Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

34
P r o g r a m m v u m s e r v ic e é d u c a ti f 2 0 1 1 / 1 2 E r a u s a n d N a t u r D N a t u r a n ä r e r G e m e n g

description

Programme service éducatif du Musée national d’histoire naturelle du Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

Transcript of Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

Page 1: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

Programm vum se

rvice

édu

catif

201

1/12

Erau

s an d’Natur

D’Natur an äre

r Gem

eng

Page 2: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

2

Inhaltsverzeechnes

Eraus an d’Natur op e flotte Site ................................ 3

D’Natur an ärer Gemeng ........................................... 21

Iwwersiichts Tableau .................................................. 28

Praktesch Informatiounen ......................................... 26

Page 3: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

3

Cycle 1 préscolaire bis 4

September - Oktober /halwen Dag

Mir ginn an d’DrauweliesExtra recommandéiert fir de Cycle 3!

D’Kanner gi selwer an d’Wéngerte liesen, pressen hiren eegenen Drauwejus a ginn e ganze Koup iwwert eis Musel gewuer. Aus organisatoresche Grënn kënne mer iech de geneeën Treffpunkt eréischt am leschte Moment (dee Muere selwer) matdeelen. Wéinst schlechtem Wieder kann et sinn, dass mer d’Aktivitéit kuerzerhand mussen ofsoen.

Mellt iech elo schon un fir den Oktober 2012!

Grevenmacher - Jardin des Papillons: 15 min

BESAT!COMPLETFIR 2011

Eraus an d’Natur op e flotte Site

Page 4: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

4

Cycle 1 préscolaire bis 4

vum 1. Oktober un / halwen oder ganzen Dag

De GréngewaldDe Gréngewald ass dee gréisste lëtzebuergesche Bësch. Um Site vun de Raschpëtzer, wou mer ganz al Waasserleitungen aus der Réimerzäit entdecken, gi mer gewuer, dass de Gréngewald e wichtegt Drénkwaassergebitt ass. Op enger flotter Plaz am Bësch maache mir eng ganz Rei Naturspiller, fannen eraus wéi eng Zorte Beem een hei fënnt a sichen och Spuere vun Déieren. Jee no Saison an op Ufro kënne mer folgend Sujeten verdéiwen:

Fréijorsbësch a Fréibléier Bëschbuedem, Buedemdéieren a Naturkreeslaf Som, Friichten an hir Verbreedung Liewensraum Bësch a Bëschdéieren De Bësch mat all de Sënner erliewen De Notze vum Bësch fir Mënsch an Ëmwelt

NaturspillerCycle 1 présc. - 2

Natur- a KulturgeschichtenCycle 3 - 4

Walferdange - Gare

Op Ufro kënne mir Iech och e flotte

Bësch ronderëm d’Stad Lëtzebuerg proposéieren,

wou Dir mat engem städtesche Bus kënnt

hifueren

Page 5: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

5

Cycle 1 préscolaire bis 4

vum 1. Oktober un

EllergronnAn Zesummenaarbecht mat der Naturverwaltung

Am Ellergronn zu Esch fanne mir eng eenzegaarteg Naturlandschaft: Bësch, Weier, Dréchewiss a Baach bidde Liewensraim fir eng villfälteg Flora a Fauna, déi mir an der Ausstellung am ‚Centre d’Accueil’ vun der Forstverwaltung besser kenneléieren.

Mir bidden iech am Ellergronn 2 Themen un:

Déieren am Bësch Cycle 1 présc. - 3.1 / halwen oder ganzen Dag

Am Bësch gesi mer se seelen, dofir gi mir op d’Sich no hire Spuren. Wou wunne se? Wat friesse se? Wéi iwwerliewe se de Wanter? Wéi kommen hir Kleng op d’Welt? Dëse Sujet bidd sech besonnesch fir den Wanter un.

Minett Cycle 3.2 - 4 / halwen oder ganzen Dag

Fréier goufen hei a schwéierer Aarbecht déi eisenhalteg Minette s Steng an der Minn Cockerill ofgebaut. Lo nach erzielen d’Iwwerreschter aus där Zäit eis d’Geschicht vun deemools. Net fir näischt ass den Ellergronn haut en Naturschutzgebitt. Mir entdecken déi verschidde Landschaften - Liewensraim fir vill Déieren a Planzen - a gesi wéi d’Industrie d’Natur verännert huet.

Esch/Alzette Ellergronn

Page 6: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

6

Cycle 1 préscolaire bis 4

vu Mäerz bis Oktober

Iechternacher Séi

Naturspiller um Iechternacher SéiCycle 1 présc. - 2 / halwen oder ganzen DagMat ville flotten Naturspiller, déi der Saison ugepasst ginn, entdecke mir d’Liewen am a ronderëm de Séi.

Natur- a Kulturrallye um Iechternacher SéiCycle 3.2 - 4 / ganzen DagOp engem flotte Rallye gi mir Interessantes a Spannendes iwwer Geschicht a Kultur vun Iechternach an iwwer Déieren a Planzen ronderëm de Séi gewuer.

