MNHN Programm SE "visiten am musée"

32
visiten am musée programm service éducatif 2010-11 natur an der stad

description

programm service éducatif Mnhnl 2010-2011 "visiten am musée"

Transcript of MNHN Programm SE "visiten am musée"

Page 1: MNHN Programm SE "visiten am musée"

visiten am muséeprogrammservice éducatif

2010-11

natur an der stad

Page 2: MNHN Programm SE "visiten am musée"

visiten am natur muséewat bidde mir ?

Cycle 1.2 ...................................................................... Cycle 2 ........................................................................ Cycle 3 ......................................................................... Cycle 3a4 .................................................................... Cycle 4 ........................................................................ Cycle 4.2, Lycée’s Klassen .......................................

Mëttegiessen am natur musée........... Umeldeziedel.......................................... (an der Mëtt fir erauszehuelen)

Cycle 1.2 .......................................................................Cycle 2+3 ..................................................................... Cycle 4+Lycée’s Klassen ............................................

2

natur an der stad

extra ausstellungen......................................24 praktesch informatiounen .....................

wanderausstellungen .................................

468101215

1716

212122

2628

Page 3: MNHN Programm SE "visiten am musée"

visiten am natur muséewat bidde mir ?

3

2 klassen (gruppen) kënne mateneen fir deeselwechte sujet kommen(z.b. am Kader vum Team-Teaching

1 klass pro sujet

Féierungen an Animatioune fir all Schoulklassen (cycle 1.2 bis 4), Klassen aus dem Secondaire, mä och fir all anere Grupp.

natur an der stadDen natur musée huet mat sengem Site am Gronn eng eenzegaarteg Lag direkt nieft der Uelzecht, ëmgi vun impressionante Sandsteefielsen, déi eng ganz speziell Déieren- a Planzewelt opweisen. De Service éducatif bitt Féierungen dobaussen un, déi vum natur musée ausginn an d’Flora, d’Fauna oder d’Geologie vun der Stad als Thema hunn.

Dauer vun enger Visite: 2hPraïs: 45eur/Klass

Page 4: MNHN Programm SE "visiten am musée"

4

queesch duerch den natur musée 1. - 3. Trimester

Op dëser spannender Rees ronderëm d’Äerd, kënnen d’Kanner eppes iwwert de Sonnesystem, Vulkaner, Fossilien, Dinosaurier, Insekten, exotesch Déieren, awer och iwwert d’Déiere bei eis an de Mënsch gewuer ginn. Am Ufank vun der Visite kënnt Dir déi Themen uginn, déi Iech am meeschten interesséieren an zesumme mam Guide Schwéierpunkter setzen. D’Kanner kréien en Iwwerbléck iwwert déi fir si interes-santste Sujeten am Musée a si sécher begeeschtert fir duerno erëmzekommen.Aarbechtsheft fir d’Kanner

visiten am natur musée

Cycle 1.2

Page 5: MNHN Programm SE "visiten am musée"

wëllefchen a fiischen 2. Trimester

Viru laanger Zäit hunn de Wëllefchen an de Fiischen nach zesummen an eise Bëscher gelieft. Duerch eng un eis Zäit uge-passte Geschicht, erzielt mat Handpoppen, léiere mer déi zwee Kosenge besser kennen. De Fuuss intresséiert eis besonnesch,

mir kucken eis säi Fell a säi Gebëss un. Wat frësst en a wéi komme seng Kleng op d’Welt? Mir maachen eis op d’Sich no

senge Spueren am Musée.Aarbechtsheft fir d’Kanner

visiten am natur musée

Cycle 1.2

5

Page 6: MNHN Programm SE "visiten am musée"

visiten am natur muséedéierekanner 1. Trimester

Wie kraucht aus engem Ee a wie gëtt lieweg gebuer? Mir ënnersi-chen d’Eeër mol méi genee a kucken, wat do alles dran ass.Eis kleng lieweg Mais am Nascht hëllefen eis d’Mamendéieren an hir Fortpflanzung z’entdecken. Zu wéi enger Grupp gehéiere mir Mënschen iwwerhaapt? Wéi komme mir op d’Welt a wat brauche mir fir ze wuessen?Aarbechtsheft fir d’Kanner

déieren am wanter1. - 2. Trimester

Wéi schützen d’Déieren sech virun der Keelt am Wanter a wat friessen se? Wat maachen d’Vullen an der kaler Joreszäit? Firwat fléien déi eng fort an déi aner net? Wou wunnen Dachs, Kaweechelchen a Kéisécker am Wanter? Mir beschäftegen eis souwuel mat eenzelne Vullenzorten, wéi och mat Mamendéieren, wéi dem Réi, Hirsch a Wëllschwäin a maachen eis op d’Sich no hire Spueren.Aarbechtsheft fir d’Kanner

