deSCOUT No 554

20
No 554 / 95. Joergang Dezember 2015 Eng Schoul fir d’Liewen

description

FNEL de Scout No 554 - Dezember 2015

Transcript of deSCOUT No 554

Page 1: deSCOUT No 554

No 554 / 95. Joergang Dezember 2015

Eng Schoul fir d’Liewen

Page 2: deSCOUT No 554

AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT,VEREINFACHT D’BANK DIR DE START AN DENG STUDIEN

EIS SPEZIAL-OFFER FIR DE STUDENTEPRÊTPrêt Cedies1), exklusiv Avantagen an 10 x 1.000 EUR ze gewannen2) startin.lu

1) Offer u Konditioune an d’Acceptatioun vum Dossier gebonnen. 2) Valabel fir déi éischt Soucriptioun vum Pêt. D’Suen ginn op däi Compte Courant vu BGL BNP Paribas iwwerwisen. BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Marketing Communication September 2015

Page 3: deSCOUT No 554

AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT,VEREINFACHT D’BANK DIR DE START AN DENG STUDIEN

EIS SPEZIAL-OFFER FIR DE STUDENTEPRÊTPrêt Cedies1), exklusiv Avantagen an 10 x 1.000 EUR ze gewannen2) startin.lu

1) Offer u Konditioune an d’Acceptatioun vum Dossier gebonnen. 2) Valabel fir déi éischt Soucriptioun vum Pêt. D’Suen ginn op däi Compte Courant vu BGL BNP Paribas iwwerwisen. BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Marketing Communication September 2015

DENIMPRESSUMdeSCOUT No 554Périodique officiel de la FNEL

Éditeur :FNEL Scouten a Guiden61a, rue de TrèvesL-2630 Luxembourg

Redaktioun & mise en page:Anne Simon, Claudine Scheeck, Felix Retter, Nicolas Wurth, Philippe HanckFotoën :Archive FNELDrock : Hengen Print & MoreOplo : 4600

DENEDITO

DENINDEX03 DENEDITO04 DCOVERSTORY07 DEBEAVER08 DEWËLLEFCHEN 09 DESCOUT10 DENEXPLORER11 DEROVER

12 DECHEF13 DESERIÖ14 DEGLOBETROTTER15 DERAPPORT17 DONGD18 DTRADITIOUN

03

BILDUNG = WËSSEN = RESPONSABILITÉIT = VERSTOEN = RESPEKT = AKZEPTANZ = FRIDDEN

Wie mengt, dee weess näischt, seet de Sproch esou schéin. Leider ass dat, an der Zäit vun der totaler Ver-netztheet, evetuell nach méi wouer wéi virdrunn. An de leschte Wochen a Méint sinn op der ganzer Welt erëm schrecklech Attentater geschitt - duerch Leit provoz-éiert, déi mengen ze wëssen, mengen d’Wourecht ze kennen. Vill vun deene jonke Fraen a Männer, goufe manipuléiert, well si eben net d’Chance hate wierklech eppes ze wëssen. An op deeër anerer Säit gi mer mat Informatiounen - ongefiltert an ongepréift - iwwer-schott. An esou mengt dann d’ganz Welt ze wëssen, well een aneren eppes behaapt huet. Wësse, well ee sech mat eppes ausernee gesat huet, eppes recher-chéiert, geléiert, a sech ugëeegent huet, sech selwer seng Meenung gebilt huet, schéngt iwwerflësseg. Bildung, duerch a mat aneren, a sech selwer, Weider-

entwécklung, konstant perséinlech Entwécklung ass a bleift awer den A an O fir wierklech kënnen eppes ze wëssen, an esou, menger Meenung no, och di eenzeg Chance fir jidderee Responsabilitéit ze iwwerhuelen, net blannemännerches engem op d’Wuert ze gleewen a letztendlech op Fridden.

D’Bäiléieren, Weiderbildung, oder wéi mer se bei de Scouten nennen, d’perséinlech Progressioun, ass ee vun de Piliere vun der Scoutsmethod an dofir ass dës Editioun vun DeScout och der Formatioun am grousse Sënn, also der Entwécklung vum Beaver zum Chef dediéiert.