Echternach Nonnenmillen/Lac: 10 min

D’Sauer als LiewensraumCycle 3 - 4 / Mee bis Oktober / halwen oder ganzen DagLaanscht d’Sauer entdecke mir Liewensraim fir vill Déieren a Planzen. Wéi eng Vigel liewen a bréien do? Wéi propper ass d’Waasser an der Sauer? Wéi eng Waasserdéieren kënne mer do fannen ?

Echternach Gare: 5 min

Page 7: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

7

Cycle 2 bis 4

«a Wiewesch» zu ManternachAn Zesummenaarbecht mat der Naturverwaltung

Am Häerz vum Dierfche Manternach, net wäit vun der Syr an dem Naturschutzgebitt „Manternacher Fiels“ läit de Centre d’Accueil vun der Naturverwaltung.

Manternach - Gare

Schatzkëscht Buedem Cycle 2 - 3 / Hierscht a Fréijoer / halwen Dag

Mir erliewen an erfuerschen de Buedem. Wat wibbelt ënnert eise Féiss? Aus wat besteet Buedem? Firwat ass Buedem sou wäertvoll?

De Buedem lieft Cycle 3.2 - 4 / Hierscht a Fréijoer / halwen Dag

Wat geschitt mat de Blieder, déi vun de Beem falen? Mir wullen am Bëschbuedem, kucken eis déi zersate Blieder ënnert der Lupp un a mierken, dass et hei nëmmen sou wibbelt vu Liewen! Aarbechtsheft fir dKanner.

Gräifvullen an Eilen Cycle 3 / Wanter / halwen Dag

Laang spatz Krallen, e staarke kromme Schniewel, schaarf Aen a wëll op dFleesch! Wéi erkenne mer déi verschidde Gräifvigel erëm? Wat friesse si a wat fir eng Roll spille si an der Natur? Aarbechtsheft fir dKanner.

Page 8: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

8

Beien a BléienCycle 3 - 4 / 15. Abrëll bis 1. November / halwen DagWat ass e Bongert ? Firwat si Beien esou wichteg ? Wat geschitt bei der Bestäubung ?Wéi kënne mir de Beien a Wëllbeien hëllefen ? Mir ginn an de Bongert, maache Spiller a kënnen och de Beien an engem Glasschaukasten nokucken.Aarbechtsheft fir d’Kanner

Hecke bidde LiewensraumCycle 3.2 - 4 / 15. Abrëll bis 15. November / halwen DagWéi eng wichteg Roll spillen Hecken an der Landschaft ? Weem bidden se Schutz an Nahrung ? Ofwiesslungsräich Spiller a Beobachtunge bréngen eis d’Zesummenhäng vun Heck an Ëmwelt méi no.

D’Syr, een natierlecht FléissgewässerCycle 3.2 - 4 / 1. Mee bis 15. Oktober / halwen DagLaanscht d’Syr entdecke mir Liewensraim fir vill Déieren a Planzen, awer och d’Waasserkraaft an d’Millen, déi domat bedriwwe goufen. Mat Stiwwelen an Netz gi mir op d’Sich no allem wat am Waasser wibbelt.

Rendez-vous: um Parking vum „Sentier Pierre Moes”, tëscht Manternach a Mäertert.

Page 9: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

9

Cycle 2 bis 4

Mäerz bis Mëtt Juni / halwen Dag

An Zesummenaarbecht mat der NaturverwaltungVill Vigel kann ee bal ni gesinn, mir gi meeschtens eréischt duerch hire Gesank op si opmierksam. Léiert déi eenzegaarteg Welt vun de Vullestëmme kennen, ënnert der Leedung vun engem erfuerenen Ornitholog an engem Guide aus dem natur musée.Mat engem speziellen, professionelle Parabolmikro hale mir dës Stëmme fest. Unhand vun Naturerfahrungsspiller ginn d’Kanner ausserdeem vill iwwert d’Liewe vun de Vigel gewuer, vun der Partnersich iwwert d’Bréien, bis zum Fiddere vun de jonke Vigel.

IECHTERNACH SÉI

D’NEOLITIK-HAUS ZU BLAASCHENT

DE MOSCHBERG ZU DIKRECH

«A WIEWESCH» ZU MANTERNACH

Di faszinéierend Welt vum Vullegesank

Echternach Nonnenmillen / Lac: 15 min.

Blaschette-Kreizung: 10 min.

Friedhaff: 5 min.

Manternach - Gare: 5 min.

Page 10: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

10

Cycle 2 bis 4

am Summer / halwen Dag

D’ Liewen am Waasser - SténgefortMir verbrauchen all Dag vill Waasser: wou kënnt dat Waasser hir, firwat ass et esou wichteg a firwat solle mir et net verbëtzen? Mat Netzer gi mer op d’Sich no verschiddene Lurchen an engem klengen Dëmpel. Wéi eng Déiere fanne mer an der Äisch a wat seet dat eis iwwer d’Waasserqualitéit vun der Baach?