Cycle 2

Cycle 2

6

Page 7: MNHN Programm SE "visiten am musée"

visiten am natur muséefräschen an hir famill

3. Trimester

Wéi eng Fräschen, Mouken, Molchen a Salamanderen ginn et bei eis? Wéi gesinn d’Eeër vun de Fräschen aus? D’Kanner gesinn

d’Entwécklung vum Kauzekapp bis zum Fräsch an hunn och d’Geleeënheet lieweg Amphibien a Rou ze kucken, se unzepaken a

sech duerch flott Spiller opfalend Detailer ze mierken.aarbechtsheft fir d’kanner

safari1.-3. Trimester

Op deser spannender Safari duerch de Musée reese mer vun engem Kontinent zum nächsten a mir sichen eis iwwerall een

typescht Déier eraus, dat mer da besser kenne léieren.

Aarbechtsheft fir d’Kanner

Cycle 2

7

Cycle 2+3.1NEI!

Page 8: MNHN Programm SE "visiten am musée"

visiten am natur muséedéieren an aalt holz

1. Trimester Mat Hëllef vun engem Sichspill ginn eng ganz Rei Déiere virgestallt, déi hir typesch Spueren am Bësch hannerloossen. Wat fir eng Roll spillen al Beem an engem Bësch? Wie lieft nach am alen Holz a firwat? Datt et zum gudden Deel ëm d'Spiechte geet, sollen d'Kanner net virun der Visite wëssen.aarbechtsheft fir d’kanner

liewensraum bësch 2. Trimester

Et gëtt am Bëschbuedem gewullt, a wat mer do fannen, hëlleft eis scho sou munches iwwert de Bam, iwwert seng verschidden Deeler an seng Funktioune kennenzeléieren. Nieft de Spuerenofdréck am Buedem hannerloosse vill Bëschdéieren typesch Friessspueren, Kierperspueren a Wunnengen, déi eis verroden, wat fir en Déier do lieft. Mir probéieren och de Bësch mat eise Sënner ze ‘erliewen’.aarbechtsheft fir d’kanner

8

Cycle 3

Cycle 3

Page 9: MNHN Programm SE "visiten am musée"

9

visiten am natur muséegräifvullen an eilen

2. Trimester

Laang spatz Krallen, e staarke kromme Schniewel, schaarf Aen a wëll op d'Fleesch! Hei geet et ëm Eilen an aner Gräifvullen. Wéi erkenne mer déi verschidde Vigel erëm? Wat friessse si a wat fir

eng Roll spille si an der Natur?aarbechtsheft fir d’kanner

vum ee zum fräsch 3. Trimester

D'Kanner léieren déi verschidden Zorten Amphibien, déi bei eis am Land virkommen, kennen: Fräschen, Mouken, Salamanderen a Molchen. D’Entwécklung vum Kauzekapp bis zum Fräsch gëtt

erkläert. Et gëtt net nëmme gekuckt, et däerf een och upaken. aarbechtsheft fir d’kanner

Cycle 3

Cycle 3

Page 10: MNHN Programm SE "visiten am musée"

10

insekten a spannen3. Trimester

Wéi hält een Insekten a Spannen auserneen?Mir kucken eis hire Kierperbau an hir Sënnesorganer ënnert der Lupp un. Verschidde ‚Krabbeldéieren’ kënne sech wonnerbar virun ire Feinde verstoppen. Mir loossen eis och vun e puer liewegen Exemplaren iwwerraschen. Wat ass esou schéinun enger Méck? Wéi entwéckelt se sech? Sollen déi Plogeeschter net och fir eppes nëtzlech sinn? aarbechtsheft fir d’Kanner

knackeg frësch! gaardegeméis3. trimester

Gedämpt, gebroden, gebak oder vläicht verbrutscht: wat ass dat fir eng Vitaminebomm, déi mer - méi oder manner gären - dagdeeglech um Teller hunn? Wou kënnt eis d’Geméis hir a wéi ee ‚Gréngs’ gouf et fréier zu deene verschiddene Joreszäiten? D’Kanner kréien d’Geleeënheet ze schmaachen a mir maachen och en Tour duerch dee schéine Geméisgaart vun der Stad Lëtzebuerg.aarbechtsheft fir d’Kanner

visiten am natur muséeCycle 3

Cycle 3+4

Page 11: MNHN Programm SE "visiten am musée"

visiten am natur musée

11

wiederstatioun 1. trimester

Am Muséesgaart steet eng richteg Wiederstatioun. Hei beobachten a moosse mir, wéi ee Wieder mer grad hunn.