Anne “Coco” SimonChargée à la Communication

Page 4: deSCOUT No 554

DENEDITORIALDCOVERSTORY: FORMATIOUN

Wat ass iwwerhaapt d’Formatioun bei de Scouten? Dat si Campen an Aktivitéite, wou Scouten léieren Chef ze ginn a Verantwortung ze iwwerhuelen, esou, wéi de Mowgli vu senge Léiermeeschteren lues a lues an d’Liewen am Dschungel agefouert gëtt.

Wat kann d’Formatioun an dat stännegt Bäiléieren jidderengem eenzel bréngen? An de Scoute, an och ausserhalb dovunner. De Wee, deen ee bei der Formatioun geet, hëlleft de Kandidate, lues a lues, ëmmer méi Verantwortung ze iwwerhuelen, an dëst an der Branche, a sengem Grupp, wéi natierlech och am Privatliewen. Weider kann ee sech während der Formatioun kontinuéier-lech weiderentwéckelen, esou wéi et jo och schonn als Beaver, Wëllefche, Scout etc innerhalb vun der Branche ass. Deemno gehéiert d’Formatioun zu der grousser perséinlecher Progressioun vum Beaver bis Chef. Des Entwécklung verännert eis als Mënsch an ass dowéinst net nëmmen op d’Scouten begrenzt.

04

2 �sons3 �sons

4 �sons

INTERVIEW MAM TOM GIRARDIN, COMMISSAIRE À LA FORMATION

Drago, 17

BienEntertainment

AneschtVillfältegEnormRau Emma, 16

“D’Formateuren ware ganz motivéi-

ert an hu sech mega Méih ginn, alles

flott a kreativ ze gestalten. Mir waren

och ganz motivéiert an et war flott nei

Leit kennen ze léieren.”

Camille, 17“D’Formatioun war mega interes-sant an se huet mir vill bruecht, a vill Spaass gemaach.”

Anouk, 16

“Produktiv a kreativ”

Page 5: deSCOUT No 554

05

Ass een iergendwann e “fäerdege Scout”? Ass dat iwwerhaapt ustriewenswäert? Et ass een ni e fäerdegen Scout - et fënnt een ëmmer, ewéi soss am Liewen, en anere Scout deen nach aner Talenter oder en anert Wëssen huet, ewéi ee selwer. Ech hunn dat zum Beispill vru kuerzem op der Scouts Academy gehat, wou Cheffen an Formateuren aus ganz Europa fir eng Formatioun zesumme koumen. Ech perséinlech striewen ëmmer dono, mech selwer ze verbesseren bei den Scouten an och anerwäerts. Bäiléiere kann a soll ee säi liewen laang.

Wat bréngt et dir selwer Formateur/Responsabele vun der Formatioun ze sinn?Déi Funktioun ass mat ville Versammlungen, Dis-kussiounen an Aktivitéite verbonnen. Dofir schafft ee mat villen anere fräiwëlleg engagéierte Scouten ze-summen, déi gemeinsam Valeuren deelen an duerch Spaass a Frëndschaft verbonne sinn. Dee beschte Mo-ment vum Joer ass, wann een um Enn vum Joer um Pow Wow nom verdeele vun den Diplomer all déi hou-freg Gesiichter vun de Formateuren an de Kandidaten gesäit; dat motivéiert een dann erëm mat voller Ener-gie an dat nächst Joer ze starten.

Wéini waars du fir d’Lescht iwwerrascht bei enger Formatioun? (Positiv oder negativ)

Ech ginn am Fong ëmmer erëm vun der Frëndschaft, der Energie an den kreativen Iddien iwwerrascht, déi bei de Formatiounen entstinn. Heiansdo ginn ech lei-der och negativ iwwerrascht. Esou zum Beispill rezent vun de ville Leit déi ouni sech ofzemellen net op de Formatiounsaktivitéiten optauchen. Léiers du och nach ëmmer bäi? All Dag, bei all neier Begéinung, Versammlung a For-matioun léieren ech eppes bäi. Dat kënnen nei Leit sinn, oder Bekannter besser kenneléieren, an duerch déi, neit Wëssen an ëmmer eppes iwwert mech selw-er ze entdecken. Besonnesch den ‘learning by doing’ erméiglecht engem effizient neit Wëssen unzeee-genen.

2 �sons3 �sons

4 �sons

FNEL FORMATIOUNProgessiounstableau

Philip, 18

“Ech fannen et déck cool hei a sinn

déck traureg dat et elo eriwwer ass.

Et léiert ee mega vill an dir sidd cool.”