Steinfort, Al Schmelz: 5 min

Cycle 3 bis 4

Mee bis Juni / ganzen Dag

Rollénger Baach - Dem Laf vum Waasser noMir begleeden d’Rolléngerbaach op engem Stéck vun hirem Wee. Wou kënnt se hir?Wou leeft se hinn? Tëscht aussergewéinleche Fielsformatiounen an engem ale Bësch entdecke mir d’Liewen an der Baach, léieren d’Zesummenhäng kennen a gesinn, wéi dëse Liewensraum sech verännert.

Mersch-Gare oder Rollingen Veräinsbau an de Mierscher Flexibus(virbestellen um Tel: 8002 1010)

Page 11: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

11

D’ Liewen am Waasser - Sténgefort

Rollénger Baach - Dem Laf vum Waasser no

Cycle 3 bis 4

September, Oktober, Mee, Juni a Julihalwen oder ganzen Dag

Kanecher WéngertAn Zesummenaarbecht mat der Sektioun Lenneng/Kanech vun der LNVL

An engem Südhang voller Hecken, Dréchewisen, Bongerten, Schof- a Geesseweeden erën-neren nach just déi al Dréchemaueren a verwëldert Riewen un d’Kulturlandschaft vu fréier. Matten am Bierg si mëttlerweil all d’Wéngerte verlooss. All? Neen! Ee Bio-Wéngert an de Bänken wiert sech verbruet dergéint, dass seng Maueren an Trapen afalen an d’Hecken hien erdrécken.

De Vugel a säi Nascht - déi méi kreativ Variant

Am Wéngert ass ëmmer Vulleconcert! Op der Sich no dëse Musikanten geet et duerch Déck an Dënn. Dobäi sollen d’Kanner ugereegt ginn, sech op eng kreativ Art a Weis mat de Vigel an hirem Liewensraum ze befaassen. Dat gebastelt Fiedervéi kënnen d’Kanner natierlech mathuelen.

NEI!

Page 12: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

12

D’Schatzkaart- déi méi abenteuerlech Variant

Viru laanger Zäit huet en ale Wënzer ee Schatz am Wéngertsbierg verstoppt. Dee gëlt et ze fannen, mat Hëllef vun enger Schatzkaart. D’Stécker vun dëser Schatzkaart mussen d’Kanner sech awer fir d’eischt verdéngen: duerch Léisen vu verschiddenen Aufgaben wou se niewebäi méi iwwert de Biotop Wéngertsbierg gewuer ginn. De Wee zum Schatz féiert d’Kanner kräiz a quier duerch Déck an Dënn.

Wann zwou Klassen zesumme kommen, kënnen déi zwou Variante parallel lafen.

Canach, Am Stee: 10 min.

Page 13: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

13

Cycle 3 bis 4

Juni a Juli / ganzen Dag

Biodiversitéit,de Schatz vun der Deisermillen

Kënnen d’Kanner d’Aufgabe léisen, déi dee skurile Longkaulmännchen hinne stellt, an sou säi Geheimnis knacken? Op dësem ofwiesslungsräichen Tour duerch d’Naturschutzgebitt Kelsbach entdecken Kanner déi verschidden Liewensräim, déi d’Deisermillen sou extra a wäertvoll maachen: Kallekfiels, moer Wiss, Schluchtwald, Drëchemauer, Baach, Bësch a Wéngert... Och d’Kulturgeschicht vum Site ass alles anescht wéi langweileg! En Dag ganz am Thema «(Bio)diversitéit».

Machtum, Deisermillen

NEI!

Page 14: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

14

Cycle 3 bis 4

ganzt Joer / halwen oder ganzen Dag

De Minett: d’Natur mellt sech zréck!Wou fréier riseg Baggeren de Bierg duerchwullt hunn, huet haut d’Natur rëm alles zréck eruewert. Mir léieren de Minette-Stee kennen, a gesi wéi säin Ofbau vun dee-mools och haut d’Landschaft markéiert. Firwat ginn et grad hei esou vill eenzegaarteg Planzen an Déieren? Wéi iwwerliewen d’Planzen déi extrem Liewensbedingungen am Dréchegebitt?

Dëse Sujet kann op folgende Plazen ofgehale ginn:

HUTTBIERG ZU RËMELENG

Rumelange-Gare: 20 min

« GIELE BOTTER » ZU PÉITENG

Pétange-Gare: 5 min

Pétange-Kiirfecht

HAARD ZU DIDDELENG

Dudelange-Usines: 10min

Dudelange-Scheer

Geologie entdecken! - mam Michel Lucius

Page 15: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

15

De Minett: d’Natur mellt sech zréck!

