et gouf Buffet

z’ iessen, dee kleng awer an der Rei war, besonnesch beim Dessert hat een awer genuch ze wielen. No 2 Stonnen, an deenen sech de Restaurant 2 mol 360° gedréit hat, war et d‘Zäit fi r ze goen, well mir wollten och nach eppes vum New Yorker Nuetsliewe matkréien.

Fir dat ze erliewen huet d‘Micky eis an ee Café am Greenwich Village am Weste vu Manhattan bruecht. Wei mer erakomm sinn, ware mer all e bësse skeptesch, dofi r sinn ech mol bei de Comptoir gaang, well ech nach déi verluere Wett vu Moies wollt begläichen. Also hunnech 10 Béier bei der Fra mam fl otten Decolleté bestallt, déiawer als 1. mol gutt geräpst huet. Du wosst ech schon dat et keng normal Bar war, wei d‘Owenter vierdrun. Spéitstens wei déi aner per Megaphon bei de Comptoir geruff goufen, fi r den Béier ofzehuelen, waren déi lescht Zweiwel fort. Du huet d‘Meedchen awer nach 10 Shoten dobäi gestallt, an nodeems et eis oofgezielt hat, nach eng kéier 5 Béier a 5 Shoten. Lo missten awer mol 30 Gedrénks mat Taxen an Drénkgeld bezuelt ginn. Do gouf et en bëssen Opreegung, well geduecht gouf d‘Shoten wieren fi r näischt. No bëssen Diskussioun hate mer d‘Suen zesummen, mä de Max huet der Fra awer

US

A R

ees

- New

Yor

k

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 20 15.12.2009 18:05:21

Page 21: Bulli 2009_4

bulliWanter 2010

21

Rät

sel

nach missen däitlech maachen, dat et zimlech deier ass. Stëmmung war zu dësem Zäitpunkt nach net sou super, mä wei d‘Meedche mam Decolleté wollt, dat mir mol Kaméidi maachen, an eise léiwe Trésorier dunn ugefaang huet mat blären an mir all nogezunn hunn, wosst hat och dat mir net géifen no engem Béier verschwannen. No der 3. Ronn Heineken huet eis d‘Meedche virgeschloen, mir kéinten och méi bëllege Béier kréien. Dat hu mer dunn och gemaach, well mir wollte jo nach deen een oder aneren drénken. Bis mer um 4 Auer d‘Bar no engem leschte Shot, den dës Kéier wierklech gratis war, misste verloossen, gouf nach vill gebläert, gedronk an de Meedercher beim

Danzen um Comptoir nogekuckt. Wei mer du rauskoumen huet eis nach eng Fra, déi NET!!! wei d‘Alicia Keys ausgesinn huet, och wann dat behaapt gouf, Sex ugebueden, mä sou doudvoll war keen. Ausserdeem gouf nach mat engem Limousinschauffeur diskutéiert, fi r eis matzehuelen. Leider hätte mer net all era gepasst, sou datt et awer mat der Metro heem goung. Mier haten deen Owend dem leschten d‘Hatt an de Grapp ginn an de Kächer gutt gelueden.

Deen nächste Moie si mer géingt 11 Auer lass gaang fi r eis Downtown unzekucken. Dofi r sinn mer mat der Metro Richtung Battery Park, ganz am Süde vu Manhattan, gefuer. Do un komm hu mer als 1. de Bléckop d´Fräiheetsstatue genoss a sinn dunn Richtung Wall Street gewandert. Ënnerwee war och ee Stand fi r Helikopterfl ich iwwer Manhattan. Dat hunn de Christian Pauly an de Michel Hansen sech net entgoe gelooss, déi aner sinn awer léiwerzu Fouss weider gaang.

No der Wall Street si mer Richtung Ground Zero gaang, wou et awer ausser Baustell net vill ze gesi get. Fir d‘Skyline vun Downtown eng kéier vu wäitem ze gesinn, hu mer beschloss iwwer d´Brooklyn Bridge ze goen. Op der anerer Säit hat een och eng wonnerbar Vue op d‘Skyline, sou daat dee Punkt och oofgehaackt konnt gin, an een net extra misst bei d‘Fräiheetsstatue fueren, wou ee souwisou net eropkomm ass. Op der anerer Säit vun der Bréck hu mer d‘Metro geholl, fi r rëm op Manhattan ze kommen, fi r nach Chinatown a Soho unzekucken.