Joëlle, 29

“Flott, interessant. Bréngt vill Id-

deeën. Léierräich. Just iwwerrascht,

dat net och méi eeler Leit do waren.”

Michelle, 18

“Mir haten eng cool Equipe mat deeër

et Spaass gemaach huet ze schaffen.”

Frederike, 17“Et léiert ee vill nei Saachen op eng mega flott Aart a Weis mat super Leit.”

Page 6: deSCOUT No 554

06

FORMATION CONTINUE

ANIMÉIERT GESCHICHTEN ERZIELEN Fir: BV & LX Cheffen an all di aner, déi an der Ëffentlechkeet musse schwätzen. Wéini: Den 20. Januar 2016 um 19h00 am homeFNEL Mam: Anne Simon (Coco) Geschichten erzielen ass net nëmme fir déi Kleng. An et ass och net nëmmen iwwer Wieder, wou eng Geschicht sech soll erzielen. De ganze Kierper ass drann en-gagéiert. Et ass eng Technik, déi engem och am “grousse” Liewe kann hëllefen, e Message gezi-ilt a lieweg ze vermëttelen. Wien eng Geschicht flott kann erzie-len, huet e Virdeel, wann et drëms geet spontan ze improviséieren, di richteg Wieder a Formulatiounen ze fannen, well d’Routine vun der Geschicht an der Phantasie eis er-laabt ausserhalb vun der “Këscht” ze denken.

DCOVERSTORY: FORMATIOUN

E puer flott Impressiounen vun eise Formatiounen, dësen Hierscht.

Page 7: deSCOUT No 554

07

DEBEAVER

Moie léif Beaver,

Ei, elo kënnt déi gemittlech Zäit vum Joer, wou d’Mënsche sech alleguerten an hier Haiser verkrauche, well et fréi däischter gëtt. A mir Biwer sinn nach ganz fläisseg a sammelen Holz, Schuel an Nëss fir de Wanter gutt ze iwwerstoen.

Hei e leckert Rezept, dass och dir, als Mënschekanner den Hierscht an de Wanter gutt iwwerstitt!Well d’nächst Joer gesi mer eis alleguerten den 28. Mee am Bambësch fir de Beaverfunday 2016! Also schreif der dat schonn deck an den Kalenner!

Beaverklack, Äre Bibu

POST VUM BIBU

• 1 Wierfel Hief• 150 g Zocker• ¼ L Mëllech• 100 g Botter/Margarine• 600 g Miel• 1 TL Salz• 2 Eeër• Roséngen oder Schokla fir d’Aen

BOXEBEAVER

D'Hief an 1 TL Zocker an der Mëllech opléisen. 10 Minutte stoe loossen. De Botter schmëlzen a mam Miel, Zocker, Salz, den Eeër an der Hief-Mëllech zu engem glaten Deeg knieden.

Zougedeckt op dat duebelt opgoe loossen. D'Boxebeaver formen an nach eemol 10 Minutte roue loossen. Mat Mëllech besträichen (da gi se

méi schéi blénkeg) a Roséngen an d’Aen drécken.

Da fir 20 Minutten bei 200° an den Uewen. E Gudden Appetit.

Page 8: deSCOUT No 554

08

DEWËLLEFCHEN

08

Et ass Zäit fir déi nei Wëllef dem Ruddel virzestellen. Déi Wëllef mat de mëlle Patten (Tender Foot S. 19 am Vademecum) maachen hiert Verspriechen op d’Wëllefchersgesetz. E gudde Moment fir all Wëllefchen sech ze erënnere, wat e versprach huet!

ECH VERSPRIECHE MAI BESCHT ZE MAACHEN FIR E GUDDE WËLLEFCHEN ZE SINN AN ALL DAG ENGEM ENG FREED ZE MAACHEN!

Mir freeën eis wann dir eis Biller vun äerem Versprieche schéckt!

VERSPRIECHEN

ERËNNERS DU DECH NACH UN DI 5 PUNKTE VUM WËLLEFCHERSGESETZ?

[email protected]

1.

2.

3.

4.

5.

SIXER WEEKEND& EXPLO

16. & 17. 04. 2016MAM SUPERJHEMP A VILL

KACHKÉIS

de Wollefspapp

Page 9: deSCOUT No 554

09

DESCOUT

EXPLO 2016

Schréif der den 30. + 31. Januar 2016 grouss an däi Kalenner! Mat Hëllef vun denge Cheffen organiséiert d’Scoutséquipe dir e flotten Explo!