Cycle 3 bis 4

vun Mäerz un / halwen oder ganzen Dag

Geologie entdecken! - mam Michel Lucius

Am Michel Lucius sengem Gebuertshaus am Préizerdaul (zu Rëmmereg/Reimberg) gëtt eng flott Ausstellung gewisen iwwert säi Liewen a säi Wierk. Mir verfollgen d’Spuere vun dësem bedeitende Geolog, vun der Steekaul, wou säi Papp dra geschafft huet, bis an déi russesch Uelegfelder. Hei léiere mir wat e Geolog schafft, wéi een eng geologesch Kaart entziffert a wat fir eng Steng am an ëm d’Haus ze fannen sinn. Beim Waassertuerm entdecke mer wat d’Steng mat eisem Drénkwaasser ze dinn hunn, an och nach en Tour duerch déi berüchtegt «Schankegriecht» steet um Programm.

halwen Dag / mat Bus op der Plaz

ganzen Dag / ouni Bus op der Plaz

Reimberg, Michel Lucius

Page 16: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

16

Secondaire

vu Mäerz bis Juli

Méindes de ganzen Dag

Geologie vu LëtzebuergEng Dagesexkursioun am Lëtzebuerger Land

Op eise Statioune weise mir de Wee vum Waasser, duerch d’Gestengs an d’Quell, an d’Drénkwaasserversuergung, vun der Quell bis an de Krunn. Dobäi gesi mir wéi d’Waasser mathëlleft eise Landschaften hir Form ze ginn. Dës Erosiounsforme sinn staark ofhängeg vun de Gestengsschichten, déi vum Geolog ënnersicht ginn. Him seng Aarbecht erkläre mir um Beispiel vum Michel Lucius.

D’Auswiel vun de Statiounen gëtt mam Enseignant ofgeschwat an dem Schoulniveau, respektiv de Lernzieler ugepasst. Beispiller vu Statiounen: Steebroch, Waassersyn-dikat (SES), Michel Lucius Haus, Landschaftspanorama, Minettsfrichen, Steegaart, Schankegriecht, Fielsen am Mëllerdall, asw.

Den Exkursiounsprogramm an d’Themen sin ofhängeg vum Schoulniveau, vum Wieder a vum Trajet.

Page 17: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

17

Geologie vu LëtzebuergEng Dagesexkursioun am Lëtzebuerger Land

PRAKTESCH INFORMATIOUNEN:

D’Exkursioun gëtt Méindes ugebueden. Den Départ ass bei der Schoul géint 8 Auer an de Retour géint 16 Auer. D’Schüler solle fest Schong undoen, e K-way a fir mëttes e Picknick matbréngen.

Den Enseignant bekëmmert sech selwer ëm de Bus.

Fir weider Informatiounen:

Alain Gleis Tel: 691 611 527E-mail: [email protected]: www.mnhn.lu/educatif/umeldung

Michel Lucius Haus

Page 18: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

18

Cycle 3 bis 4

vu Mäerz bis 1.Oktober

halwen oder ganzen Dag

KoffergroufSENTIER GÉOLOGIQUE STOLZEBUERG

Alles dréit sech em déi fréier Koffergrouf zu Stolzebuerg.

Eng Visite a 4 Etappen:

DE MUSEE De Musée vun der Koffergrouf mat senge Mineralien, Kofferäerzer a Steng vu Stolzebuerg. Dir kënnt d’Grouwematerial ënnersichen an dir kritt de Grouwebe-trieb erkläert (Pannoen, Film, Schema, ...). Wat erzielen eis d’Dokumenter iwwer d’Geschicht vun dëser Mine? War se wichteg?

DE GEOLOGESCHE LÉIERPAD De geologesche Léierpad féiert Iech op d’Grouf, iwwer de selwechte Wee ewéi d’Biergleit fréier op d’Schicht gaange sinn. Ënnerwee stinn 10 Pannoë laanscht den Trëppelwee (1,5 km) mat Informatiounen iwwer d’Waasser an der Grouf, de Verlaf vun de Galerien, d’Dall vun der Klangbach, Versuchstollen, asw.

Page 19: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

19

KoffergroufSENTIER GÉOLOGIQUE STOLZEBUERG

OP DER GROUF Op der Grouf, op den alen Halden, kann ee säi Gléck versichen a vläicht Mineralien fannen. Et kann een Déieren entdecken a Planze sammelen, fir se duerno mat der Handlupp ze kucken an ze bestëmmen. Et kann een am Koffer schaffen a säin eegene Souvenir mathuelen.

D’GALERIE An da kommt Dir och an d’Galerie eran. Duerch den Entwässerungsstollen geet et an d’Galerie Nr. 3. Do entdeckt Dir d’Spure vum Ofbau (Loftschacht, Förderschacht, Transport, ...), d’Äerzspléck, d’Entwässerung, asw ... Haut gëtt de Stollen elektresch beliicht, fréier war dat anescht. Haut sinn et Trapen, wou fréier Leedere stungen.