US

A R

ees

- New

Yor

k

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 21 15.12.2009 18:05:24

Page 22: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

22

US

A R

ees

- New

Yor

k

Duerno simer rëm an den Hostel gefuer, fi r eis fi r d‘Gruppefoto schéin ze maachen, déi mer 17 Auer um Times Square geholl hunn. No der Foto goung et mam Taxi, bzw. verschidde Leit zu Fouss, well dat mam Taxi em déi Zäit net einfach war, bei de Konsul. Vierdrun hu mer nach kuerz beim UNO-Haaptgebai laanscht gekuckt, wou déi vu Lëtzebuerg gestefft Pistoulen-Statue steet, déiawer méi kleng ass wei geduecht.

Am Konsulat goufenmer dunn häerzlech mat enger Coupe Schampes oder engem Glas Wäin empfaang. Leider ware mir méi duuschtreg wei den Konsul geduecht huet, souguer sou duuschtreg, dat eng Fläsch Wäin gedronk gouf, déi gestoppt huet. Trotz deene gudden a konstruktive Gespréicher mat dem Konsulan der Fra dei fi r den Tourismus zoustänneg war, souze mir op eemol um dréchenen, wat mir frendlecherweis och matgedeelt hunn. Duerno war et dann Zäit fi r ze goen. Et war kee Restaurant reservéiert, also hu mer eis, spontan wei mer nunmol sinn, entscheet eng Pizza iessen ze goen. Daat hun mer och gemaach a waren sou gestärkt fi er rëm op den Tour ze goen. Mier haten och séier eng Bar fonnt, déi wuel fl ott awer net sou gutt wei déi den Dag vierdru war. Mee och hei hate mir eise Spaass bis mer heem gaang sinn.

Fir Samschdes war kee Programm festgeluecht, sou dat déi eng moies frei an de Woodbury Common Outletgefuer sinn, fi r do anzekafen. Déi aner hunn dat einfach zu New York gemaach oder sinn nach puer Saachen, wei de Moma oder d‘High Line kucke gaang. Well deen Daag och Halloween war, konnt een d‘Zäit och notze fi r sech eng Verkleedung ze sichen, wat Verschiddener och gemaach hunn. Nach anerer hunn d‘Zäit genotzt fi r moies an de Central Park lafen ze goen, an do de Lance Armstrong ze treffen deen sech op de Marathon den Dag duerno virbereedhuet.

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 22 15.12.2009 18:05:27

Page 23: Bulli 2009_4

bulliWanter 2010

23

Owes war dunn Treffen vierum Madison Square Garden fi r sech een NBA Spill unzekucken, an zwar New York Knicks gengt Philadelphia 76ers. De Match war am Ufank net sou spannend, an huet ee gemengt Philadelphia géif lacker gewannen, well se deelweis 16 a méi Punkte fi r waren. Ëmmerhin krut een an de ville Pausen eppes gebueden fi r seng Suen.

Nom 4 Quarter stoung et awer ob emol gleich, sou dat et an d‘Verlängerung gaang ass, déi Philadelphia awer dunn endlech genotzt hat fi r alles kloer ze maachen. Leider hunn ech deen Deel vun der Partie net méi gesinn, well bei Wolfgang‘s reservéiert war, an ee gudden Steak mech méi reizt wei ee Basketballspill wou ech keen Spiller kënnen.

Dofi r sin den Jean, d‘Annick, de Pol, de Marc an ech bei de Max gaang, dee schon am Restaurant geward huet. Och wann et net ganz bëlleg war, huet et sech gelount fi r een Steak dohinner iessen ze goen, well et war wierklech exzellent. Et war immens zaart Fleesch an et hat ee mega gudde Gout. No deem gudden Iessen goung et Richtung Soho, wou mir an enger Bar Halloween gefeiert hunn, bis d‘Bar zougemaachhuet.