Jo, du hues richteg héieren! En EXPLO! Net jidderee wäert nach wësse wat dat ass; dee leschte läit schonn eng Zäitchen zeréck.

Fro déng Cheffen, oder nach méi einfach: komm mat denger Patrull op dëse flotte Weekend. Sief derbäi a fann et eraus.

A ganz wichteg: hei léierst du aner Scoute ken-nen a Spaass gëtt op dëser Aktivitéit grouss ge- schriwwen!

Iwerlee dir och schonn eng Verkleedung zesumme mat denger Patrull. D’Thema ass FUESEND! Looss denger Phantasie fräie Laf; wichteg ass awer, dass du an deng Patrull eng gemeinsam Verkleedung huet.

All wéider Infoe kriss du vun denge Cheffe mat-gedeelt.

SCOUTSEXPLO30. - 31. 01. 2016

CP & SP WEEKEND16. & 17. 04. 2016

LOSCHT OP E BESSI AVENTURE?!?Dann hal der dëse Weekend fräi!

BE PREPARED

Vergiesst net: d’Präsenz vun äerer Patrull op dësen 2 Aktivitéiten gehéiert zum SCOUTSBLOG.

SCOUTSBLOG

09

Page 10: deSCOUT No 554

GLOUSBRENNEN

DENEXPLORER

10

Salut Explorer,

GLOUSBRENNEN ass eng vun deenen eelste Methoden fir aus Holz Schosselen oder Läffelen selwer ze bastelen. Esou kanns du dir däi Geschir selwer hierstellen.Am beschten eegent sech hei fir mëllt Holz: dozou ziele virun allem Weiden, Bierken a Pëppelen. Noolenholz eegent sech wéinst dem Haarz net esou gutt.

Op e Stéck Holz, wat ronn 6 Méint gedréchent ass, lees de e Stéck Glous. D'Holz fänkt lues un ze glimmen. Duerch Blosen an d'Glous kanns du de Brennvirgang acceleréieren.

D’Verdéiwung muss regelméisseg mat engem ale Läffel ausgekraazt ginn, éiers de nei Glous dra lees.

Wann d‘Verdéiwung fäerdeg ass, kanns de se mat Sand oder Glaspa-beier glat schläifen an d’Schossel bausse mat dengem Täschemesser a Form schnëtzelen.

Wann’s de deng Schossel reegelméisseg mat Zalotenueleg areiws, kritt se och keng Rëss.

Fir de Läffel brauchs de méi e klengt längelzegt Stéck Holz wat’s de graff an d'Form vun engem Läf-fel schnëtzels, d‘Verdéiwung gëtt genee esou gebrannt wéi déi vun der Schossel.

Vill Spaass beim Geschir brennen an e gudden Appetit!

TECHNIK

EXPLORER BA17. Dezember 2015

REMINDER de 17. Dezember ass eis BA zesumme mat de Rover, wou fir d’Stëmm vun der Strooss gekacht gëtt. Wien nach well, ka gäeren eng Hand upake kommen. Mellt Iech iwwert: explorer@fnel

[email protected]

OPGEPASSTDen Datum huet geännert!

RAID +22. - 24. 04.2016

Page 11: deSCOUT No 554

11

DEROVER

“The most worth-while thing is to try to put happiness into the lives of others”

ROVER B.A. 17/12/2015 - Eng waarm Molzecht fir Menschen déi all Dag d’Keelt op der Strooss verspieren. RDV 10h30: Centre culturel Bouneweg an Uniform.Umellen op [email protected]

“The spirit is there in every boy; it has to be discovered and brought to light.”

SOIRÉE SUISSE 19/12/2015 - Reflexioune, Spiller an Dis-cussionen, alles dréit sech ëm d’Thema “ROVER”! Wat fir eng Zukunft fir eis Rover-branche? Ganz informell bei Raclette à gogo fir 15€ um 19h am Home CDBM zu Merl.Umellen op [email protected]

ROVER BA17. Dezember 2015

SOIRÉE SUISSE19. Dezember 2015

WÉI LÉIERE MIR AUS EISER EEGENER ERFAHRUNG?Eise ganze Léierprozess ka sech ewéi en zouene Krees, e sech widder-huelenden Zyklus duerstellen. Duerch eng Aktivitéit eegene mir eis net nëmme prakteschen Know-How un, mee och Kompetenze wat Organi-satioun, Responsabilitéit a Leadership ugeet. An all Projet oder Initiative erliewe mer also 4 Stadien.