PRAKTESCH INFORMATIOUNEN:Fir de Musée an de Léierpad soll een 3 Stonnen virgesinn, fir d’Grouf an d’Galerie och 3 Stonnen. 5 Stonnen erlaben Iech alles ze gesinn. Wichteg fir déi ënnerierdesch Besichtegung: pro Guide kënnen nëmmen 15 Leit mat eran; Helm a Plastikreemantel gi gestalt, Stiwwelen an e Pullover soll jiddereen derbäi hunn, eng Täscheluucht ass vun Notzen. Fir de Picknick steet een Ënnerdaach zur Verfügung.

PRÄIS:en halwen Dag (+/- 3 Stonnen) 90€ / Gruppen ganzen Dag (+/- 5 Stonnen) 120€ / Grupp

Wann 2 Klassen zesummen kommen:

en halwen Dag (+/- 3 Stonnen) 105€en ganzen Dag (+/- 5 Stonnen) 135€

Stolzembourg - Kiirch

Page 20: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

20

Cycle 3 bis 4

Oktober, vum Abrëll un

ArboretumLéiert eis Beem a Straicher kennen!

Wat ass een Arboretum? Wéi ënnerscheede sech Beem a Straicher? Wourun erkenne mir se? Wéi ee Bam / Strauch ass dat?

Mir ginn Iech Rendez-vous am Parc Réimerwee um Kirchbierg fir op eng spilleresch Manéier einheimesch Beem a Straicher kennen ze léieren. Mat Hëllef vun engem Steckbréif, deen d’Kanner opstellen, ginn si ugeleet fir d’Beem an d’Staicher ze kucken, ze beschreiwen, ze bestëmmen, ze moossen, ze molen a ginn dann och nach allerlee iwwer dës Beem, Straicher an de Park selwer gewuer.

Praktesch Informatiounen: Treffpunkt: Entrée vum Park beim Busarrêt (25 an 18), rue Coudenhove-Kalergi, vis-à-vis vun der Uni Lëtzebuerg an der Europaschoul.Dauer vun der Visite: 11/2 bis 2 StonnenPräis: 45€

Fir weider Informatiounen: Thierry Helminger Tel: 46 22 33-201 Fax: 46 38 48 E-mail: [email protected]

Université - Campus Kirchberg

«Saturn»Astronomieléierpad zu Schëffleng

Page 21: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

21

ArboretumLéiert eis Beem a Straicher kennen!

Cycle 4

Juni bis September / halwen Dag

«Saturn»Astronomieléierpad zu Schëffleng

Op engem schéine Parcours vun 3 km iwwert de Lalléngerbierg, eng typesch Minettland-schaft, gi mer zu Fouss duerch eise Sonnesystem. Mat Hëllef vu flott illustréierte Pannoen, Experimenter a Spiller léiere mer d’Sonn, d’Planéiten, de Mound, d’Asteroïden an all aner Kierper aus eisem Sonnesystem kennen.Aarbechtsheft fir d’Kanner

Treffpunkt:Zu Schëffleng beim AS Terrain (Athlétisme) hannert dem Kierfech oder

op der Gare zu Schëffleng

Gare Schëffleng

Page 22: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

22

Cycle 4

Oktober bis Februar, Enn Mäerz / halwen Dag

Baggerweieren am WanterWéi eng Vullen iwwerwanteren op de Baggerweiere zu Remerschen? Mat der Spektiv beobachte mir déi verschidde Vullen (an och aner Déieren) a probéieren se sou kennenzeléieren.

Wintrange - Dorefplaz: 10 min

Cycle 4

15. Mäerz bis 15. Juli / halwen Dag

Fiichtgebitt zu MensterAn Zesummenaarbecht mat der NaturverwaltungTëschent Mënsbech a Menster ass duerch d’Renaturéiere vun der Syr a kuerzer Zäit eng grouss Biodiversitéit entstan. Dëst wäertvollt Fiichtgebitt huet net nëmmen eng grouss Bedeitung fir d’Zuchvigel a Brutvigel, mee och fir vill aner Déieren a Planzen. Duerch déi extensiv Bewirtschaftung mat onkomplizéierten Déiererassen wéi déi robust Gallowayranner kënnen dës Fiichtwise genotzt an als Oppeland erhale ginn.

Mensdorf - Ennen am Duerf: 10 min

Page 23: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

23

Baggerweieren am Wanter

Fiichtgebitt zu Menster

E Guide kennt bei Iech an är Gemeng E flexibele Programm a flotter Natur Dir kënnt en halwen oder e ganzen Dag virgesinn Stellt äre perséinleche Programm mam Guide zesummen

Cycle 1 préscolaire bis 4

D’Natur am Laf vun de JoreszäitenHierschtfaarwen, Friichten a Som, d’Liewen am doudegen Holz, Iwwerwanteren, Spuren, Fréibléier, Keimlingen a Knospen, Summerhëtzt an Dréchent: firwat hu mir iwwerhaapt Joreszäiten, a wéi een Afloss hunn se op d’Liewen an der Natur?