Mat Hëllef vu klengen Experimenter ginn d’Wiederphänomener, déi sech an der Atmosphär ofspillen, einfach erkläert. Mir ënnersichen en aktuellt Satellitebild a kucken, wéi d’Meteorologe probéieren d’Wieder virauszesoen.

groussen observatiounspouster (fir d’Wiederbeobachtungen an der Schoul opzeschreiwen)

aarbechtsheft fir d’Kanner

rallye duerch den natur musée1.-3. trimester

D’Kanner kréien eng Brochure mat op de Wee, an all Sall sinn e puer Aufgaben ze léisen. Wie fënnt dann zum Schluss d’Léisungswuert

eraus?Ziel ass et ze léieren, wéi een an engem Musée Äntwerten op seng Froe kritt. Dëse Rallye ka mat oder ouni Guide vum Musée oflafen;

en ass och flott fir eng Visite mat der Famill a fir d’Touristen.aarbechtsheft fir d’kanner (op däitsch a franséisch)

Cycle 3+4

Cycle 3.2+4

Page 12: MNHN Programm SE "visiten am musée"

äerd vun uewen3. Trimester

Mat Hëllef vu Satellitebiller a Photoen aus dem Fliger entdecke mer Wolleken, Land a Mier, den tropësche Bësch, d’Wüsten an dat éiwegt Äis. Mir schwätzen iwwert d’Satelliten, de Klimawandel, déi weltwäit Energieversuergung, genuch Iesswuere fir jiddereen an iwwert eng ekologesch Liewensweis.

fossilien d’geschicht vum liewen

1. trimester

Wat ass e Fossil a wéi ass en entstan? D’Kanner gi selwer op d’Sich no Fossilien an deene verschiddene Géigende vum Land a pro-béieren erauszefannen, wat fir Liewewiesen et sinn. Wéi al ass ee Fossil an aus wat fir enger Gestengsschicht kënnt en? D’Fossilien an d’Modeller aus dem “Evolutiounssall” erzielen d’Entwécklungsgeschicht vun den éischte Liewewiesen bis bei de Mënsch an d’Déiere vun haut.aarbechtsheft fir d’kanner

visiten am natur musée

12

Cycle 4+Secondaire

Cycle 4+Secondaire

Page 13: MNHN Programm SE "visiten am musée"

rees duerch eise sonnesystem

2. trimester

Wéi gesi mir d'Sonn an de Mound um Himmel viru goen? Firwat liicht d’Sonn esou staark? Firwat hu mer Vollmound an Neimound?

Wéi entstinn d'Joreszäiten? Wéini schwätzt ee vun enger Mounddäischtert a wéini vun enger Sonnendäischtert? Wat mer méi

wäit reesen, wat mer och aner Planéiten ze gesi kréien. Firwat kann op dëse Planéite kee Liewen entstoen?

aarbechtsheft fir d’kannerdossier fir den enseignant

mënsch, wie sinn ech ?3. trimester

Hei gi mer eppes méi iwwert eis Mënsche gewuer! Wéivill Leit gëtt et op der Welt? Sinn ech eenzegaarteg?

Wéi ass mäi Kierper opgebaut? Wéi entsteet e neie Mënsch a wéi kënnt e Kand op d’Welt?

aarbechtsheft fir d’kanner

visiten am natur musée

13

Cycle 4+Secondaire

Cycle 4+Secondaire

Page 14: MNHN Programm SE "visiten am musée"

dynamesch äerd 1.-3. trimester

Wéi gesäit eis Äerd vu bannen aus? Wéi ass et méiglech, dass d’Kontinenter d’Plaz wiesselen an d’Bierger ëmmer méi héich ginn? Wéi entsteet e Vulkan? Kënnen et och bei eis Äerdbiewe ginn?Puzzelen, Modeller, Filmer an Experimenter hëllefen de Kanner am Sall vun der Äerd déi richteg Äntwerten op hir Froen ze fannen.