Leider hu mir du misse feststellen, dat New York dach och eng kéier schléift, op allefall wat d‘Baren ugeet hu mir näischt méi fonnt wat op hat. Also ass et dunn heem gaang, wou mer getrennt goufen, well di eng d‘Metro nach sou just kritt hunn, déi aner awer eng hallef Stonn missten op déi nächst warden. Mee schlussendlech si mer rëm all zréck an den Hostel komm.

Du war schon Sonndes, an domadder dee leschten Dag vun der Rees, et wär ee gären nach mei laang bliwwen, mä alles ass eng kéier riwwer. Well lo réischt d‘Auer an den USA op Wanterzäit gestallt gouf konnte mer eng Stonn méi laang schlofen. Deen leschten Dag gouf nach genotzt fi r séier nach puer Postkaarten ze schreiwen an de Marathon ze gesinn. Nodeems d‘Spetzenleefer am Ziel waren hu mer eis nach eng kéier verdeelt, déi eng sinn nach eppes kucke gaangen, anerer nach séier eppes leschtes kafen. Schlussendlech hu mer eis géingt 14 Auer op de Wee gemaach fi r Richtung Fluchhafen. Wou och alles geklappt huet, sou dat mer rechtzäiteg fi r eise Verbindungsfl uch op Lëtzebuerg gelant sinn, wou mer schon seensüchteg erwaart goufen.

Merci un d‘Organisatioun, an ech hoffen et ass mer kee béis wann ech extra dem Micky Merci soen, fi r déi fl ott Rees. Mee och nach eng kéier Merci un all déi, di matware fi r déi mega Stëmmung déi mer haten.

Yves Duhr

US

A R

ees

- New

Yor

k

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 23 15.12.2009 18:05:31

Page 24: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

24

Visite ArcelorMittal Bettembourg 14.11.2009

Nodeems mer d’ANEIL 2 Deeg op der Foire de l’étudiant vertrueden hunn an sou gut wéi méiglech Reklamm fi r den Ingenieursberuf gemaach hunn, hunn sech Samschdes moies eng 15 Interesséierter zu Beetebuerg zesumme fond fi r sech hei d’ArcelorMittal Wierk unzekucken. D’Visite gouf geleet vun engem ale Bekannten, den Här Claude Mahowald, deem ech op dëser Platz nach emol wëll Merci soen fi r déi Zäit déi hien sech fi r eis geholl huet.

Fir d’éischt gouf et eng Presentatioun vum ArcelorMittal Group, deen mer jo wahrscheinlech all kennen, a vum Wierk zu Beetebuerg. Hei bleift festzehalen, dass Beetebuerg een vun weltwäit 7 Steel Cord Produktiounssiten vun ArcelorMittal ass. Vun 1984 bis 2001 war dat ganzt éischter ënnert dem Numm TREFILARBED bekannt. Neierdéngs huet Beetebuerg awer mat Biissen fusionéiert sou dass déi zwee Siten elo just nach een Wierk duerstellen. Dës Fusioun ass zustan komm well zu Biissen och Drot gemaach gëtt (just aner Zorten) an esou Käschten virun allem am Administratiounsberaich gespuert kënne ginn. Wéi de ganze Stolsecteur ass och Beetebuerg net vun der Kris verschount bliwwen an d’Kapazitéiten vun 15000 Tonnen am Joer sinn op 4000 Tonnen erofgefuer ginn. Och vun deenen 250 Leit déi bis virun kuerzem hei geschafft hunn sinn der nëmmen nach 150 iwwreg. Keng gutt Zäiten deemno, mä well d’Wierk awer zum Deel erneiert a komplett restrukturéiert ginn ass, gesäit een der Zukunft awer positiv entgéint.No der Presentatioun krut jiddereen seng Sécherheetsausrüstung an mir sinn duerch Produktiounshale gaangen. Et ginn hei 3 verschidden Zorten Drot produzéiert: den Tire Cord (fi r an d’Pneuen), den Hose Wire (fi r an Drockschläich) an den Saw Wire (fi r an Mikrochippen oder Photovoltaik-Zellen). Ab 2010 awer just nach Hose Wire an Saw Wire well hei déi gréisst Perspektive sinn.Zum Prozess: Den zougeliwwerten Drot gëtt fi r d‘éischt vun de Spullen lassgewéckelt, d’Surface gët vun Fe2O3befreit an duerch eng chemesch Behandlung op déi néideg Porositéit preparéiert. Duerno gëtt en am sougenannten „Tréfi lage“ sou laang gezunn bis en deen richtegen Duerchmeesser huet (tëschent 5,5 an 3 mm). Dëst geschitt op verschiddene Stufen mat enger Vitesse vun +/- 7,5 m/s.