Fir de Kanner ze erlaben déi 4 Saisonë mam natur musée kennen ze léieren, ass et méi-glech, fir all Joreszäit eng Animatioun unzefroen, respektiv dat Ganzt iwwert 2 Joer lafen ze loossen

D’Natur an ärer Gemeng

d’ ganzt Joer

Page 24: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

24

Cycle 1 préscolaire bis 4

d’ganzt Joer

Eraus an de BëschDe Bam: säi Liewenswee, säin Opbau, seng Awunner. E Bësch ass méi wéi nëmmen eng Unzuel vu Beem: säin Opbau, säin Notzen, Zesummenhäng vu Buedem, Planzen an Déieren.

Fir d’Klassen aus der Stad Lëtzebuerg:Op Ufro kënne mir Iech e flotte Bësch ronderëm d’Stad Lëtzebuerg proposéieren, wou dir mat engem städtesche Bus kënnt hifueren.

Cycle 1 prèscolaire bis 4

November bis Mäerz

Wanter am BëschD’Déieren am Bësch gesi mer seelen, mee hir Spure verroden eis wou se sinn! Wou halen se sech op, wat friesse se, wéi iwwerliewe se de Wanter? Firwat fléien déi eng Vigel fort an déi aner bleiwen hei? Dobanne léiere mer déi wichtegst Spure kennen, an da gi mer selwer op d’Sich.

Himmelsdéierchen & Co

D’Liewen am Waasser

Page 25: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

25

Eraus an de Bësch

Wanter am Bësch

Cycle 1 préscolaire bis 3.1

Mee - Juni

Himmelsdéierchen & CoMir maachen eis op d’Sich no allerlee Krabbeldéieren a probéieren erauszefannen, wat mer fonnt hunn. Wéi kënne mer Insekten a Spannen auserneenhalen? Flott Naturerfahrungspiller bréngen eis d’Liewensweis vun dësem klengen, interessante Gedéiesch méi no.

Cycle 3 a 4

Fréijoer a Summer

D’Liewen am WaasserMir ënnersichen e Weier oder eng Baach an Ärer Geigend a kucken, wat fir eng Déieren a Planze mer hei fannen. Vläicht kënne mer jo souguer unhand vun dëse Liewewiesen d’Qualitéit vum Waasser bestëmmen?

Page 26: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

26

Cycle 3 a 4

vu Mee un

D’Natur mat alle Sënner erliewenZesummen dobaussen d’Natur genéissen: genee kucken, lauschteren, fillen, richen a schmaachen. Naturspiller, wou mer eis an d’Verhale vu verschiddenen Déieren erafillen an d’Wichtegkeet vun de Sënner och fir eis erfuere kënnen.

Cycle 3 a 4

am Mee a Juni

Kache mat Kraider, keng Hexerei!Op eisem Spadséiergang duerch Bëscher a Wisen, léiere mir duerch Kucken, Richen a Schmaachen eng ganz Rei Kraider kennen. Datt si bei klenge Boboen, Schnapp, Bauchwéi a Schréibsen hëllefe kënnen, ass da kee Geheimnis méi. Datt si awer och an onse-rer Ernährung eng wichteg Roll spillen, kënne mer bei engem selwer zoubereetenen Mëttegiessen erausfannen.

Präis: 130€, frësch a gesond Liewensmettel abegraff

Heifir brauche mir allerdéngs e ganzen Dag.

Page 27: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

27

Kache mat Kraider, keng Hexerei!

Cycle 3 a 4

Fréijoer a Summer

Konscht am Bësch

Mat Naturmaterialien, déi mir dobausse fannen, maache mir Konschtwierker a si ganz kreativ matten an der Natur. All méiglech «Konschtstécker» hëllefen eis, verschidde Begrëffer a Verhalensweisen eng Kéier anescht auszedrécken.

Cycle 3 a 4

vum 1. Mäerz un

NaturrallyeNaturerfahrung, Spiller, Beobachtungen, Wëssensvermëttlung, Kreativitéit... dat alles a Form vun engem Rallye dobaussen an der Natur. Zesummen entdecken an erliewe mir dat Bescht, wat d’Natur ronderëm är Schoul ze bidden huet.

Page 28: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

28

Praktesch Informatiounen

D’Visite besteet aus enger Féierung iwwert de Site, respektiv duerch d’Natur bei ärer Schoul, verbonne mat vill Animatioun, praktesch Aarbecht an interessanten Observatioune fir d’Kanner. Dëst ass méiglech all Schouldag (ausser Samschdes), mueres tëschent 8.00 Auer an 12.30 Auer, nomëttes tëschent 13.30 Auer an 16.30 Auer oder e ganzen Dag mat Picknick.

Nodeems Dir iech online ugemellt hutt, gitt Dir vun eis kontaktéiert. Duerno schécke mir Iech eng definitiv Konfirmatioun mat den néidegen Erklärungen, enger Weebeschreiwung an enger Materiallëscht. Dir musst Iech selwer em den Transport vun Ärer Klass op dee jeweilege Site bekëmmeren.

Mir huele maximal 20 Kanner pro Guide!