1. Reflektioun: et ass wichteg no enger Aktivitéit e Bilan ze zéien an och sech selwer ze evaluéieren.

2. Connectioun: hei geet et drëms, nei Ideeën an neien Input ze fanne respektiv dat wat ee scho weess an en neit Format ëmzesetzen. Et soll ee sech och déi richteg an nëtzlech Froe stellen. Dës kënne sinn: Wat kënne mir aus eiser leschter Ak-tivitéit léieren? Wouhi wëlle mir als nächst? Wéi kënne mir dat erreech-en? Wat hu mir fir Alternativen an Optiounen?

3. Decisioun: an dësem Stadium wëlle mir eis fir e Wee oder eng Lé-isung entscheeden an dëst soll na-tierlech argumentéiert an deemno och fundéiert sinn.

4. Aktioun: zum Schluss soll dann dat Ganzt an d'Praxis ëmgesat ginn.An esou fänkt den Zyklus erëm vu vir un.

Wéi soss fir all Branche an all Léi-erprozess am Liewe kann een och bei de Rover dës Methode uwenden an et un eis Aktivitéiten upassen. Esou kéint ee sech zB Gedanken maachen iwwert d’Zukunft vun der Roverbranche, hire Fonction-nement a Verbesserungen déi ee kéint aféieren, fir dass jidderengem bewosst gëtt, dass och d’Rover en integralen Deel vum Scoutismus sinn mat Methoden, Aktivitéiten a Scoutsgeescht.

LÉIERZYKLUS

Reflecting

ConectingDeciding

Doing

MoreConcrete

MoreAbstract

MoreAction

MoreReflection

The wheel of learning - indvidual

Rover - FNEL

Page 12: deSCOUT No 554

DECHEF

NOTE IT

12

WËLLEFCHER? Braucht dir Kostümer fir eng DESCENTE? ? Si dir schonn ugemellt fir de KACHDUELL den 29. Januar? Schéckt eis eng Mail bis den 3. Januar 2016 ! Schéckt eis FOTOE vun äre Verspriechen, Descenten a Krëschtcampen! Op FB oder per Mail!Mei Informatiounen zum SIXER WEEKEND AN EXPLO den 16.-17.4.2016 kritt der demnächst am Rapport per Mail oder op Facebook , oder mellt iech op [email protected] fir matzeschaffen!

Wëllefchers-Branche FNEL

SCOUTENDeadline Umeldung SCOUTSBLOG Du hues vergiess deng Patrulle bis den 1. Dezember unzemellen, da maach dat elo nach direkt.

All INFOE, FROEN asw. w.e.g. un [email protected] schécken - dës ass déi richteg E-Mail fir eis Saachen zoukommen ze loossen!

!!!Wichteg!!! Schéckt eis w.e.g. bis den 20. Dezember 2015 (scout@fnel.

lu): eng aktuell Emailsadresse fir dass d’Informatiounen och bei Iech ukommen & aer Patrullen (Numm

vum CP/SP+wéi vill Leit) esou dass mir wësse mat wéi vill Leit mir fir di 2 Aktivitéite rechnen. Merci fir d’Kooperatioun!

[email protected]

FOULARD D’OR 2015-2016Gruppen déi beim Concours “Foulard d’Or” mat maache sollen sech umellen op [email protected].

ËMWELTBAGE Engagéiert dir iech gäere fir d’Ëmwelt? Ass proppert Waasser a Loft fir äre Grupp en Thema? Huet all Déier a Planz Recht op eng Plaz? Wat fir Gefore ginn et duerch Gëftst-offer?… Wann dës Froe fir äre Grupp interessant sinn, an dir wëllt se behandelen an ärem Grupp méi no bréngen, da kënnt dir den Ëm-welt-Badge maachen. Méi Detailer fannt dir um Site: www.fnel.lu/Ac-tivités/Commissariat/Programme/Environnement+Nature oder mell dech op [email protected]