Tréfi lage

An engem nächste Schrëtt gëtt en dann an engem Uewen erhëtzt wou seng Struktur verännert gëtt fi r dass en net sou schnell brécht. Doduerch kann en herno och nach op méi dënn Duerchmiesser gezunn ginn.

Visi

te A

rcel

orM

ittal

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 24 15.12.2009 18:05:31

Page 25: Bulli 2009_4

bulliWanter 2010

25

Nodeems en nees ofgekillt ass gët en dann mat enger Schicht Messing iwwerzunn déi zum Beispill an de Pneuen mam Kaoutschouk reagéiert an fi r eng besser Haftung suergt. Duerno gëtt en dann an engem weideren Tréfi lage bis op deen Duerchmiesser gezunn wéi den Client en gären hätt. Je no Optrag oder Gebrauch kann den Drot awer och zu Kabelen zesumme gewéckelt ginn. Op de Spullen opgewéckelt gëtt en dann verpaakt an per Camion un de Client geliwwert.

No der Besichtegung hunn mer eis Helmer a giel Westen nees zréck ginn an déi lescht Froen si beäntwert ginn. Alles

an allem war et sécherlech eng ganz interessant Visite och wann hei an deenen nächste Méint wahrscheinlech net vill jonk Ingenieuren wäerten agestallt ginn. Michel Hansen

Visi

te A

rcel

orM

ittal

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 25 15.12.2009 18:05:39

Page 26: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

26

Réc

kblé

ck 2

009

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 26 15.12.2009 18:05:48

Page 27: Bulli 2009_4

bulliWanter 2010

27

D‘ ANEIL seet all hire Memberen

a Sponsore Merci fi r dat fl ott

Joer 2009 a wënscht hinne

schéi Feierdeeg an e gudde

Rutsch an d’ Joer 2010!

Réc

kblé

ck 2

009

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 27 15.12.2009 18:05:58

Page 28: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

28

Invitatioun Assemblée Générale 2009

Heimatter invitéiert d‘ ANEIL all hir Memberen häerzlech op

hier Assemblée Genérale, déi den

Sonnden, 27. Dezember 2009um 20. Auer

am Urban City (um éischte Stack)2, rue de la Boucherie

L-1243 Luxembourg

stattfënnt. Hei wäerte mir e Réckbléck op dat erregnisräicht

Joer 2009 werfen an awer och de neie Komitee fi r d‘ Joer 2010

wielen. Interesséierter fi r an de Komitee si gebidden hier Kan-

didatur rechtzäiteg per Mail u [email protected] ze schécken.

Mir wiere frou iech op der AG 2009 ze gesinn.

Invi

tatio

un A

G 2

009

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 28 15.12.2009 18:05:59

Page 29: Bulli 2009_4

bulliWanter 2010

29

Foiren fi r intresseiert Ingenieuren

Januar:

12. - 16. Januar EssenDeubau, Internationale Baufachmesse für Hochbau, Ausbau und Tiefbauwww.deubau-essen.de

16. - 19. Januar HannoverContractworld – Congress, Exhibition, for architecture and interior designwww.contractworld.com

18. – 19. Januar MünchenBonding – Firmenkontaktmessewww.bonding.de

23. – 24. Januar OffenbachIKA – die internationale Kart-Ausstellung in Deutschlandwww.kart2000.de

23. – 24. Januar HannoverWorld of HIFI Hannoverwww.highendsociety.de

26. – 27. Januar KaiserslauternBonding – Firmenkontaktmessewww.bonding.de

27. - 30. Januar HamburgNortec, 12. Fachmesse für Produktionstechnikwww.hamburg-messe.de/nortec