steng vu lëtzebuerg1. Trimester

Wat fir eng Steng ginn et an deene ver-schiddene Regioune vum Land, wéi si se entstan a wéi kënne mir se vuneneen ënnerschee-den? Unhand vu verschiddenen Tester léieren d’Kanner d’Steng selwer - wéi e richtege Geolog - z’analyséieren, a gesi wéi e prakteschen Notzen se hunn. E gudde Start fir de Geographiesprogramm vum 6. Schouljoer! aarbechtsheft fir d’kanner

14

visiten am natur muséeCycle 4+Secondaire

Cycle 4+Secondaire

Page 15: MNHN Programm SE "visiten am musée"

evolutioun1.-3. trimester

Vum Urknall bis zu den haitege Liewewiesen: wéi huet d’Liewen op eiser Äerd sech lues a lues entwéckelt,

firwat si verschidden Déieren a Planzen nees ausgestuerwen, wéini ass de Mënsch entstan a firwat konnten déi eng sech an enger

neier Ëmgéigend besser duerchsetzen wéi anerer? Op dës Froen a vill anerer probéiere mer mat Hëllef vun eisen Ausstellungsstécker, Fossilien a Skeletter eng Äntwert an eisem

Evolutiounssall ze fannen.

mikroskopie3. Trimester

Hei léieren d’Kanner wéi ee mat engem Mikroskop ëmgeet. Si präparéieren hir Lame selwer an ënnersiche Saachen,

déi ee mam bloussen A net gesäit. Wéi gesäit eng ‘Zell’ aus a wat fir eng Roll kann se hunn?

aarbechtsheft fir d’kanner

visiten am natur musée

15

Cycle 4.2+Secondaire

NEI!

Cycle 4.2+Secondaire

Page 16: MNHN Programm SE "visiten am musée"

16

Mettegiessen am natur muséemenu fir gruppen:Plangt no ärer Visite e Mëttegiessen an der cafeteria

MENU FIR GRUPPEN: Primär / LycéeBio-Spaghetti Bolognese 7 / 8 EUR Bio-Gratin de Macaroni aux petits légumes 7 / 8 EURBouchée à la Reine 7 / 8 EUR

Gedrénks a Bio-Glace sinn am Präis abegraff.

Reservéiert w.e.gl. um Telefon vun der Cafeteria: 46 22 40 – 303

Bei guddem Wieder fannt Dir am Gaart vum natur musée laanscht d’Uelzecht Plaz.

Et ass och méiglech, äre Picknick matzebréngen, dir musst awer an der Cafeteria nofroen, wéinst der Plaz!

Page 17: MNHN Programm SE "visiten am musée"

21

natur an der stad krabbeldéieren

3. trimester

Mat Netz a Becherlupp gi mer dobaussen op d’Sich no liewege Krabbeldéieren. Mir léieren déi verschidden Insekten an

‘Net’-Insekten un hirem typesche Kierperbau ze ënnerscheeden a probéieren se aus Plastilin ze modelléieren.

aarbechtsheft fir d’kanner

mat der waasserdrëps op d’rees

3. trimester

Mat Spiller an Experimenter gi mer zesumme mat der Waasserdrëps op eng spannend Entdeckungsrees. Mir kucke firwat et

reent, firwat eis Wäsch op der Léngt dréchent a mir probéieren d’Kraaft vum Waasser aus.

Um eegene Kierper an am Grupp maachen d’Kanner Erfahrunge ronderëm d’Thema Waasser; si verstinn d’Roll vum Waasser an der

Natur a léiere ganz niewebäi, firwat mer d’Waasser net verbëtzen a verknaschte sollen.

aarbechtsblieder fir d’kanner

naturspiller laanscht d'uelzecht3. Trimester

Duerch vill flott Spiller dobaussen entdecke mir d’Déieren an d'Planzen an der Uelzecht souwéi bei de Fielsen.

Mir léieren hire Liewensraum an hir Liewensweis kennen: 21

Cycle 1.2

Cycle 1.2

Cycle 2+3.1

Page 18: MNHN Programm SE "visiten am musée"

natur an der stadMir jäize wéi eng Fliedermaus, joen Eidechse wéi en Tuermfallek, fësche wéi de Groräer.... Méi verrode mir elo net; dot al Kleeder un a loosst iech iwwerraschen!aarbechtsblieder fir d’kanner

déieren a planzen um wenzelspad3. Trimester

Mir entféieren Iech eraus an déi eenzegaarteg Landschaft vun der Alstad: laanscht d’Fielsen, d’Uelzecht an iwwert d’Wenzelsmauer. Kleng Experimenter weisen eis wéi d’Planzen op de Fielsen iwwerhaapt kënnen iwwerliewen a wou een d’Bloderkraut oder d’Hexemëllech ka gebrauchen. Vläicht entdecke mir och e puer Déieren, wéi de Groräer, de Steekueb oder d'Waasserhénkelchen. Op dësem Tour gitt Dir och eppes méi iwwert d’Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg gewuer.aarbechtsheft fir d’kanner