SENSI-BADGELe sensi-badge reflète notre com-bat permanent contre la pauvreté et l’injustice sociale et témoigne notre solidarité envers les habit-ants défavorisés des pays en voie de développement. Pour plus d’informations et les conditions à emplir pour obtenir le sensi-badge consultez: www.fnel.lu/activités/Commissariat/Programme/Soli-daritéit-Sensibadge

fnel.lu/activites

D’FNEL an Panthères Noires invitéiere sämtlech Cheffen a Respon-sabel aus de Gruppen an den Equipen op d’RÉUNION SEMESTRIELLE, Donneschdeg, den 18. Februar um 19.00 am Centre Culturel zu Hielem an an d Boufer Schoul . Duerno ass de Pot d’Amitié am Centre Culturel, 120, route de Luxembourg, L-7374 Helmdange. Boufer Schoul, 144 route de Luxembourg, L-7374 Helmdangehttp://www.lorentzweiler.lu/la-commune-se-presente/plan-de-la-commune

RÉUNION SEMESTRIELLE

18. Februar 2016

Page 13: deSCOUT No 554

13

DESERIÖ

Den 28. Oktober 1945, huet de Grand-Duc Jean am Stadion, viru 5000 Scoute, feierlech säi Scoutsverspriechen ofgeluecht.

Fir dësem 70. Anniversaire ze gedenken, huet de Chef-Scout all di fréier an aktuell Commissaires Généraux vun der FNEL an der LGS zu Fëschbech empfaangen.

Ronderëm de Chef-Scout, M. Hausemer Georges, M. Matagne Pierre, Mme Faber-Schmit Martine, Mme de la Fontaine Nathalie, M. Aach Guy, M. Pundel Armand, M. Loos Jos, M. Kayser Georges, Mme Ludwig Marcelle, Mme Bisdorff Sylvie, M. Grotz Roy.

CHEFSCOUT

Page 14: deSCOUT No 554

14

Souvill Leit waren nach ni vun der FNEL op der Academy. Et war eng super Méiglechkeet sech auszetauschen, nei Methoden ze léieren, Input ze kré-ien a Frënn aus ganz Europa kennen ze léieren.

Mir si motivéiert vu Porto erëm komm, waren a Coursen ewéi „Strategie Entwécklung“, „Mentoring“, „Young Spokesperson“ an „Scouting in the 21st Century“. Mier krute vun de Portugisesche Scouten vill vun der Por-tugisescher Kultur gewisen, hunn um Internationalen Owend Kachkéis an Zoossiss zerwéiert, an di bescht Methoden aus der FNEL virgestallt. Elo si mer heiheem, an ginn eist geléiert Wësse weider an probéieren nach méi Leit fir di nächst Academy ze begeeschteren.

DEGLOBETROTTER

ACADEMY 2015

Fir den Zäitraum Februar 2016 bis August 2017 siche mir e motivéierte Responsabel fir de Rovermoot an Island. Och fir an d’Plannings Ekipp brauche mer Leit. Wann s DU also gutt Englesch kanns, Loscht hues an enger Ekipp ze schaffen an en Deel ze si vun engem vun deene coolsten internationalen Events, da mell dech bis den 1. Februar 2016 op [email protected]

worldscoutmoot.is

15th World Scout Moot Iceland

[email protected]

WANTED: HEAD OF CONTINGENT & CONTINGENT MANAGEMENT TEAMFIR DE ROVERMOOT AN ISLAND 2017!

Page 15: deSCOUT No 554

15th World Scout Moot Iceland

15

Léif Guiden a Scouten, léif Amateurfunker,

dëst Joer war den Jamboree on the Air an den Jamboree on the Inter-net vum 16. - 18. Oktober.Et hunn 9 JOTA an 11 JOTI Sta-tiounen matgemaach an dat mat 160 Kanner, Cheffen an Amateur-funker.

Dëst Joer wollte mer fir déi éischte Kéier eng bestëmmte Kommunika-tiounsmethod ervirhiewen. An zwar war et fir de JOTA 2015 den SSTV.SSTV steet fir Slow Scan TeleVision an ass eng Method fir Fotoen iww-ert Funk ze verschécken. Dëst ass eng analog Betriebsaart an d’Bild dat verschéckt gëtt, gëtt Zeil fir Zeil ofgetaascht a verschéckt.