Bei all Site gi mir Iech déi nooste Gare oder Bushaltestell vum ëffentlechen Transport un, a wéi laang der vun do nach musst zu Fouss goen. Sicht Iech är Verbindung op www.mobiliteit.lu eraus, a sot eis Bescheet wa mer de Rendez-Vous sollen upassen.

Suergt w.e.g. derfir, dass d’Kanner

dem Wieder entspriechend gekleet

sinn!

Wéini ? Wéi laang? Wat kascht dat?

Page 29: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

29

Praktesch Informatiounen

Wéini ? Wéi laang? Wat kascht dat?

En halwen Dag (+/- 3 Stonnen) 75€ / Grupp

En ganzen Dag (+/- 6 Stonnen) 100€ / Grupp

Är respektiv Gemeng, mat där Dir Iech ofgeschwat hutt, kritt an der Regel dës Käschte fir Animatioun verrechent.

Dir kënnt all dës Sujeten och als Schoulausflug oder als Vakanzaktivitéit ufroen.

Weider Informatiounen beim natur musée, Tel: 46 22 33 - 1 46 22 33 - 428 46 22 33 - 312

Fir d’Disziplin muss den Enseignant suergen, bei dem och

d’Responsabilitéit bleift.

Page 30: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

30

Iwwersiichts Tableau 1. Trimester

3.1DrauweliesGréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: Déieren am BëschManternach: Schatzkëscht BuedemManternach: Gräifvullen an EilenManternach: Beien a BléienKanecher Wéngert: Vugel a säi NaschtKanecher Wéngert: D’SchatzkaartDe Minett: d’Natur mellt sech zréckKoffergroufArboretum

Natur an ärer Gemeng

3.2DrauweliesGréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: MinettManternach: Schatzkëscht BuedemManternach: Gräifvullen an EilenManternach: de Buedem lieftManternach: Beien a BléienManternach: Hecke bidde LiewensraumKanecher Wéngert: Vugel a säi NaschtKanecher Wéngert: D’SchatzkaartDe Minett: d’Natur mellt sech zréckKoffergroufArboretum

Natur an ärer Gemeng

4.1DrauweliesGréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: MinettManternach: de Buedem lieftManternach: Beien a BléienManternach: Hecke bidde LiewensraumKanecher Wéngert: Vugel a säi NaschtKanecher Wéngert: D’SchatzkaartDe Minett: d’Natur mellt sech zréckKoffergroufArboretumBaggerweieren am Wanter

Natur an ärer Gemeng

4.2DrauweliesGréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: MinettManternach: de Buedem lieftManternach: Beien a BléienManternach: Hecke bidde LiewensraumKanecher Wéngert: Vugel a säi NaschtKanecher Wéngert: D’SchatzkaartDe Minett: d’Natur mellt sech zréckKoffergroufArboretumBaggerweieren am Wanter

Natur an ärer Gemeng

1 PréscolaireDrauweliesGréngewald: NaturspillerGréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: Déieren am Bësch

Natur an ärer Gemeng

2.1DrauweliesGréngewald: NaturspillerGréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: Déieren am BëschManternach: Schatzkëscht Buedem

Natur an ärer Gemeng

2.2DrauweliesGréngewald: NaturspillerEllergronn: Déieren am BëschManternach: Schatzkëscht Buedem

Natur an ärer Gemeng

Page 31: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

31

2. Trimester

3.1Gréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: Déieren am BëschIechternach Séi: D’Sauer als LiewensraumManternach: Schatzkëscht BuedemManternach: Gräifvullen an EilenDi faszinéirend Welt vum VullegesankDe Minett: d’Natur mellt sech zréckGeologie entdecken! - mam Michel LuciusKoffergrouf

Natur an ärer Gemeng

3.2Gréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: MinettIechternach Séi: Natur- a KulturrallyeIechternach Séi: D’Sauer als LiewensraumManternach: Schatzkëscht BuedemManternach: Gräifvullen an EilenManternach: de Buedem lieftManternach: D’SyrDi faszinéirend Welt vum VullegesankDe Minett: d’Natur mellt sech zréckGeologie entdecken! - mam Michel LuciusKoffergrouf

Natur an ärer Gemeng

1 PréscolaireGréngewald: NaturspillerGréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: Déieren am BëschIechternach Séi: Naturspiller

Natur an ärer Gemeng

2.1Gréngewald: NaturspillerGréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: Déieren am BëschIechternach Séi: NaturspillerManternach: Schatzkëscht BuedemDi faszinéirend Welt vum Vullegesank

Natur an ärer Gemeng

2.2Gréngewald: NaturspillerEllergronn: Déieren am BëschIechternach Séi: NaturspillerManternach: Schatzkëscht BuedemDi faszinéirend Welt vum Vullegesank

Natur an ärer Gemeng

4.1Gréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: MinettIechternach Séi: Natur- a KulturrallyeIechternach Séi: D’Sauer als LiewensraumManternach: de Buedem lieftManternach: D’SyrDi faszinéirend Welt vum VullegesankDe Minett: d’Natur mellt sech zréckGeologie entdecken! - mam Michel LuciusKoffergroufBaggerweieren am WanterFiichtgebitt zu Menster