wéi propper ass d’Uelzecht ? 3. Trimester

Mat Netz a Pinsel klamme mir an (!) d'Uelzecht op d’Sich no klengen Déieren: Waasserasselen, Larwe vun Insekten, Spierkelcher (Stichlinge) an aner kleng Waasserdéieren, déi ee mat bloussem A oder mat enger Lupp erkenne kann. Mir ënnersichen d’Waasser awer och nach ënnert dem Mikroskop an entdecken esou déi winzeg, mee net manner interessant Déieren- a Planzewelt aus der Uelzecht.aarbechtsblieder fir d’kanner

Cycle 4+Secondaire

Cycle 4+Secondaire

22

Page 19: MNHN Programm SE "visiten am musée"

21

geologie vun der stad lëtzebuerg 1.+3. trimester

Maacht mat eis en Tour eraus an d'Stad, versetzt Iech an d’Roll vum Geolog a léiert duerch verschidden Experimenter onse Lëtzebuerger Sandstee kennen, aus dem

d’Fielsen, d’Iwwerreschter vun der Festung Lëtzebuerg a vill historesch Gebeier aus der Alstad bestinn.

Mir gesinn, wéi d'Fielsen entstan sinn, wouduerch dat grousst Dall gegruewe ginn ass a wou onst Drénkwaasser hirkënnt.

naturrallye am gronn am kader vun de « rallyes natures nationaux 2010/2011 »

e mëttwoch, den 18. mee 2011 vun 9 h00 bis +- 13h30D’Kanner maachen en Tour vun +- 4 Stonnen dobausse ronde-

rëm den natur musée am Gronn. Ënnerwee si si selwer ganz aktiv, maache Spiller, äntwerten op sëlleche Froen a ginn op deenen 12

Statioune vill Interessantes iwwer Déieren, Planzen a Steng gewuer.All weider Detailer kritt dir no ärer Umeldung. (Umeldeziedel an der Mëtt vun

dëser Brochür) Et kënne maximal 15 Klasse matmaachen.

natur an der stad

23

Cycle 4+Secondaire

Cycle 4

Page 20: MNHN Programm SE "visiten am musée"

extra ausstellung

24

Eise Geschmaach ass ganz individuell, fir deen ee schmaacht eppes gutt, deen anere fënnt et eekleg. Oft si ganz perséinlech Erfahrungen mat eisem Goût verbonnen.An dëser Expo kënnt dir är eege Schmaach-Experienze maachen. Wéi wäit iessen d‘Ae mat? Wéi fillt d’Iessen sech op der Zong un? Pickt et? Net ze waarm? Kréie mer méi Appetit, well et extra gutt richt? Kënnt dir eenzel „Molekülen“ erausrichen? Wat hunn typesch Lauter mat eisem Geroch ze dinn? Léisst eise Goût sech och duerch Faarwe beaflossen?

Am Beräich « Miam miam » kënne kleng Kanner op de Maart goen. Si roden wéi en Déier oder wéi eng Planz zu hirer Iesswuer passt. Et gëtt vill ze schmaachen, re richen, ze fillen, z‘entdecken,…

Visiten vum Cycle 1.2un a fir

Lycée’s Klassen

Page 21: MNHN Programm SE "visiten am musée"

2125Visiten vum C

ycle 3

un a fir

Lycée’s Klassen

Page 22: MNHN Programm SE "visiten am musée"

praktesch informatiounen

26

-> online um Internet: www.mnhn.lu/educatif/unmeldung

-> fëllt dee wäissen Ziedel an der mëtt vun der Brochure komplett aus, schéckt en un den natur musée/service éducatif

mir kontaktéieren iech am Laf vum Schouljoer a proposéieren Iech e Rendez-Vous op Grond vun äre Sujets-Wënsch an ärer Disponibilitéit.

wéi leeft d’visite of?E Guide vum Service éducatif iwwerhëlt d’Klass, awer fir d’Disziplin muss den Titulaire suergen, bei dem och d’Responsabilitéit bleift.Schwätzt de Choix vun der Visite mat ärer neier Klass of, fir dass se net zweemol fir deeselwechte Sujet kënnt.Eng Virbereedong ass net noutwendeg an och net erwënscht! Zu verschiddenen Theme kréien d’Kanner am Musée en Aarbechtsheft, dat et erlaabt, de Sujet an der Schoul ze verdéiwen.