All eis Guiden a Scoutsgruppen déi um JOTA matgemaach hunn haten sech och gutt preparéiert an hunn äifreg Fotoen hin an hier ge-schéckt. Virun allem huet een dëst beim nationale JOTA Spill gesinn, wou et haaptsächlech drëms gaan-gen ass, fir Fotoen iwwert SSTV auszetauschen an esou verschid-den Hiweiser ze sammelen. D'Spill war awer esou organiséiert ginn, dass och Guiden a Scoutsgrup-pen matmaachen konnten, déi just beim JOTI derbäi waren.

De JOTA/JOTI war, wéi all Joer, en onvergiessleche Weekend, mat vil-len nationalen an internationalen

Kontakter, wou mir all vill nei Leit konnte kenneléieren.

An der Hoffnung dass du an däi ganze Grupp d’nächst Joer mat derbäi sidd, wënschen mir Iech 73, an d'lénks Patt

Scouting in LuxembourgAarbechtsgrupp „Alexander Graham Bell“AK

JOTA JOTI

GRUPPE VUM JOTALX1JAA LGS - St. Paul BielesLX1JAB LGS - Abbé Pierre BeetebuergLX1JAC LGS - St. Benoit ClierfLX1JAD FNEL - Greng Scouten DiddelengLX1JAF FNEL - Wëll Säi SteeselLX1JAQ LGS - St Hubert Ste Bernadette StengefortLX1JAZ FNEL - Mamer WiselenLX1JBA LGS - St. Pierre ÄischenLX1JAM Zentral Statioun JOTA-JOTI Spill

GRUPPE VUM JOTILGS Saint Pierre ÄischenLGS Abbé Pierre BeetebuergLGS Saint Paul BielesFNEL Greng Scouten DiddelengFNEL Peaux rouges DiddelengFNEL Bisons futés FréisengLGS Saint Alphonse LëtzebuergFNEL Mamer WiselenLGS Hellege Märten SandweilerFNEL Wëll Säi SteeselLGS St Hubert Ste Bernadette Stengefortjotajoti.lu

DERAPPORT

Page 16: deSCOUT No 554

Votre garant de qualitéwww.provencale.lu

La direction et le personnel de La Provençalevous souhaitent de Joyeuses Fêtes

LES HALLES DE LUXEMBOURG | MARCHÉ DE GROS D’INTÉRÊT NATIONAL

Page 17: deSCOUT No 554

17

DONGD-FNEL

Votre garant de qualitéwww.provencale.lu

La direction et le personnel de La Provençalevous souhaitent de Joyeuses Fêtes

LES HALLES DE LUXEMBOURG | MARCHÉ DE GROS D’INTÉRÊT NATIONAL

L’ONGD-FNEL participe de nou-veau à l’ING MARATHON 2016. Nous collecterons des fonds pour financer le programme d’appui aux mères et enfants atteints du VIH/SIDA à Katmandou et à Tarkughat au Népal (projet 006).

Notre objectif est de réunir le plus d’inscriptions possibles.Si le projet vous tente, nous vous demandons de vous inscrire à la course choisie auprès de l’ING Night Marathon sur le site www.ing-night-marathon.lu tout en écrivant dans la case Club/Société: « ONGD FNEL », de payer les frais d’inscription et de confirmer vo-tre participation à Paule Lemmer (email : [email protected] ou mo-

bile : +352 621 306 918).

D’avance merci de passer cette in-vitation à vos amis coureurs…

MERCI DE SOUTENIR LES ACTIONS DE L’ONGD-FNEL

Grâce à votre mobilisation sur internet, nous avons été classé 22ème sur 40 aux ING SOLIDARITY AWARDS 2015 ce qui nous a permis de récolter 1 000€ !

TEMOIGNAGE DE RANJU PANDEY, PRÉSIDENTE DE SETU NEPAL (projet 006)ONGD-FNEL : quel est le rôle de Setu Népal ?Ranju : Créée en 2001, l’association SETU Nepal – Bridging the Gap a pour objectif général d’aider les femmes et les enfants nécessiteux à regagner leur indépendance et de leur donner les moyens de vivre dignement.