Foire

n

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 29 15.12.2009 18:06:01

Page 30: Bulli 2009_4

Wanter 2010bulli

30

Februar:

Foire

n

Déi

méi

lesc

hteg

Säi

ten

5. – 7 Februar ErfurtAutomobilmessewww.automesse-erfurt.de

3. – 4. Februar Emden Automatisierungstagewww.automatisierungstage.de

9. – 11 Februar EssenE-world energy & waterwww.e-world-2010.com

16. – 20. Februar BerlinSolarEnergywww.messen-profair.de

16. – 20. Februar Berlinbautec, Internationale Fachmesse für Bauen und Gebäudetechnikwww.bautec.com

16. – 20. Februar BerlinBuild IT Berlin, Fachmesse für IT und Kommunikation im Bauwesenwww.build-it.de

23. – 27. Februar DüsseldorfMetav, Internationale Messe für Fertigungstechnik und Automatisierungwww.metav.de

23. Februar Frankfurt-am-MainJOBcon Engineering, die Karriereplattform für junge Ingenieurewww.iqb.de

24. – 26. Februar KarlsruheIT-Trans Messe für innovative IT-Lösungen im öffentlichen Personenverkehrwww.it-trans.org/

2. – 6. März HannoverCebit, Lösungen für die digitale Arbeits- und Lebensweltwww.cebit.de

9.- 11. März Frankfurt am MainFacility management fachbesucherwww.mesago.de/de/FM/main.htm

März:

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 30 15.12.2009 18:06:02

Page 31: Bulli 2009_4

Déi

méi

lesc

hteg

Säi

ten

Présentation de notre société :

Roll Material Europe fait partie du groupe international AVERY DENNISON, notre maison mère est basée à Pasadena en Californie et notre siège européen à Leiden aux Pays-Bas.Le groupe comporte plus de 200 sites de production et de ventes dans 89 pays et occupe approximativement 20000 personnes de par le monde.

Avery Dennison Luxembourg S.A.R.L

L’usine de Rodange au Luxembourg est un maillon de ROLL MATERIALS EUROPE qui produit la base des matériaux auto-adhésifs,Autrement dit un produit semi-fini.L’usine à vu le jour en 1989 et notre première production est sortie en Décembre 1990, depuis notre production est passée à plus de 850 mio de m2/an sur une centaine de produits différents.

Le personnel d’Avery Dennison :

Notre personnel est composé de huit nationalités différentes, c’est un milieu multiculturel qui apporte une richesse dans les échanges quotidiens, notre société étant à cheval sur 3 frontières, cela entraîne un pourcentage élevé de travailleurs frontaliers.Le nombre de personnes travaillant sur le site s’élève à 375 personnes La langue de travail est l’Anglais et la langue de communication le Français, surtout en production, mais nombreuses sont les personnes qui parlent 3 à 4 langues et qui s’adaptent constamment à leur interlocuteur.

Quelques données utiles :

Tel : +352/ 50 46 50 1Fax : +352/ 50 46 50 277www.europe.fasson.com

Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 31 15.12.2009 18:06:02

Page 32: Bulli 2009_4

[RFI

/DPF

/LKL

/LSG

/Joi

nThe

Adve

ntur

e-Gl

obe-

PA4-

Gree

n-BU

LLI-A

NEIL.

indd

/R0/

03.1

2.20

09]

Blast furnaces and specialized equipmentCoke making plantsDirect reduction plantsEnvironmental technologiesRecycling of by-products from iron and steelNon-ferrous and ferrous-alloys technologies and specialized equipmentCivil Construction project management and engineering

Proven solutions coupled with all-round innovative engineering and the latest technologies!

ADVANCED TECHNOLOGIES FOR TOMORROW’S CHALLENGES

If you are interested in a practical internship / thesis work within our company, please send your application to

Paul Wurth S.A.

International Offi ces:

Join the Adventure-Globe-P-A4-green-BULLI-ANEIL.indd 1 03/12/2009 09:07:40Bulli-Wanter2009-ferdeg.indd 32 15.12.2009 18:06:03