Wëllt Dir mat enger anerer Klass zesummekommen?An deem Fall mussen déi 2 Klassen en Umeldeziedel eraschécken an den Numm vum Titulaire vun der 2. Klass uginn.Nëmme bei folgenden (Symbol 2 Klassen) Themen ass et méiglech, dass 2 Klassen zesumme fir deeselwechte Sujet kommen.Bei all anere Sujetë (Symbol 1 Klass) kënnen 2 Klasse fir 2 verschidden Theme kommen, wann et organisatoresch fir eis méiglech ass.

oder

Page 23: MNHN Programm SE "visiten am musée"

2125

Visite guidéepro Klass / Grupp, Entrée abegraff

: 45€

wéini?Visite si méiglech tëscht 8:3O Auer a 17:OO Auer.

Méindes mëttes ass den natur musée zou.

Dir kënnt och am Musée eppes iessen oder am Gaart picknicken. Mellt Iech w.e.gl. virdrun an der Cafeteria un Tel: 46 33 33 – 3O3

wéi laang?Visiten am ‚natur musée’ an ‚Natur an der Stad’: 2 Stonnen.

Dës Zäit ka bei Transportprobleemer ugepasst ginn.

transportDe Bus kritt am Gronn net gedréit an kann net an d’Rue Münster erafueren!

Klammt bei der Kathedral um bvd. Roosevelt eraus an huelt de Lift um Helleg Geescht Plateau fir an de Gronn.

Dir kënnt och an der schaarfer Kéier vun Rue de la Tour Jakob (Clausen) erausklammen an zu Fouss bis an de Musée goen (+- 5 min)

Vun der Stater Gare aus braucht der 15-20 Minutten zu Fouss bis an den natur musée.

wat kascht dat ?Visite guidée : 45 euros pro Klass / Grupp, Entrée abegraff.Är Gemeng kritt dëse Montant verrechent, zesumme mat de Käschte fir d’Aarbechtsmaterial, dat Dir mathuelt (tëscht o,5€ - 1€/Kand, jee no Sujet).Dir kënnt och selwer bezuelen, direkt an der Keess oder géint Rechnung un Iech adresséiert.

Wann dir selwer mat ärer Klass am Musée wëllt schaffen, réservéiere mir Iech kee Guide. Präis: 25€/Grupp

wéi mellt dir iech un ?

Page 24: MNHN Programm SE "visiten am musée"

vum ‘natur musée’ fir auszeléinen

knackig frisch ! – genuss aus dem gemüsegarten De Mënsch huet scho virun 10.000 Joer, säit hie méi sesshaft ginn ass, ronderëm sengem Haus Planzen ugebaut, déi hie fir seng Ernährung gebraucht huet. Ass et haut nach méiglech déi ursprénglech wëll Planz ze erkennen? Wat fir Zorte Geméis kenne mir haut? Op enger Weltkaart fanne mer eraus, wou déi eenzel Geméiszorten hirkommen. Wéi ënnerscheet ee Geméis an Uebst? Wéini ass déi richteg Saison fir déi eenzel Zorten? Vu wéi engem Planzendeel kommen déi verschidde Geméiszorten hir? Déi wichtegst Geméis-Famille gi präsentéiert.

Ausstellung, déi 2006 am Kader vum 75 te Gebuertsdag vun der Fédération horticole vum natur musée konzipéiert gouf.aarbechtsheft fir d’kanner

wanderausstellungen

28

14 PannoënLocatiounspräis:

100 €

Page 25: MNHN Programm SE "visiten am musée"

2129

faszinatioun beien

Am Summer fléien si fläisseg ronderëm, vu Bléi zu Bléi, mir iessen hire séissen Hunneg mat Genoss, an dach wësse mir net genuch iwwert dës sozial Insekten, déi ënner anerem dofir suergen, dass d’Beem vill Friichte kréien. Wéi gesäit e Beiestack vu bannen aus ? Wat ënnerscheed d’Kinnigin vun der Aarbechterin oder der männlecher Bei (Dron)? Wéini hält d’Kinnigin op mat Eeër leeën? Wat sinn d’Aarbechte vun emgem Imker am Laf vum Joer?E Bléck an d “Beiewëssenschaftskëscht” verréit eis wéi e Beiegehir ausgesäit, am Beierestaurant waarden déi schéinste Bléien a mir kréien eng Idi wéivill Faarwen eng Bei gesäit.