Quels projets menez-vous ?Ranju : Actuellement nous menons deux projets de long terme : le premier concerne les femmes en prison (projet 006), nous préparons leur réin-tégration dans la société en développant leurs compétences via diverses formations. Le second projet concerne les enfants atteints par le VIH / SIDA, nous finançons leurs soins et leur éducation. Nous travaillons au maximum en lien avec leurs mères, en les formant pour qu’elles puissent subvenir aux besoins médicaux de leurs enfants. Enfin, nous gérons une maison d’accueil permanente de 14 places pour ceux qui sont rejetés de leur communauté

Comment les séismes vous ont-ils touchés ? Comment avez-vous réagi ?Ranju : Par chance nos bâtiments n’ont pas été touchés, nous avons donc pu continuer nos activités. Nous avons par contre observé que la fréquen-tation scolaire avait baissé dans les districts ruraux voisins car les élèves ne pouvaient se nourrir le midi, à cause des pénuries. Nous avons donc lancé un programme nutritionnel pour fournir les repas dans deux écoles, bientôt suivies par sept autres.

ING MARATHON28 mai2016

CCPL LU10 1111 1003 3032 0000

ongd-fnelongd-fnel.lu

Page 18: deSCOUT No 554

DTRADITIOUN

18

LE WOODBADGE

se constitue de 2 bûchettes ou tisons et un lacet de cuir. Cet insigne des bois reconnaît la compétence des chefs scout partout dans le monde. Trop souvent considéré comme privilège d’une petite élite, il sanctionne l’accomplissement avec succès du dernier cycle de formation de chef scout. Ce n’est pas une décoration, ni un signe lié à une fonction. Les bûchettes de bois jaune-brun passées au feu sont un souvenir de la chaîne du grand chef zoulou Dinizulu que B.P. rapportera de la compagne contre les Zoulous en 1887.

Le chef récompensé des bûchettes, reçoit aussi le fou-lard Gilwell. Le foulard de Gilwell est de couleur grège ou saumon clair à l'extérieur, et rouge à l'intérieur. Ces couleurs et leur disposition peuvent symboliser les braises ar-dentes qui couvent sous les cendres, ou l'ardeur et l'humilité. Le tissu spécial qui est utilisé pour sa con-fection protège de la chaleur et des rayons du soleil. Il était uniquement fabriqué en Inde. Un rectangle d'étoffe à carreaux écossais, le tartan de la famille McLaren, est cousu sur la pointe extérieure du foulard en l'honneur de William F. de Bois McLaren, ami de Baden-Powell, qui acheta en 1918 la propriété de Gilwell Park et en fit don au scoutisme.Avec ce foulard, les candidats de la formation devien-nent membre de la “1st Gilwell Park Group” de Baden-Powell. Une réunion Gilwell annuelle groupe ses mem-bres au premier week-end de septembre depuis 1920 au Gilwell Park, ainsi qu’aux Jamborees.

LA FNEL ET LA FORMATION WOODBADGE

Une fédération scoute dynamique, soucieuse de la qualité de son scoutisme fera donc tout ce qu’elle peut, pour offrir au plus grand nombre possible de ses chefs l’occasion d’aller jusqu’au bout du cycle de formation, plutôt que de le réserver à un petit cercle d’élus. Depuis que cette méthode de formation existe, la FNEL tient à exposer ses chefs aux idées, aux techniques et aux contacts d’autres responsables scout à l’étranger pour cette formation d’approfondissement, l’université scoute.

Un relevé des “Wood badge holders” de la FNEL énumère une centaine de responsables qui ont sui-vi avec succès cette formation à l’étranger depuis 1936. Les trois premiers de la FNEL à accomplir ce-tte formation étaient Nico Müller, Fred Lauf et Jean David en 1936. La première cheftaine Jeanne Bras-seur. Quelques chefs ont aussi suivi les cours de for-mation suivants, donc les brevets à 3 ou 4 bûchettes et s’engagent à leur retour comme formateurs à la formation de la FNEL.

Tous les chefs de la FNEL qui ont suivi les deux cycles de formation (assistant et chef d’unité) pendant deux ans, ont le droit de participer à ce troisième cycle en respectant le règlement approuvé par le Comité de Direction du 15.01.2002.

Rudy von GraesCommissaire à la Formation 1987-1993

Page 19: deSCOUT No 554

ALLEZMARCEL!

*N

ou

s vo

us

gar

anti

sso

ns

qu

e M

arce

l n’a

pas

été

mal

trai

té...

UN OBJECTIFÀ ATTEINDRE?Cactus vous soutient!*

Page 20: deSCOUT No 554

P. GRETER & F. SCHUMACHERAgence Principale d’Assurances (Succ. WELTER)

2, route de Remich - L-5650 Mondorf-les-BainsTél.: 23 69 65-1

Greter Schumacher 20x25.indd 1 19/12/2014 13:34