Natur an ärer Gemeng

4.2Gréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: MinettIechternach Séi: Natur- a KulturrallyeIechternach Séi: D’Sauer als LiewensraumManternach: de Buedem lieftManternach: D’SyrDi faszinéirend Welt vum VullegesankDe Minett: d’Natur mellt sech zréckGeologie entdecken! - mam Michel LuciusKoffergroufBaggerweieren am WanterFiichtgebitt zu Menster

Natur an ärer Gemeng

Page 32: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

32

3. Trimester3.1Gréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: Déieren am BëschIechternach Séi: D’Sauer als LiewensraumManternach: Beien a BléienDi faszinéirend Welt vum VullegesankD’Liewen am Waasser - SténgefortKanecher Wéngert: De Vugel a säi NaschtKanecher Wéngert: D’SchatzkaartRollénger Baach - Laf vum WaasserDe Minett: d’Natur mellt sech zréckGeologie entdecken! - mam Michel LuciusKoffergroufArboretum

Natur an ärer Gemeng

3.2Gréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: MinettIechternach Séi: Natur- a KulturrallyeIechternach Séi: D’Sauer als LiewensraumManternach: Beien a BléienManternach: Hecke bidde LiewensraumManternach: D’SyrDi faszinéirend Welt vum VullegesankD’Liewen am Waasser - SténgefortKanecher Wéngert: De Vugel a säi NaschtKanecher Wéngert: D’SchatzkaartRollénger Baach - Laf vum WaasserDe Minett: d’Natur mellt sech zréckGeologie entdecken! - mam Michel LuciusKoffergroufArboretum

Natur an ärer Gemeng

4.1Gréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: MinettIechternach Séi: Natur- a KulturrallyeIechternach Séi: D’Sauer als LiewensraumManternach: Beien a BléienManternach: Hecke bidde LiewensraumManternach: D’SyrKanecher Wéngert: De Vugel a säi NaschtKanecher Wéngert: D’SchatzkaartRollénger Baach: Laf vum WaasserDe Minett: d’Natur mellt sech zréckGeologie entdecken! - mam Michel LuciusKoffergroufArboretum«Saturn»Fiichtgebitt zu Menster

Natur an ärer Gemeng

4.2Gréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: MinettIechternach Séi: Natur- a KulturrallyeIechternach Séi: D’Sauer als LiewensraumManternach: Beien a BléienManternach: Hecke bidde LiewensraumManternach: D’SyrKanecher Wéngert: De Vugel a säi NaschtKanecher Wéngert: D’SchatzkaartRollénger Baach: Laf vum WaasserDe Minett: d’Natur mellt sech zréckGeologie entdecken! - mam Michel LuciusKoffergroufArboretum«Saturn»Fiichtgebitt zu Menster

Natur an ärer Gemeng

1 PréscolaireGréngewald: NaturspillerGréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: Déieren am BëschIechternach Séi: Naturspiller

Natur an ärer Gemeng

2.1Gréngewald: NaturspillerGréngewald: Natur- a KulturgeschichtenEllergronn: Déieren am BëschDi faszinéirend Welt vum VullegesankD’Liewen am Waasser - Sténgefort

Natur an ärer Gemeng

2.2Gréngewald: NaturspillerEllergronn: Déieren am BëschIechternach Séi: NaturspillerDi faszinéirend Welt vum VullegesankD’Liewen am Waasser - Sténgefort

Natur an ärer Gemeng

Page 33: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

33

DE PANEWIPPCHENEng groussformateg, faarweg Zeitung mat Themen aus Natur an Ëmwelt. D’Sujeten, déi am «Panewippchen» behandelt ginn, gi mat Wëssenschaftler vum natur musée a mat Vertrieder vun de Ministären zesummen aus-geschafft a kannergerecht illustréiert. Si sinn der Aktualitéit vum natur musée ugepasst.

De «Panewippchen» ass op LËTZEBUERGESCH geschriwwen - ee Pluspunkt, dee vill Enseignanten ze schätze wëssen.

ABONNÉIERT DE «PANEWIPPCHEN»:

De «Panewippchen» kënnt 4 mol am Joer eraus a Joresabonnement fir eng -Schoulklass kascht:

Weider Informatiounen kritt dir ënnert dem Tel: 46 22 33 - 450 oder 46 22 33 - 1 oder iwwer E-mail: [email protected]

pro Kand fir e Joer

3,20€

Page 34: Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

Eise komplette Programm 2011-12 Visiten am natur musée Visiten Eraus an d’Natur Natur Mobil Science Mobil Panda Club Science Club

fannt dir op eisem internet Site iwwert deen dir iech och kënnt online umellen:

www.mnhn.lu/educatif/umeldung

Musée national d’histoire naturelleService éducatifTel: 462240 -312Fax: 462240 -315e-mail: [email protected]@mnhn.lu

deutsche Fassungversion française

www.mnhn.lu/educatif