Eng Ausstellung vum “ Imkerverein Kanton Capellen “ , déi an Zesummenaarbecht mam natur musée ausgeschafft ginn ass.

1 groussen zentralen S-Form Panno7 Info-Këschte mat Mini-Pannoe fir erauszezéien1Film-Këscht (vun der Bléi zur Kiischt)

1 Elektro-Quiz

wanderausstellungenvum ‘natur musée’ fir auszeléinen

gratis

Page 26: MNHN Programm SE "visiten am musée"

vum ‘natur musée’ fir auszeléinenX-tra, X-oSi mir eleng am Universum?Säit 1995 wësse mer, dass et Planéite ginn, sougenannten Exoplanéiten, déi ronderëm aner Stären an eiser Galaxie kree-sen. Wéi gesinn déi komesch Welten iwwerhaapt aus? Wéi ginn déi Planéiten entdeckt? Wat erlaabt dem Astronom esou vill iwwert dës Welten ze kennen? Wéi eng Rätselen ginn eis dës Entdeckungen awer nach?Ass d’Äerd deen eenzegen Himmelskierper, wou et Liewe gëtt oder ginn et aner Liewewiesen op anere Plazen am Universum? Kéinte mer eng Kéier mat aner intelligente Zivilisatione Kontakt ophuelen?Äntwerten op dës Froë fannt dir an der Ausstellung «X-tra, X-o» vum natur musée. Déi Austellung gëtt et an zwou Sproochen, eng däitsch Versioun an eng franséisch.Pro Versioun: 2 grouss Pannoen an S-form (B: 2,6m, D: 1m, H: 2m) a 4 kleng Pannoen (B: 0,8m H: 2m)Zielpublikum: Schoulklassen aus dem Lycée, Jugendlecher an Erwuessener.

tiefgekühltAm Kader vum internationale Polarjoer ass dës Ausstellung vum natur musée ausgeschafft ginn a geet elo op den Tour.

Huet den Nord- an de Südpol eppes mat eisem Klima ze dinn? Wéi sinn d’Liewenskonditiounen an de Polarregiounen? Wéi sinn d’Liewewiesen un déi extrem Keelt ugepasst?

wanderausstellungen

30

gratis

Page 27: MNHN Programm SE "visiten am musée"

2131

bumerang ! Thema: NohaltegkeetDës Wanderausstellung, déi de Naturmusée zesumme mat den zwee

Naturparken Our an Uewersauer entworf huet, versicht dat komplext Thema ‚Nohaltegkeet’ unhand vu konkrete Beispiller aus dem alldeeg-

leche Liewen ze erklären. D’Ausstellung behandelt folgend Sujeten:

wéi gesäit et op eisem Planéit aus?wat ass ‚Nohaltegkeet’?

Konsum an Offalll wat ass en ökologesche Rucksak?

Klimaverännerung wou kënnt Energie hir?

Erneierbar Energiequellen Schatzkëscht Bësch

Waasser Mobilitéit an Tourismus ökologesche Foussofdrock

Mat ville Biller, BDen, interaktiven Elementer an Texter ginn d’Kanner gezilt ugeschwat.

Reservatioun beim Naturpark UewersauerTel.: 908188-36

wanderausstellungenvum ‘natur musée’ fir auszeléinen

gratis

Page 28: MNHN Programm SE "visiten am musée"

vum ‘natur musée’ fir auszeléinenréservatioun vu wanderausstellungenWann Dir interesséiert sidd, fir eng vun dësen Ausstellungen fir eng bestëmmten Zäit (minimum 2 Wochen) fir Är Gemeng oder Schoul ze reservéieren, da rufft w.e.gl. u beim

Service technique et muséologique’ vum ‘natur musée’. Tel.: 46 22 40 – 305 Hei kritt Dir weider Informatioune wat d’Reservatioun vun Ausstellunge betrëfft.

Et ass op Ufro méiglech, dat ee Mataarbechter vum natur musée déi gewënschten Ausstellung fir all interesséiert Enseignante virstellt.

D’Konditioune vum Verléine vun der Ausstellung gi kontraktlech gereegelt tëschent dem natur musée an Ärer Gemeng.

wanderausstellungen

32

Page 29: MNHN Programm SE "visiten am musée"

de panewippchenEng groussformateg, faarweg Zeitung mat Themen aus Natur an Ëmwelt.Informatiounen aus der Déieren- a Planzeweltvun eiser Ëmwelt, vum Universum,...Experimenter, Bastlereien,Rätselen an Denkspiller.Geschichten a MäerecherDéiereportraiten a Form vu Bande Dessinée.Vill News a vill Fotoe vu Panda-Cluban aneren Natur-Aktivitéiten.E grousse Poster fir opzehänken an och fir an der Schoul dermat ze schaffen.D’Themen, déi am «Panewippchen» behandelt ginn, gi met Wëssenschaftler vum natur muséea mat Vertrieder vun de Ministären zesummenausgeschafft a kannergerecht illustréiert.Si sinn der Aktualitéit vum natur musée ugepasst.De «Panewippchen» ass gréeisstendeels obLëtzebuergesch geschriwwen- ee Pluspunkt, deevill Enseignanten ze schätze wessen.

abonnéiert de “panewippchen”:de "Panewippchen” kënnt 4 mol am joer erause joresabonnement fir eng schoulklass kascht3.20 eur/Kandweider informatiounen kritt dir ënnert dem tel: 46 22 33 -450 oder 46 22 33 -1oder iwwer email: [email protected]

pro kand fir e joer

3,20 €

Page 30: MNHN Programm SE "visiten am musée"

science club

25, rue münster

l-2160 lëtzebuerg

tel: 46 22 33 - 450

fax: 46 22 33 - 451

e-mail: science-

[email protected]

De „Science Club“ ass eng

Initiativ vum ‘naturmusée’

(www.naturmusee.lu) an

Zesummenaarbecht mat der

‘Université de Luxembourg’

(www.uni.lu) an de ‘Jonk

Fuerscher Lëtzebuerg’

(www.ajsl.lu).

Mir setzen 5 mol am Joer en

intressante Programm op

d‘Been a soen dem „Fonds

National de la Recherche“

(www.fnr.lu) merci fir seng

finanziell Ënnerstëtzung.

Loscht op Wëssenschaft

Wat gëtt gebueden ?verschidden technesch a wëssenschaftlech Workshopen an Experimenter

intressant wëssenschaftlech Ausstellungen am In- an Ausland kucke goen

„Science Camp“...

Gitt Member vum Science-Club: Gratis Aschreiwung. Et gëtt en Onkäschtebäitrag fir d’Aktivitéit gefrot. All Member kritt 5 mol am Joer de “Science News”, d'Programmheft vum Science Club, zougeschéckt.

Page 31: MNHN Programm SE "visiten am musée"

Loscht op NaturDe Panda-Club organiséiert Natur- a Fräizäitaktivitéite fir Kanner vu 6-10 Joer.

An der Schoulzäit Dënschdes an Donnëschdes mëttes vu 14.30 bis 17.00 Auer. An der Vakanz all Dag.

Doriwwer eraus organiséiert de Panda-Club Weekender, Campen an Auslandsreesen.

Wat gëtt gebueden? Déieren a Planze kenneléieren dobaussen an dobannen, mat Lupp, Spektiv oder Nuetssiichtgerät Sortien an d’Natur Praktesch Aarbechten um Terrain: Beem planzen, Steng klappen, Fossilie sichen Weier uleeën Schaffe mat Lupp a Mikroskop am natur musée an am Musée-Bus Experimentéieren, Bastelen an Handwierkeren Naturspiller, Rallyen, Adventuresortien

Gratis Umeldong; en Onkäschtebäitrag gëtt bei deenen eenzelenen Aktivitéiten gefrot.

All Panda-Club Member kritt 5 mol am Joer de “Panda-News”, Programmheft vum Panda-Club a 4 mol am Joer de “Panewippchen”, Zeitung vum vum Panda-Club zou-geschéckt.

Info an Umellen:Panda-Club

25, rue MünsterL-2160 Luxembourg-Grund

www.panda-club.luTel.: 46 22 33- 450

Page 32: MNHN Programm SE "visiten am musée"

Die deutsche Fassung des museumspädagogischen Programms finden sie unter: Téléchargez la version française du programme éducatif en ligne sous:

-> www.mnhn.lu /educatif

Eise komplette Programm (Musée-Bus, Galileo Science-Mobil, Panda-Club, Science-Club a Visiten‘mam musée an d’Natur’ fannt Dir op eisem Internet Site iwwert deen Dir iech och kënnt online umellen

-> www.mnhn.lu /educatif/umeldung

Musée national d’histoire naturelleService éducatif25, rue MünsterL-2160 Luxembourgtel: 462240-312/400

[email protected]